Radioen

On air

Al Schanken  |  The Resentments - Nobody Gets Hurt

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Romain Schmit: "Matzen am nächste Sträit"

Reform vun Aarbechtszäiten

Romain Schmit: "Matzen am nächste Sträit"

De Generalsekretär vun der Handwierkerfederatioun ass enttäuscht: wéinst de schlechte Sondagewäerter géif d'Regierung (a besonnesch d'LSAP) sech vum OGBL dreiwe loossen. Dat géifen der Regierung hir Pläng fir déi nei Regelung vun den Aarbechtszäite weisen. De Romain Schmit freet sech, ob d'DP nach weess, wien hir Wieler sinn.

auto_stories

4 min

De Romain Schmit war den 30. Abrëll 2016 Invité a 'Riicht Eraus'

"Den OGBL huet effektiv e gudde Match gemaach", esou de Romain Schmit an der Emissioun Riicht Eraus. An den Diskussiounen iwwer d'Reform vun den Aarbechtszäiten hätt déi blo-rout-gréng Regierungskoalitioun dem OGBL nämlech an de grousse Linne Satisfaktioun ginn.

​Der Regierung hir Sondagewäerter

Datt DP, LSAP an Déi Gréng "vum OGBL gedriwwe ginn", féiert de Generalsekretär vun der Handwierkerfederatioun op déi schlecht Wäerter vun der Regierung an den Ëmfroen zeréck. Firwat déi zwee Koalitiounspartner vun der LSAP de Virschlag vum Aarbechtsminister Nicolas Schmit (LSAP) matdroen, weess de Romain Schmit net: "Hu si sech uschäisse gelooss? Hu si den Dossier net kannt?". D'DP misst drun denken, datt hier Wieler anerer si wéi déi, déi d'Pläng vum Aarbechtsminister gutt heeschen.

E Joer laang hu Regierung, Gewerkschaften a Patronat ouni Succès verhandelt. An der Ried zur Lag vun der Natioun (26. Abrëll) huet de Premier Xavier Bettel (DP) annoncéiert, datt d'Regierung tranchéiert huet.

Rauen Toun bei de Patronatsvertrieder

Der Regierung hir Pläng wieren e "Réckschrëtt" par Rapport zu den aktuelle Bestëmmungen. Fir d'Betriber bedeite se manner Flexibilitéit an e Réckgang u Produktivitéit, esou de Romain Schmit. Dofir wier et nëmmen normal, datt de Patronatsdaachverband UEL seng Ongedold an Onzefriddenheet an esou däitlechen Téin ausdréckt.

D'Gesetz soll an Zukunft beim Ausrechne vun de Schaffstonne vun de Salariéeë méi laang Referenzperiode méiglech maachen, soll awer och bis an den Detail definéieren, wéi vill Stonne pro Mount erlaabt sinn a wéi vill Congésdeeg déi concernéiert Salariéen dofir bäikréie mussen. De Romain Schmit nennt dat e "Costume, an deem d'Betriber sech net méi beweege kënnen".

Zentralistesch Vue vum OGBL ?

Hannendru géif sech dem OGBL säin Zil verstoppe fir méiglechst vill zu Esch an der Gewerkschaftszentral ze decidéieren. Da géif näischt méi an de Betriber decidéiert an näischt un d'Personaldelegatiounen delegéiert ginn. Da wieren d'Delegéiert just nach "dofir do, fir schéin ze maachen".

​D'Patronat hätt léiwer gehat, dat geplangtent Gesetz wier manner rigide a géif méi Fräiraum loosse fir Léisungen am Betrib ze fannen, zesumme mam Personal. De Romain Schmit deelt d'Meenung vum LCGB, datt och vill Salariéen u méi Suen amplaz u méi Congé interesséiert sinn. Wann an Zukunft gesetzlech geregelt gëtt, datt e Salarié bei méi laanger Referenzperiod bis zu 3,5 Congésdeeg méi ze gutt huet, géif dat zousätzlechen Drock op d'Verhandlunge fir d'Kollektivverträg schafen.

Trotzdem hofft d'Handwierkerfederatioun, datt den Aarbechtsminister bereet ass, nach iwwer Ännerungen u senge Pläng ze diskutéieren. ​Hie wier sech awer bewosst, datt et fir d'Regierung schwiereg wier fir nees zréck ze rudderen, esou de Romain Schmit.