Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ryanair, eng Gefor?

Findel

Ryanair, eng Gefor?

Ryanair operéiert vum 1. September un och um Findel. Mat den Destinatioune Porto a London, stellt d'Bëllegfluchgesellschaft fir d'Luxair "eng grouss Konkurrenz an eng Gefor" duer. Den OGBL kritiséiert sengersäits Sozialdumping a fäert Drock op d'Salariéen bei der Luxair. Ryanair selwer verwerft all Virwërf.

auto_stories

4 min

Ryanair wëll zur zweet gréisser Airline um Findel ginn. De Chef vum Marketing bei Ryanair, de Kenny Jacobs mengt, Lux-Airport kéint vun aktuellen 2,5 Millioune Passagéier d'Joer op 4 Millioune wuessen. D'iresch Bëllegfluchgesellschaft wëll ee Véierel vum Kuch.

Am September ginn nei Optioune studéiert. Nei Ryanair-Destinatioune vum Findel op zum Beispill Madrid, Barcelona, Dublin oder Berlin.

Adrien NeyDem Generaldirekter vu Luxair ​Group no, wier Ryanair wuel "eng grouss Konkurrenz an eng Gefor". Luxair géing op de Route London a Porto u Profitabilitéit verléieren, mee d'Airline wier kompetitiv a kéint sech wieren. Fir den Adrien Ney ass Ryanair guer net sou gënschteg wéi ee kéint mengen.

Sozialdumping

Dem OGBL no, géingen déi niddereg Tariffer vu Ryanair, um Bockel vun de Clienten a vun de Beschäftegte gemaach ginn. Den Hubert Hollerich kritiséiert ënnert anerem, datt Ryanair-Mataarbechter net all geleeschte Stonne bezuelt kréien. A gewësse Fäll géingen d'Salariéen am Krankeschäin net bezuelt ginn. Se missten hir Formatiounen a souguer Uniforme selwer bezuelen.

Hubert HollerichDem Marketing ​Chief Officer bei Ryanair no, géinge méi niddereg Tariffer a méi schlecht Aarbechtskonditioune "net Hand an Hand" goen. Virwërf vu Sozialdumping, Virwërf datt d’Aarbechtskonditioune bei Ryanair schlecht wieren, sinn dem Kenny Jacobs no "Spin vu Konkurrenten". Europäesch Reegele géingen all Airlines, dorënner Ryanair, gouvernéieren. "A mat 6000 Leit déi fir eis wëlle schaffen... D’Konditioune si gutt!", sou de Chef vum Marketing bei Ryanair.

Drock op d'Salariéen

Den Hubert Hollerich fäert, datt den Drock vu Ryanair op d'Luxair och zu Drock op d'Verhandlungen iwwert en neie Kollektivvertrag wäert féieren.

Den Adrien Ney mengt et wier nach ze fréi fir iwwert dës Verhandlungen, déi am September uginn ze schwätzen. Mee hie rassuréiert schonn: "D’Salariéë bei der Luxair hunn ni gelidden, wéi eng Bëllegfluchgesellschaft op Lëtzebuerg komm ass".

  • De Resumé vun der Pressekonferenz vu Ryanair:
  • Den Interview mam Adrien Ney​​​​​​​:

​​

  • Den Interview mam Hubert Hollerich: