Radioen

On air

Espresso Beats  |  Smokey Robinson - A Quiet Storm

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ “Manner wéi dausend Reklamatiounen absolut an der Rei”

Stater PAG

“Manner wéi dausend Reklamatiounen absolut an der Rei”

491 Reklamatioune géint den neie Stater Bebauungsplang wiere kuerz virum offiziellen Delai agereecht ginn, sou déi éischt Schäffin Sam Tanson. Déi gréng Politikerin wëll Spëtzekandidatin vun hirer Partei fir d’Gemengewahlen d’nächst Joer ginn.

auto_stories

3 min

Sam Tanson

Vill Reklamatioune géife sech op 1-Familljenhaiser bezéien, aus deenen “Hub-1-Haiser” solle ginn, sot d’Sam Tanson am Gespréich mam Christian Welter. Fir de Bestand z’erhalen sollen an deem Fall keng Parzelle kënnen zesumme geschloen ginn, et kéint een also net méi eng Residenz aus zwou Wunnenge maachen. “Verschidde Leit hu vläicht falsch verstanen, wat et genee heescht”, sou déi gréng Politikerin.

Am Hierscht géif d’Gemeng Lëtzebuerg all d’Reklamatiounen “au cas par cas” iwwerpréiwen. Um Dënschdeg den Owend, een Dag ier den offiziellen Delai dofir sollt oflafen, wieren der 491 erakomm. “Mir sinn dovunner ausgaangen: wa mer manner wéi dausend Reklamatioune kréien, dann ass dat absolut an der Rei”, sot d’Sam Tanson, déi Ambitiounen huet fir d’nächst Joer bei de Gemengewahlen als Spëtzekandidatin vun Déi Gréng unzetrieden.

Neie PAG géint d’Liewensqualitéit?

De Virworf vun enger lokaler Initiative, datt mam neie Stater PAG d’Liewensqualitéit géif erofgoen, léisst si net gëllen. 30% vun den 20.000 Immobilien um Territoire vun der Stad Lëtzebuerg wieren elo geschützt. Et hätt ee vill Wäert op d’Gréngvernetzung geluecht, de Bauperimeter wier net erweidert ginn.

Bei dëser Initiative wier besonnesch “een Här, deen ee vill héieren huet” - der Sam Tanson een, dee “selwer och 'promotion immobilière' mécht an éischter a sengem eegenen Interêt Saache proklaméiert”.

D’Offer un neie Wunnenge géif virun allem um Kierchbierg an op der Cloche d’Or ausgebaut ginn. Et wéilt een nämlech d’Weeër op d’Aarbechtsplaz verkierzen, wat och ee positiven Effet op de Verkéier hätt.

Manner Autoen, méi ëffentlechen Transport, méi Vëloen

Fir d’Leit zousätzlech z’incitéieren op den ëffentlechen Transport ëmzeklammen, hätt een d’Méiglechkeete fir beim Büro ze parke reduzéiert: virgesinn ass am neie PAG eng Parkplaz op 175 Meter carré brutto Baufläch, bis elo sinn 125 Meter carré.

Verschidde Quartier-Interessevertriedunge sinn net iwwerzeegt, datt den Tram de Verkéiersproblem an der Stad ka léisen. “Virun net all ze laanger Zäit krute mer nach gesot: mir brauche keen Tram. Elo kréie mer ëmmer méi gesot, den Tram géif net duer goen”, seet d’Sam Tanson.

Fir déi Gréng wier de Vëlo eng weider eescht Alternativ. Déi geplangte Bréck tëschent dem Zens an dem Kierchbierg fir Cyclisten a Foussgänger géif och haaptsächlech vu Leit kritiséiert ginn, déi direkt dobäi wunnen. Anerer géif dës Infrastruktur begréissen.

Wéi vill Leit fir d’Stad Lëtzebuerg?

Dem neie PAG no solle bis 2030 eng 230.000 Leit an der Stad schaffen, an 150.000 do wunnen. D’Prognose géifen erstallt ginn opgrond vun der Entwécklung vun de leschte Joren an och vun deem, wat nach fräi ass: “27% vum aktuelle Bauperimeter sinn nach net bebaut.”

Fir d’Sam Tanson wéilt dat elo net heeschen, datt een alles wéilt verbauen. Et wier awer eng vun de Méiglechkeeten, op där ee fir d’Pläng géif ausgoen.