Radioen

On air

Notturno  |  This Is The Kit - All Written Out In Numbers

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kanner-Aarmut zu Lëtzebuerg

UNICEF-Etude

Kanner-Aarmut zu Lëtzebuerg

Eent vu véier Kanner lieft zu Lëtzebuerg ënnert der Aarmutsgrenz. An d'Ongläichheeten tëscht de Kanner wuessen. Dat weist eng international Etude, déi am Optrag vun der UNICEF duerchgefouert gouf. Besonnesch schlecht schneid de Grand-Duché bei der Bildung of.

auto_stories

3 min

Duerch d’Sozialtransferte ginn zu Lëtzebuerg d’Inegalitéite bei de Kanner iwwert d'Akommes ëm 32 Prozent reduzéiert. Dat ergëtt déi rezent UNICEF-Etude déi d’Ongläichheeten ënnert de Kanner ënnersicht huet. Fir d’Direktesch vun UNICEF-Lëtzebuerg misst d’Verdeelung vum Räichtum nach méi gezielt fir déi ënnescht zéng Prozent vun der Populatioun agesat ginn. Besonnesch vun Aarmut an Ongläichheete betraff si Kanner mat Migratiounshannergrond a Kanner vu Elengerzéier.

Impaktstudie fir Sozialpolitiken

All Sozialpolitik misst dowéinst am Virfeld op hiren Impakt hin iwwerpréift ginn, esou d’Sandra Visscher. All véiert Kand lieft zu Lëtzebuerg ënnert der Aarmutsgrenz. Den Ecart tëscht de Kanner am ënneschten Deel vun der Sozialleeder huet sech dobäi géigeniwwer der Mëtt an de läschte Joere vergréissert. D’UNICEF-Etude analyséiert véier Beräicher: Akommes, Bildung, Gesondheet a Liewenszefriddenheet vun de Kanner.

Bildung: geziilt déi Schwaach förderen

Am internationale Verglach läit Lëtzebuerg béi der Gesamtwäertung op der 29. Plaz vun 41 Länner, déi ënnersicht goufen. Besonnesch schlecht schneid de Grand-Duché mat der 33. Plaz bei der Bildung of. Déi ënnescht 25 Prozent vun de 15 Joer aale Schüler hunn zum Beispill an der Mathematik e Bildungsréckstand vun dräi Joer géigeniwwer den iewechte 25 Prozent. Dernieft huet Lëtzebuerg 14,4 Prozent leeschtungsschwach Schüler.

Fir d’UNICEF-Direktesch missten déi schwaach Schüler méi e personaliséierte Suivi ugebuede kréien. Generell misst vill méi geziilt an d’Begleedung vun de Bildungs- a Sozialschwächsten investéiert ginn, esou d’Direktesch vun UNICEF-Lëtzebuerg.

An de Beräicher Gesondheet a Liewenszefriddenheet vu Kanner, läit Lëtzebuerg am UNICEF-Ranking och am leschten Drëttel.