Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Warren Zevon - Werewolves Of London

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schäin-Argumenter

"Brexit"

Schäin-Argumenter

D’Konklusioune vum EU-Conseil iwwer de Safeguard-Mechanismus bei de Sozialleeschtunge berouen op falsche Prämissen. Et mécht wirtschaftlech kee Sënn fir d’Migratioun ze decouragéieren, well Migranten iwwer Zäit méi Geld an d’Staatskeese brénge, wéi se es erauszéien. Enner dem Virwand vun enger wirtschaftlecher Argumentatioun gëtt populistesch Politik gemaach, seet de Jean-Paul Hoffmann.

auto_stories

3 min

Den Accord vum Conseil Européen vun der leschter Woch ass eis verkaf ginn als e gudden Deal: een den d’Gespenst vum Brexit, dem Austrëtt vu Groussbritannien aus der EU, kann a Schach halen. E gudde Kompromëss, mat deem den englesche Premier David Cameron doheem gutt kéint Campagne maache fir d’Verbleiwe vun England an der Unioun. Sou nom Motto: "gesitt Dir mol, jiddereen huet Waasser a säi Wäi geschott, a mir hunn dat Wichtegst kritt wat mir wollten." Ob sech de Brexit dann domat verhënnere léisst, dat gesi mir am Juni. An dat ass och net den Thema haut.

War den EU-Conseil also en Erfolleg? Et ass alles anescht wéi sécher.

Di ganz Übung, mat hirer Liturgie an dem ganzen dramatesche Polit-Messaging, war vum wirtschaftlechen hier gekuckt eng Veranstaltung wou nawell vill an Illusioune gedealt gouf. Et goufe Fassade gebaut, böhmesch Dierfer, fir d’Populisten-Politiker ze beandrocken, déi am Moment an Europa den Agenda maassgeeblech mat bestëmmen.

D’Konstruktioun vun Europa ass am Ufank eng wirtschaftlech Entreprise gewiescht. Et goung ëm e gemeinsame Maart. Méi spéit koum eng politesch Dimensioun drop: den Dram vun enger Integratioun vun de Member-Staaten jenseits vun den Handelsbilanzen. Des Iddi vun der politescher Integratioun war och gebuer aus der Erkenntnis, dass Europa sech misst op d’Féiss setze fir relevant ze bleiwe géintiwwer vun den etabléierte Weltmuechten, a vis-à-vis vun deenen neie wéi China oder Indien.

Déi europäesch Iddi huet um Sommet eng Téitsch kritt.

Well op der enger Säit huet Groussbritannien elo eng Dispens vum politeschen Integratiounsprozess. Et ass net mol méi l’Europe à deux vitesses. Et ass eppes wou ee ka Member sinn an awer net matmaachen. Keng Futtballs-Equipe kënnt esou funktionéieren.  

Um wirtschaftleche Plang huet een d’Impressioun, dass et London ënner dem Virwand vun der Dynamiséierung vun Europa haaptsächlech drëm geet, kompetitiv Virdeeler erauszeschloen. Des muss net onbedéngt schlecht sinn an d’Resultat muss sech am Detail an der Praxis weisen. Et bleift just d’Impressioun, dass de Prinzip vun der wirtschaftlecher Zesummenaarbecht iwwerholl gëtt vun enger Iddi, déi haaptsächlech op Konkurrenzdenken baséiert.

An um soziale Plang? 

Do war de Conseil eigentlech en Debakel. Et gëtt elo méiglech, dass Migranten aus Osteuropa en zweetklassegen Traitement  kréien. Dat widdersprécht der sozialer Iddi vun Europa. Méi schlëmm ass, dass di ganz Argumentatioun dohannert rationell net stoe bleift. Et gi just economesch Schäin-Argumenter gebraucht,  fir populistesch Politik ze dreiwen. Fir di Ängschten, déi d’Immigratioun a Groussbritannien provozéiert huet, z'entschäerfen. Fir e Kotau viru Leit wéi Nigel Farage a Boris Johnson ze maachen, ouni et zouzeginn.

Et gëtt argumentéiert, dass Sozialleeschtunge musse kënne gebremst gi wa serieux Gefor an Termë vu Chômage oder Finanzéierunge vun de Sozial-Keese wier. D’Wierklechkeet ass awer, an d’Financial Times huet et dëser Deeg rappeléiert, dass England éischtens wéineg Problemer mam Chômage an di héchste Beschäftegungsquote zanter Joren huet. An zweetens, dass d’Migranten aus Osteuropa net Geld aus den englesche Sozial Keesen eraus zéien, mee par konter des Keese fëllen. Tëscht 2001 an 2011 huet all Osteuropäeschen Immigrant an England en Netto Apport vun 10 000 Pond zu den ëffentleche Finanze bruecht. All agebuerenen Englänner huet dogéint d’ëffentlech Hand am Duerchschnëtt 15 000 Pond kascht.

Wéi et also wirtschaftlech Sënn mécht, fir Migratioun anzeschränken, misst erkläert ginn.