Radioen

On air

De Moien  |  Claude Wiseler

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Net d’Ëmwelt muss gerett ginn, mee mir Mënschen"

No den Attentater

"Net d’Ëmwelt muss gerett ginn, mee mir Mënschen"

A senger Chronik beschäftegt sech de Marco Thomé mat eisem Grondbedürfnis u Sécherheet a Kontroll, grad ewéi mat eiser globaler Onfähegkeet, dës Besoinen alle Mënschen op dëser Äerd zouzegestoën.

auto_stories

6 min

Marco Thomé

Ech hat mer eigentlech virgeholl iech haut eppes iwwert déi allgemeng Blëtzer-Hysterie hei zu Lëtzebuerg ze erzielen, wou ech mech gefrot hunn, ob mir wierklech soss keng Problemer hunn? Dunn, matzen an dësem Prozess, koumen d’Attentater vu Bréissel, an eis Blëtzer heiheem ware mer, wann iwwerhaapt, keng Iwwerleeung méi wäert.

D'Confrontatioun mat esouvill sënnloser Gewalt, déi onschëlleg Mënsche moies fréi um Wee fir op d’Aarbecht oder um Fluchhafen erwëscht huet, huet mech op e neits geschockt. Et ass nun emol dach eppes anescht, wann esou en Terrorakt nobäi passéiert, an eisem Kulturkrees, wéi et esou schéin heescht, wéi wann et wäit ewech geschitt. Um laangen Enn ass et dann awer dat selwecht. Onschëlleg Mënsche ginn duerch kriminell Kretinen an den Doud gerappt. Just meng perséinlech Perceptioun ass eng aner.

"Ech muss mech deem da stellen"

Mäi Kapp war dee Moie vun den Attentater wéi ënnert enger Klack. E klore Gedanke war schwéier ze faassen. Amplaz koum eng riseg Ohnmacht, déi gefillt wollt ginn. Dës Ohnmacht, also de Géigendeel vu Muecht, ass net einfach auszehalen. Iwwerhaapt ass et e Gefill, wat ech a mengem Alldag probéieren ze evitéieren. An esou engem Moment gëtt mir dann awer schlagaarteg bewosst, datt Sécherheet eng Illusioun ass. Mäi Liewe ka vun engem Moment op deen aneren eng komplett aner Richtung huelen, an dogéint kann ech guer näischt maachen. Ech muss mech deem da stellen. Punkt. Wéi gesot, dës Erkenntnis wëll schnell erëm ënnerdréckt ginn.
Meeschtens hu mir et dach schonns gäre wa mer der Sécherheetsillusioun kënne verfalen, alles an ëmmer ënner Kontroll ze hunn. Kommt mir ginn et zou: Mir kontrolléieren dach gären, eis selwer, eise Partner, eis Kanner, eis Kollegen, jo vill vun eis fille sech richteg gutt dobäi, op d'mannst no baussen hinn esou ze maachen, wéi wann alles an ëmmer, iwwerall optimal ënner Kontroll wier.

"Bei dëse Gedanke muss ech un d’Biller vun de Flüchtlingen denken"

Mee zeréck zum Terror vu Bréissel. Sécherheet, zemools kierperlech Onverseertheet, ass eis alleguer e Grondbedürfnis. Ouni dës Sécherheet kritt d’Liewen eng Tournure, déi ech perséinlech op d'mannst guer net kennen. Wann ech Angscht muss hu fir op d’Strooss ze goen, well mäi Liewen eventuell a Gefor ass, jo dann ännert sech alles. D’Onbekëmmertheet, fir mech eng Selbstverständlechkeet, ass fort, an amplaz kënnt Angscht fir meng Léif, mech selwer a viru villen anere Saache méi.
Bei dëse Gedanke muss ech dann onweigerlech un d’Biller vun den onzählege Flüchtlingen denken, déi elo um Wee zu eis a Richtung besser Zukunft, virun iergendwellechem Stacheldrot stinn oder an Zelter vegetéieren. Ech selwer si schonns perturbéiert wann eng Bomm 200 Kilometer vu mir an d’Luucht geet. Dës Leit komme vun anzwousch, wou ech net emol déi geréngsten Ahnung hunn, wéi et ass do ze liewen, ze leiden an ze stierwen.

"Dankbar dofir, op der soit-disant richteger Säit vun dësem Äerdball ze liewen"

Wat si mir Mënschen dach fir armséileg Kreaturen, datt mer et net fäerdeg bréngen, ebe grad well mer all déi selwecht Besoinen a Gefiller hunn, do ze hëllefe wou muss gehollef ginn. Eis ass wierklech net méi ze hëllefen oder wéi ech viru kuerzem gelies hunn: Net d’Ëmwelt muss gerett ginn, mee mir Mënsche musse gerett ginn. Da waarden mer alt emol dorops, datt ee kënnt, deen dat fir eis mécht.
En attendant, sinn ech bei all där Tragik dankbar dofir, op der soit-disant richteger Säit vun dësem Äerdball ze liewen, och wann et heiansdo knuppt. Déi Dankbarkeet an Demut dem Liewe géigeniwwer deet gutt, a bréngt mech och erëm mat der Verletzlechkeet vun allem Liewen a Kontakt.