Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Sécherheet ass illusoresch ouni eng rational Gesellschaftspolitik"

Sécherheetsmesurë

"Sécherheet ass illusoresch ouni eng rational Gesellschaftspolitik"

Den demokratesche Rechtsstat erreecht seng Grenzen, warnt de Professer Stefan Braum. De Strofrechtler an Doyen vun der Fakultéit “Droit, Economie a Finanze” vun der Uni.lu hält guer näischt vun de verschäerfte Sécherheetsmesure vun der Regierung. Eis Fräiheete géife mer eng no där anerer am Numm vu méi Sécherheet afferen. Um Enn vun där Logik stéing awer net méi Sécherheet, mä de politeschen Ausnamezoustand a staatlech Willkür.

Michel Delage

auto_stories

6 min

“Mir mussen oppassen, datt mer eis Fräiheeten, dat wat eise Liewensstil ausmécht, net enger Sécherheetsdebatt afferen”, sot de Professer Stefan Braum dëse Samschdeg an eiser Emissioun Riicht eraus. No all Attentat géifen d'Gewëssheete verluer goen. Virun deem Hannergronn géif sech, zënter 2001, ëmmer déi selwecht Logik vu politesche Reaktiounen oofwéckelen, eng “Eskalatioun vu sécherheetspolitesche Musteren”: no banne gëtt versicht, verfassungsrechtlech Prinzipien of ze schläifen, no bausse gi Militärinterventiounen duerchgefouert, sou den Doyen vun der Droits-Fakultéit. “Iergendwa bleift nëmmen nach de Wiessel an en anere politesche System, nämlech de politeschen Ausnamezoustand”.

Sinn déi Hellewull un neie Mesuren, déi d’Regierung viru kuerzem annoncéiert huet, verhältnisméisseg? “Eendeiteg: Neen”, seet de Spezialist am "droit pénal". “Et ass e schlëmmt Verbrieche passéiert, de Rechtsstat huet d’Mëttele fir domat ëmzegoen. Wat elo passéiert ass eng oniwwerluechten an onverhältnisméisseg Ausdehnung vu Sécherheetsmesuren”.

Elementar Rechtsprinzipien a Fro gestallt

Dem Stefan Braum seng detailléiert Analyse:

  • Perquisitioune 24 Stonnen den Dag méiglech : Stellt d’Fro vun der Verhältnisméissegkeet. Hänkt vu Fall zu Fall of. De Prinzip ass net allgemeng ze rechtfertegen.
  • Garde à vue verduebelt op 48 Stonnen: “Ganz problematesch”. Eng elementar Aschränkung vu Rechter vun der Verdeedegung. Kéint eng imprevisibel Mesure ginn. Stellt d’Fro vun der Verhältnisméissegkeet a vun der "présomption d’innocence". Op méi Sécherheet garantéiert gëtt ass ee bezweiwelen.
  • Enquête sous pseudonyme: Keng ganz nei Mesure, déi awer scho bedenklech war: däerfen Enquêteure Strofdote begoe fir hir Deckung net ze verléieren? Wat geschitt mat Beweismëttel, déi ënner Pseudonym gesammelt ginn? Wéi gëtt dat kontrolléiert? Problematesch fir e faire Prozess ze garantéieren.
  • “Mini-Enquête”: Ënnert anerem den Nemo-tenetur-Prinzip a Gefor (de Beschëllegte soll sech net selwer musse belaaschten). Iwwerhaapt efficace?
  • Ermëttlung vun enger Telefonsnummer beim Institut luxembourgeois de régulation (ILR)/”Staatstrojaner”/Enn vun anonyme Prepaidkaarte fir Handyen: Mesuren iwwert déi de Staat eng Hellewull un Donnéeë sammelt, woubäi den Iwwerbléck verluer geet an domat de Bléck op konkret Geforen. Déi kloer Trennung tëschent Verdächtegen an net Verdächtege verschwëmmt. “Keng Mesurë fir den Terrorismus repressiv ze bekämpfen, mä eng Kontroll fir d’Kontroll”.
  • Am Fall vun der Iwwerwaachung vu Computere via Trojaner “mécht de Staat sech selwer zum Spëtzel a léisst sech op de Niveau erof vun deenen, déi mer bekämpfe sollen”. Eng Mesure, déi net ze kontrolléieren ass. Verstéisst géint d’Recht op informationnell Selbstbestëmmung a géint elementar Dateschutzstandarden.

Garantien, déi keng sinn...

Den Accord vun engem Riichter, dee fir den Asaz vun dëse Mesuren néideg soll ginn, bezeechent de Professer Stefan Braum als eng “Façade (Feigenblatt) fir sécherheetspolitesch Mesuren ze rechtfertegen. A ganz Europa gesi mer, datt en net gräift”. D’Iwwerwaachunge vun Telekommunikatioune wieren iwwerall an d’Luut gaang trotz dem obligatoreschen Aval vun engem Richter. “D’Exekutive, dat heescht Police a Parquet, dominéieren d’Enquête därmoossen, datt dem Riichter um Enn näischt aneschtes iwwreg bleift wéi eng Mesure gutt ze heeschen”. Eng Kontroll wier dat net.

Datt dës verschäerfte Sécherheetsmesuren nëmmen am Fall vun engem Verdacht op Terrorismus oder enger Menace géint d’Staatssécherheet agesat solle ginn, iwwerzeegt den däitsche Rechtswëssenschaftler och net. Terrorismus “bedeit fir d’éischt emol guer näischt”. Et wier “keng ‘Katalogdot’, keng Strofdot, déi eng Enquête kann ausléisen”. Et wier e Phenomen, dee sech aus eenzelne Strofdote wéi Geldwäsch, Vol vu Waffen oder méi einfachen Delikter zesummesetzt. Dës Strofdote wiere vun enger Intentioun matenee verbonnen. “Ech verstinn natierlech déi politesch Reaktioun. Anerersäits muss een als Jurist a Rechtswëssenschaftler de Fanger an d’Luucht hiewen a soen: Mir kënne keng rational Rechts- a Gesellschaftspolitik op abstrakt Bedrohungsvokabele begrënnen”, sou de Stefan Braum.

Ausnamezoustand: keng gutt Iddi

D’Regierung plangt jo d’Definitioun vum Ausnamezoustand an der Verfassung ze änneren. D’CSV huet sech och scho bereet erkläert, mat fir déi néideg Zwee-Drëttel-Majoritéit an der Chamber ze suergen. E Referendum wier domat ëmgaang. Den Ausnamezoustand soll an Zukunft och am Fall vun “nationale Krise” kënnen ausgeruff ginn. Bis elo ass dat nëmme bei “internationale Krise” méiglech.

De Staat kréich d’Muecht fir de Verfassungssystem äusser Kraaft ze setzen, warnt de Professer Braum. Demonstratiounen, d’Bedeelegung un ëffentlechen Debatten, oder de fräie Grenzverkéier kéinte behënnert oder verbuede ginn. Den Doyen vun der Droits-Fakultéit vun der Uni Lëtzebuerg verweist op d’Beispill vun der Weimarer Republik. D’Méiglechkeet vum Ausnamezoustand wier ee Gronn fir hiert Enn gewiescht, eraus koum de nationalsozialistesche Regime...

“Sécherheet ass kee Grondrecht”

“Ee Grondrecht op Sécherheet gëtt et net”, sou de Stefan Braum. An der Chamber hat den LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry vun engem “Mënscherecht” geschwat. Et géif Grondrechter ginn, déi op der Iddi vu Fräiheet baséieren, déi hirersäits op der Mënschewierd foussen. Dat wier den Ursprong vum Staat. De Prinzip “Sécherheet” géif sech aus dem fräie Verhältnis vun de Bierger ënnerteneen erginn. Déi Iddi géif awer verluer goen. “Sécherheet als Grondrecht héich stiliséieren féiert zum progressiven Ofbau vu Fräiheetsrechter”, erkläert de Professer Braum.

Et sollt ee sech net vun enger vun Angscht gesteierter Politik leede loossen. Méi Sécherheet versprieche géif de Nierbuedem vum Terrorismus net onfruchtbar maachen. Fir de Stefan Braum misst een “endlech erëm iwwert eng rational a sozial Gesellschaftspolitik nodenken, déi wäit am Virfeld vun de Strofdote muss usetzen”. Verschäerfte strofrechtlech Mesure géifen an der Regel net réckgängeg gemaach ginn. Alleng Geriichter, sief et op nationalem oder op EU-Niveau, géifen der Politik Grenze setzen. Den Doyen vun der Fakultéit “Droit, Economie a Finanzen” hofft des weideren op kritesch Bierger, déi sech den Ament kee Gehéier kéinte verschafen.

Lauschtert d'Emissioun Riicht eraus mam Professer Stefan Braum, am Gespréich mam Michel Delage: