Radioen

On air

Trendscheif  |  Nilüfer Yanya - Like I Say (I Runaway)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Sharing Economy": Deelen oder Ausbeuten?

Wirtschaft

"Sharing Economy": Deelen oder Ausbeuten?

Wa sech d'Fournisseurë vun Objeten a Déngschtleeschtungen op Online-Plattformen professionaliséieren, kann dat op Dumping a Schwaarzaarbecht eraus lafen. En Dossier vum Pia Oppel.

auto_stories

4 min

Den Internet huet et immens einfach gemaach, fir Leit matenaner ze verbannen, déi Objeten an Déngschtleeschtunge wëllen ënnerteneen austauschen. Mee mam Begrëff vun der Sharing Economy ginn och Aktivitéiten bezeechent, déi wäit iwwer d'Iddi vum Deelen an Tauschen eraus ginn. Déi grouss Online-Plattformen aus der Sharing Economy betounen, se géinge just geleeëntlech Transaktiounen tëscht Privatleit erméiglechen. Dat obwuel dës Transaktiounen eppes kaschten, an d'Fournisseuren sech deels staark professionaliséieren. 

De kanadeschen Auteur Tom Slee, huet rezent ee Buch zum Sujet publizéiert, an deem ënnert anerem d'Aktivitéite vun Airbnb ënnert d'Lupp geholl ginn. Enger Plattform op där Zëmmeren a Wunnengen fir Kuerzzäit-Locatioun vermëttelt ginn. "Ech mengen, Airbnb huet een Narrativ, dee seet et wier ee just eng Maartplaz fir Individuen, déi sech bëssi eppes zousätzlech wëlle verdéngen. Mee ee wichtegen Deel vun hirem Business - vläit 40 Prozent zu New York, a méi oder manner op anere Plazen - kënnt vu Leit, déi vill verdéngen andeems se méi Wunnengen verlounen."

Obwuel se gréisstendeels näischt méi mat der Ursprongsiddi ze dinn hunn, gëtt d'Sharing Economy dacks op d'Beispiller Airbnb an den Taxi-Vermëttler Uber reduzéiert. Dës Konzerner notzen déi sympathesch Iddi vun der Sharing Economy als Lobby-Strategie, esou den Tom Slee. D'Plattformen wéilten hire Geschäfter weider gär onreguléiert nogoen: "Lo ginn et dës immens grouss Entreprisen, mat vill Kapital, déi aflossräich Leit rekrutéieren, fir d'Regulatiounen an de Stied uechter d'Welt ze beaflossen. An mat sophistiquéierte Methoden, fir keng Steiere mussen ze bezuelen. Wat ugefaang huet, mat den Individuen ronderëm d'Plattformen, déngt elo nëmme méi de Plattformen an hirem Profit."

D'Online-Plattformen, déi Offer an Demande beienaner bréngen, an duerch ee Bewäertungssystem d'Vertrauensbasis fir esou Transaktiounen liwweren, sinn aus technologescher Perspektiv keng grouss Innovatioun - et ass hiren sozialen a wirtschaftlechen Impakt, dee potentiell enorm ass. De President vun der Salariatskammer (CSL) Jean-Claude Reding ka verstoen, dass vill Leit et attraktiv fannen, fir op eng flexibel Manéier kënnen e bëssi eppes zousätzlech ze verdéngen. Mee et géing ee gesinn, wéi d'Plattformen sech ëmmer méi zu engem Employeur entwéckelen. D'Plattform wier also ee Geschäft, mee net am klassesche Sënn. "An da kënnt ee natierlech soen, 'jo déi maache jo organiséiert Schwaarzaarbecht'."

Aarbechtsrecht

Ee Problem ass och, datt sougenannt "Crowdsourcing"-Plattformen d'Aarbechtskräften deels weltwäit a Konkurrenz setzen, wat de Präis, deen ee fir seng Servicer ka froen, erof dréckt, esou de Jean-Claude Reding. Wann ee Prestataire vun enger Déngschtleeschtung op enger Plattform effektiv net méi als Indépendant kéint consideréiert ginn, stellt sech d'Fro, wien dann als Patron misst consideréiert ginn. De Jean-Luc Pütz, Riichter an Expert am Aarbechtsrecht seet, am Aarbechtsrecht wier de Prinzip deen, datt e Prestataire ëmmer requalifizéiert gëtt. "Dat heescht, och wann ech ënnerschreiwen ech wier Indépendant, dann ass dat näischt Wäert wann ech ka beweisen, datt a Wierklechkeet ech guer keng Fräiheeten hat an ech am Alldag Uerderen hat."

Dem Lëtzebuerger Aarbechtsrecht no kéinten d'Plattform-Aarbechter sech dann och net gewerkschaftlech organiséieren, well se keng Salariéë sinn. "De Problem vun deene Leit ass eben, datt se tëscht zwee Still stinn. Hallef Patron, hallef Employé", esou de Jean-Luc Pütz. De ganzen klasseschen industrielle System wier net méi adaptéiert.

Majo dann: adaptéieren?

Op EU- an op OECD-Niveau, géig no Äntwerten op all dës nei Entwécklungen gesicht ginn, seet de Michel-Edouard Ruben vun der Fondatioun Idea, enger Denkfabrik vun der Chambre de Commerce. An och zu Lëtzebuerg wier eppes amgaang, bei den Aarbechten tëscht der Regierung, der Handelskammer an de US-amerikaneschen Schrëftsteller Jeremy Rifkin. De Michel Edouard Reuben ka sech gutt virstellen, datt aus dësen Aarbechten eraus, Rekommandatioune wäerte formuléiert ginn: "notamment sur les nouvelles formes d'organisation du travail."

Den Aarbechtsminister faasst an d'Ae, fir parallel zu deenen Aarbechten, d'Beruffschamberen mat enger Analys vun der Situatioun ze beoptragen. "A wou déi sozial Aspekter, mee ech denken awer och un d'Securité Sociale, ech denken un d'Fiskalitéit, och missten zur Sprooch kommen." Dem Nicolas Schmit no, dierf et duerch d'Online-Plattformen, net zu enger Dereguléierung vun der Economie kommen. "T'ass awer net den Objektiv a Priori vun enger technologescher Revolutioun, déi jo well sozial Innovatioun bréngen, déi Leit méi Qualité de Vie an engem gewësse Sënn bréngen."