Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Shell: Fuite vun AdBlue

Environnement

Shell: Fuite vun AdBlue

Viru kuerzem ass op der Aire de Berchem eng grouss Quantitéit Dieselzousaz ausgelaf. D'Ursaach war ee Lach an engem Rouer: War Shell konform mat de Sécherheetsmesuren? A firwat ass dem Ministère d'Lacune bei Kontrollen net opgefall?

auto_stories

4 min

Den Zousaz AdBlue ass an d'Uelzecht gelaf.

Den 20 Juli huet d'Waasserwirtschaftsamt ee massiivt Fëschstierwen an en ze héije Wäert un Amonium an der Uelzecht op der Héicht vun Hesper festgestallt. D’Spuer huet bei d’Shelltankstell op d’Aire de Berchem gefouert.

Do waren zwou Woche virdrun eng grouss Quantitéit vum Dieselzousaz "AdBlue" ausgelaf. Ee Stoff dee sech an Amonium verwandelt, wann e mat Waasser a Kontakt kënnt. D'Uelzecht ass zwee Kilometer vun der Tankstell ewech - mee de Stoff hätt de Wee iwwer d'Kanäl an de Floss fonnt, erkläert de Paul Mangen vun der Administration des Ponts et Chaussées. Den Zousaz wier an dee Kanal gelaf, deen d'Waasser vum ganze Site géif zesummenhuelen, filteren a botzen. "Iwwer dee Wee ass et an déi kleng Baach komm a vun do aus an d'Uelzecht." Ponts et Chaussées si fir een Deel vun de Parkinge ronderëm d'Aire de Berchem responsabel.

"Keen Ënnerscheed"

Zwou Wochen éier een déi doudeg Fësch fonnt hätt, hätt d’Shell de Ministère doriwwer informéiert, datt 7.000 Liter ausgelaf wieren, esou den Tankstellebedreiwer. Nodeems de Bréif un de Ministère geschéckt gi wier, hätt ee festgestallt, datt d’Fuite méi grouss war, wéi ufanks geduecht. Alles an allem waren nämlech 55.000 Liter ausgelaf - also aacht mol méi.

An awer huet Shell zu dem Zäitpunkt keen Interêt gesinn, fir een neie Bréif un den Ëmweltministère ze schécken. Et hätt een net gemengt, datt d'Quantitéit een Ënnerscheed géif maachen an et hätt een et jo och net direkt gemierkt, esou de Stéphane Barthélemy, Sécherheetsmanager vu Shell Lëtzebuerg. "Et gouf kee Schued fir d'Ëmwelt." Et hätt een d'Quantitéit dann am Rapport ugepasst.

De Ministère huet Shell eréischt convoquéiert, nodeems déi doudeg Fësch fonnt goufen. An dëser Reunioun sinn déi zoustänneg Administratioune gewuer ginn, wéi vill Liter "AdBlue" effektiv ausgelaf waren. Op Nofro hin huet Shell eis gesot, datt si alleguerten d'Fraisen, déi beim Schued entstane sinn, wäerten iwwerhuelen. No enger éischter Schätzung wieren dat 500.000 bis eng Millioun Euro, seet de Stéphane Barthélemy. "Mee no de leschte Schätzunge kéinten et bis zu zéng Millioune sinn."

D'Aire de Berchem

Sécherheetsregelen net agehalen

Wéi konnt et iwwerhaapt zu sou enger grousser Fuite kommen, bei där iwwer d’Halschent vum Reservoir vun "AdBlue" ausgelaf ass? Shell no gouf d’Fuite duerch e Lach an engem einfache Rouer mat nëmmen enger Wand verursaacht.

Nom Virfall huet den Ëmweltministère an engem Arrêté de mise en demeure festgehalen, datt Shell sech domat net un déi offiziell Sécherheetsreegele gehalen huet. 2015 - also knapp ee Joer virun der Fuite - wier nämlech festgehale ginn datt:

"Les tuyauteries servant au transvasement de liquides inflammables doivent être à double paroi, métalliques, concentriques et continus. Elles doivent être equipées d’un dispositif de détection de fuite aproprié."

Depasséiert Regelen

D’Réier duerch déi den "AdBlue" leeft, hätten dem Text vum Ëmweltministère no schonn 2015 - also virun der Fuite - missen duebelwänneg sinn an deemno méi robust.
Shell ënnersträicht awer, datt d'Tankstell och no 2015 regelméisseg vun enger onofhängeger Firma kontrolléiert gi wier. Dës Inspektiounen hätte keng Regelverstéiss festgestallt. Dee leschte Contrôle no der Reparatioun wéinst der Fuite hätt sech nach ëmmer um Arrêté vun 1997 baséiert, seet de Stéphane Barthélemy.

Dat géif bedeiten, datt déi gréissten Tankstell vun Europa op Basis vun depasséierte Regele kontrolléiert gouf. Am Text vun 1997 stinn nach iwwerhaapt keng Regelen iwwer "AdBlue" dran, well d’Tankstell dee Produit zu deem Zäitpunkt nach net verkaf hat.

2005 du krut Shell eng Autorisatioun fir de Produit ze verkafen. Ouni awer datt de Ministère spezifesch Sécherheetsregele fir d’Exploitatioun vun "AdBlue" definéiert hat. Während deenen nächsten zéng Joer huet Shell "AdBlue" verkaf, ouni datt et kloer definéiert Sécherheetsregele gouf.

Regelen ni a Kraaft?

Dës Regele goufen eréischt 2015 festgehalen. Dëst am Kader vun engem Ëmbau vun der Tankstell bei deem ënnert anerem och eng nei Statioun fir "AdBlue" virgesi war. Dem Stéphane Barthelemy no, wieren d’Regele vun 2015 awer ni a Kraaft getratt, well déi geplangten Ännerung un der AdBlue Statioun net realiséiert gouf. Dofir hätt ee sech ni op den Arrêté vun 2015 baséiert. Shell behaapt deemno zum Zäitpunkt vun der Fuite wieren d’Regele vun 2015 nach net a Kraaft gewiescht. War Shell zum Zäitpunkt vun der Fuite konform zu de Sécherheetsregelen oder net? A firwat ass d’AdBlue Installatioun bei de Kontrollen net negativ opgefall?

Eréischt no der Publikatioun vun dësem Bäitrag huet den Nohaltegkeetsministère reagéiert. Scho virun der Fuite op der Aire de Berchem hätt Shell sech missen un d’Secherheetsreegelen halen, déi den Ëmweltministère 2015 definéiert hat. De Ministère géif mat “Héichdrock” un enger kompletter Analyse vun der Situatioun schaffen. De Freideg, de 14. Oktober, huet de Ministère eng Entrevue mat Shell fir ënnert anerem iwwert déi doten Differenzen ze diskutéieren.