Ëmwelt Shell net konform zu de Sécherheetsreegelen
D'Saneirungskonzept dat Shell proposéiert huet geet net weit genuch. Esou réagéiert den Emweltministère op d'Fuite op der Aire de Berchem, bei där ufanks Juli 55.000 Liter AdBlue ausgelaf waren. De Ministère fuerdert den Tankstellebedreiwer Shell elo op ee méi wierksamt Sanéierungskonzept ze presentéieren.
No Recherchen hat de Radio 100,7 ufanks der Woch d’Fro opgeworf ob Shell, virun deems 55.000 Liter Dieselzousaz AdBlue op der Aire de Berchem ausgelaf waren, konform mat de Sécherheetsreegele war oder net. Den Tankstellebedreiwer war der Meenung, dass dat deen Ament de Fall gewiescht wier. Den Ëmweltministère ass anerer Meenung.
"Et ass evident, dass opgrond vun engem zousätzlechen Arrêté, deen am Joer 2015 geholl ginn ass, Shell an engem Punkt net konform ass", esou de Staatsekretär am Ëmweltministère, de Camille Gira.
"Keng duebel-wänneg Réier"
D’Réier, duerch déi den AdBlue leeft, hätten dem Text vum Ëmweltministère no, schonn 2015 - also virun der Fuite - missen duebel-wänneg sinn an deemno méi robust.
Organismes Agréesë si responsabel fir d'Kontrollen
Wisou dem zoustännege Ministère d'Lacunë bei de Kontrollen net opgefall ass wier haut keen Thema gewiescht, esou de Camille Gira. D’Responsabilitéit géif dem Staatssekretär no och souwisou bei organismes agréesë leien, deen d’Kontrollen ausféieren.
Shell bleift dobäi: si wiere konform zu de Sécherheetsreegele gewierscht.