Radioen

On air

Notturno  |  Simon McCorry & Wodwo - By Water Mite

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Si dierfte sech net amëschen"

Policereform

"Si dierfte sech net amëschen"

De Gesetzprojet vun der Policereform wier net konform mam Text vum Avant-projet de loi, seet de Pascal Riquier. D'Policegewerkschaft kritiséiert, si hätt dee "falschen Text" kritt.

auto_stories

2 min

De Gesetzprojet wier net konform mam Avant-projet de loi, seet de Pascal Ricquier. Foto: Bigstock

Enn Juli, knapp zwee Deeg éier d’Policereform am Regierungsrot ugeholl gouf, hat de Minister fir d’Bannescht Sécherheet Etienne Schneider ee Bréif vun der Procureur general d’Etat kritt. D’Martine Solovieff war entsat iwwert den Text vun der Reform, deen de Minister déi Deeg virdrun un déi Concernéiert erausgeschéckt hat. Am Text wier näischt erëmzefannen, vun deem wat an de Preparatiounsaarbechte mat der Justiz zeréckbehale gi wier.

Den Etienne Schneider huet eegenen Aussoen no direkt reagéiert: Hien hätt mam Justizminister Felix Braz de Problem "an enger Minutt" geléist.

D’Policegewerkschaft huet op Grond vum Projet de Loi gemierkt, datt si dee "falschen Text" kritt hätten: Virun allem am Beräich vun der Police judiciaire géif et vill Ännerunge par rapport zu deem Avant-projet de loi ginn, dee jiddweree geschéckt krit hätt fir een Avis ofzeginn. Dat seet de President vun der Policegewerkschaft SNPGL Pascal Ricquier.

Hie freet sech, ob jiddereen Uganks e falschen Text geschéckt kritt hätt, "well mir hu jo elo gesinn, datt am Projet de loi Ännerunge sinn." De Pascal Ricquier behaapt, datt dat déi Ännerunge wieren, déi d'Martine Solovieff gefuerdert hätt.

"Dat ass gestrach ginn"

Am Gesetzprojet zur Policereform geet et och em d’Schafe vun engem Comité d’accompagnement an deem ënnert anerem de Parquet eng wichteg Roll spillt. Wat d'Nominatiounen ugeet, wieren d'Ännerunge par rapport zum Avant-projet de loi awer grouss, mengt de Pascal Ricquier.

"Do geet et ëm en Directeur central, en Direkter an en Directeur adjoint vun der Police judiciaire; Chef de département a Chef de section." Grad bei deenen zwee leschten dierfte sech d'Justizbehörde guer net amëschen. Dat wier d'Aufgab vum Verwaltungschef, esou de President vun der SNPGL. Dee Punkt wier schonn an den Aarbechtsgruppen diskutéiert ginn an et wier kee Konsens fonnt ginn.

Verschidde Passagen aus dem Avant-projet de Loi wiere gestrach ginn. Esou och déi, déi d'Sections de recherche concernéieren. Si konnte bis ewell um Terrain enquêtéieren an hir Missioun stoung am Avant-projet dran.

D'Sections de recherche hätten drop gepocht, datt hir Kompetenzen am Gesetzprojet stinn, fir datt si hir Aarbecht kéinte wéi bis ewell weider maachen. "Dat ass elo gestrach ginn."

De Pascal Ricquier huet iwwerdeems ënnerstrach datt een Accord an der Conciliatioun fonnt gouf. Enn dës Mounts gëtt deen ënnerschriwwen. Do goung et em d’Postes à responsabilité.


Policereformplay_arrow