Fir, datt d’Inclusioun an der Regelschoul funktionéiert, hätten eleng dëst Joer 40 zousätzlech Poste misste geschaf ginn, esou de Silvio Sagramola. De Direkter vun der Plattform Info Handicap fuerdert méi Ressourcen an de Schoule fir d’Begleedung vu Kanner mat spezifesche Besoinen. Dat wär eng Fro vu politeschem Engagement a vu politescher Responsabilitéit. De Wëlle wär zwar do, mee aus deels historesche Grënn kéim ee just lues virun. Eng Léisung wär, datt d’Education différenciée méi direkt an de Schoulen intervenéiert.
“De Kuch gëtt méi kleng”
Bei Info Handicap mécht ee sech Suergen iwwert d’Reform vun der Fleegeversécherung. Wann d’Qualitéit wéinst Spuermesure géing ofhuelen, géing dat op Käschte vun der Autonomie vun de Leit mat Behënnerung goen. Dat wär stéing am Widdersproch mat der Ursprongsiddi vun der Fleegeversécherung, esou de Silvio Sagramola.
Lëtzebuerg ass dat éischt Land, wou de Konzept “Design for all” , an der Regierungserklärung steet. Dat géing Opdriff ginn. “Design for all” bedeit, datt den ëffentleche Raum, Gebaier, mee och Produkter an Déngschtleeschtungen esou gestalt ginn, datt jiddereen se ka benotzen. Onofhängeg dovun ob een eng Behënnerung huet oder net.
Internationalen Dag vu Leit mat Behënnerung
Den 3. Dezember ass den internationalen Dag vu Leit mat Behënnerung. Op esou engem internationalen Dag géif ee méi Opmierksamkeet kréien. Duerno dierften awer net d’Rollueden erofgeklappt ginn, an et dierft een net mengen et géif sech duerno alles vum selwe maachen. "Et ass ëmmer rëm en neien Ufank”, seet de President vun Info Handicap.
Leit mat Behënnerunge missten awer selwer och méi revendikativ ginn. “De Staat regelt dat, maacht Iech keng Suergen” - dat wär zu Lëtzebuerg laang de Message u Leit mat Behënnerungen gewiescht. Déi Betraffe misste léieren, och selwer hir Rechter ze revendiquéieren.