Radioen

On air

Tockcity  |  Kasabian - Call

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ SNCH-Audit fäerdeg, mee net public

Ëmwelt an Transport

SNCH-Audit fäerdeg, mee net public

Nom Ofgas-Skandal hat de Nohaltegkeetsminister d’Lëtzebuerger en Audit iwwert d’Zouloossungs-Autoritéit an Optrag ginn. Den Audit ass fäerdeg, mee d’Resultater leien eréischt am Summer vir, sou de François Bausch. Säi Parteikolleg, de gréngen EU-Deputéierte Claude Turmes mengt, Lëtzebuerg géing en neie Luxleaks-Skandal riskéieren.

auto_stories

5 min

"Wéi ass et méiglech, datt Lëtzebuerg weltwäit eng vun de gréisste Plazen ass, wou Autoen zougelooss gi sinn?" Mat deem Argument riskéiert Lëtzebuerg erëm international an e schlecht Liicht ze geroden, esou de Claude Turmes am Gespréich mam André Dübbers.

De Reproche, Lëtzebuerg wier besonnesch attraktiv fir Automobilshiersteller, déi fuddele wëllen, weisen den Direkter vun der Société Nationale de Certification et d’Homologation, de Claude Liesch, an den zoustännege Minister zréck. "Ech wëll net domadder alles schéi rieden a soen, et wier alles tip top bei der SNCH", sou de François Bausch. Wann dat nämlech esou wier, dann hätt hie keen Audit an Optrag ginn.

De François Bausch wëll Garantien hunn, datt d’SNCH hir Aarbecht gutt gemaach huet. D’Resultater aus dem Audit leie scho vir, mee se sinn nach net public. Et géing een awer dofir suergen, datt d’Suggestiounen aus dem Audit "scrupuleusement" ëmgesat ginn, sou de Minister.​

Homologatiouns-Tourismus​

Eeleren Zuele vun der EU-Kommissioun no, war Lëtzebuerg vun 2004 bis 2009 op zweeter Plaz an der EU hannert Däitschland, wat d’Zuel un Homologatiounen ugeet. Dës Zuele stemmen awer net mat deene vum Ministère iwwerteneen.

Dem François Bausch no, betreffe just véier Prozent vun de bal 9.000 Homologatiounen, déi all Joers zu Lëtzebuerg gemaach ginn, Emissiounen. Dat wieren der dann iwwert 320 am Joer.

Ob dat der elo aussergewéinlech vill sinn oder net, misst een am europäesche Verglach kucken. Rezent a fiabel Zuele feelen awer.

Méi strikt Regelen?

Däitschland wëll wéinst dem Ofgas-Skandal méi strikt Regelen aféieren. De François Bausch ass domadder net averstan. D’Reglementatioun wier kloer an et léing un "anere Saache", datt et zum Skandal koum.

Den Direkter vun der SNCH mengt awer, datt d’Wäerter déi d’Direktive virschreiwen net der Realitéit entspriechen. "Eng Realitéit huet näischt mat wëssenschaftleche Labos-Tester ze dinn", sou de Claude Liesch. Dem François Bausch no, dierf et awer bei Feeler "kee Pardon" ginn. Schonn nëmme bei engem Verdacht, misst een alles maache fir ze beweisen, datt alles richteg gelaf ass.

Beim Virworf, datt zwee Gefier-Modeller mat ze héije Wäerter zu Lëtzebuerg homologéiert goufen, spillt de Claude Liesch de Ball zréck op d’Ausland, wou an dësem Fall d´Emissiounswäerter gemooss goufen. D’SNCH géing d’Responsabilitéit fir d’Homologatioun vum Autostyp unhuelen, mee d’"Decisioune" vun Zouloossungs-Autoritéiten an aneren EU-Memberstaate géingen awer net a Fro gestallt ginn.

De Minister well do méi wäit goen. Wann d'Letzebuerger SNCH d'Homologatioun gemaach huet wier si och responsabel. An da misst een och kucken, ob een an esou Fäll net verschidde Miessungen, déi aus dem Ausland geliwwert goufen, iwwerpréiwe muss. Den Detail well hien awer nach mat der SNCH klären.