Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Elmiene - Crystal Tears

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ SNCH seet sech net responsabel

VW-Skandal

SNCH seet sech net responsabel

Am Volkswagen-Skandal gesäit d’Lëtzebuerger SNCH bei sech keng Responsabilitéit. D’Société nationale de certificiation et d'homologation hätt fir VW selwer nämlech keng Autorisatiounen erausgi wat d’Emissiounen ubelaangt.

auto_stories

2 min

"D’SNCH huet fir Volkswagen selwer keng Geneemegungen erausgi wat d’Emissiounen ubelaangt", esou den Direkter vun der Société nationale de certification et d’homologation (SNCH), de Claude Liesch am 100,7-Interview. An deem Sënn wier a sengen Aen d’Enquête vum Wirtschaftsministère iwwert eng Implikatioun vu Lëtzebuerg beim Volkswagen-Skandal esou wäit ofgeschloss.

D'europäeschen Homologatiouns-Tester wieren och net a Fro gestallt. "Den Test selwer gëtt gemaach, op Basis vum Motor dee virgestallt gëtt. Wann herno den Hiersteller de Motor an déi Software net implementéiert sou wéi en eis dat beim Test presentéiert hat, dann ass dat eng Responsabilitéit vum Hiersteller a kann net dem Homologatiounssystem reprochéiert ginn", esou de Claude Liesch.

Tester a Kontrolle ginn un dräi Firmen zu Lëtzebuerg ausgelagert. Den Direkter vun der SNCH huet Luxcontrol, ATE EL an TÜV a Schutz geholl: "Do ginn Auditen an Accreditatiouns-Audite gemaach an déi verschidde services techniques mat deene mir schaffen, déi schaffen um héchsten Niveau mat international unerkannte Standarden."

Keng Mängel bei der Kontroll, mee Mängel bei de Reegelen

Datt an Europa net opgefall ass, datt Volkswagen bei Tester iwwert den Ausstouss vu Gase wéi Stéckstoff gefuddelt huet, féiert de Claude Liesch net op Mängel bei de Kontrollen an Tester, mee op Mängel bei den europäesche Reegelen zeréck. “D’Software vun de Motoren ass kenger EU-Direktive ënnerworf”, esou de Claude Liesch, fir deen et sécher ass, datt d’EU dat och elo wäert änneren.

SNCH bezweifelt Implikatioun vun Delphi am Skandal

Den Direkter vun der SNCH kann sech net virstellen, datt eng Entreprise wéi Delphi e Produit entwéckelt hätt, vun deem den Autoskonstrukteur keng 100 Prozenteg Connaissance hätt. Wann Delphi awer en Optrag kritt hätt fir e Produit z’entwéckelen, deen et erméigleche géing bei Tester ze fuddelen, da kéint d'US-Firma mat europäeschem Sëtz zu Käerjeng Kompliz sinn.

Audio:

en Interview vum François Aulner mam Claude Liesch: