Radioen

On air

Notturno  |  Emile Mosseri - My Greedy Heart

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Sozialleeschtunge fir EU-Bierger kierzen ass Demagogie"

"Brexit"

"Sozialleeschtunge fir EU-Bierger kierzen ass Demagogie"

Den Aarbechtsminister Nicolas Schmit bezeechent den EU-Accord mat Groussbritannien als "net extrem erfreelech". De britesche Premier David Cameron huet leschte Freideg mat sengen Homologen eng Rei Konzessioune fir säi Land ausgehandelt. De Cameron hätt déi aner Memberstaten ënner Drock gesat, sou den LSAP-Minister Schmit.

Michel Delage

auto_stories

4 min

Nicolas Schmit

Déi gréisste Gefor wier, wann d'Brite bannent der Europäescher Unioun e Beispill géife ginn, sot den Aarbechtsminister Nicolas Schmit op dësem Sonndeg am 100,7-Interview. “Hei war jo e bëssen eng Erpressungs-Demarche fir ze soen: ‘wann s du mer dat doten net gëss, da kann ech der net d’Sécherheet ginn, datt ech ka bleiwen’”. Sollt déi Logik sech duerchsetzen, da wier dat e geféierleche Wee, deen Europa definitiv géif schwächen.

Gläichzäiteg wéilt ee Groussbritannien bannent der EU halen. En Austrëtt “wier e Signal, datt e grousst Land d’Unioun verléisst”, eppes wat "Euroskeptiker an Europhoben" immensen Opdriff géif ginn.

Déi Lëtzebuerger Regierung hätt um Sommet zu Bréissel op eng ganz Rei Prinzipie gepocht, sou de Nicolas Schmit. Déi wiere méi oder wéineger erhal ginn. De Minister huet d’Beispill vun der Eurozon genannt oder och de Bannemaart am Beräich vun de Finanzservicer.

"Sozialleeschtunge kierzen ass Demagogie"

Datt Groussbritannien elo och kann d'Sozialleeschtunge fir EU-Auslänner aschränken hält de Nicolas Schmit fir Demagogie. Et géif den Androck vermëttelt ginn, wéi wann d'Leit nëmme wéinst méi héije Sozialleeschtunge géife bougéieren. Dat wier awer falsch. An der EU géifen et zwar "enorm sozial Diskrepanzen" tëschent den eenzelne Memberstate ginn. Do misst ee fir méi Kohesioun suergen.

Wäerten aner Memberstaten elo och Sozialleeschtunge vun EU-Bierger kierzen, sou wéi Groussbritannien dat neierdéngs däerf maachen? “Beim Kannergeld ass dat scho virgesinn”, huet den Nicolas Schmit geäntwert.

Schengen: "Saache präservéieren ier mer anerer ausbauen"

Den Aarbechtsminister war Samschdeg zu Berlin op enger Konferenz vum Think Tank Polis 180 an der Hertie-Stiftung iwwert d’Zukunft vum Schengen-Raum. Trotz der Flüchtlingskris an den terroristeschen Attacke wier d’Bannegrenzen zoumaache keng Léisung, war ee Message, deen den Nicolas Schmit zeréck behal hätt. “Mir sinn elo e bessen an eng Situatioun an Europa komm, wou et scho bal drëm geet: Wéi kënne mer Saache präservéieren ier mer iwwerhaapt erëm drun denke kënne verschidde Saachen ze developpéieren an auszebauen”.

Bei der Kontroll vun de Baussegrenze vu Schengen missten d’Souveränitéiten opgedeelt an d’Mëttelen zesummegeluecht ginn, sou de Lëtzebuerger Aarbechtsminister. Dat wier awer net genuch geschitt. Italien, beispillsweis, hätt “jorelaang gejaut” si wieren alleng gelooss gi mat deem wat am Mëttelmier geschitt. “Keen huet op se gelauschtert, keen ass op se agaang”. Och net déi Lëtzebuerger Regierung, huet den Nicolas Schmit op Nofro hinn zouginn.

"Ech kann nëmme begréissen, datt sech hei e ‘core Europe’ erëmfënnt”

Op den allgemengen Zoustand vun der Europäescher Unioun ugeschwat huet den LSAP-Politiker fir eng differenzéiert Integratioun plädéiert. Op dee Wee misst ee séier goen. “Mir brauchen elo eng Rei vu Länner, déi wierklech gewëllt sinn en europäesche Wee ze goen”. Viséiere misst een eng “intelligent Integratioun”: net alles harmoniséieren, mee Souveränitéiten zesummeleeën, do wou et indispensabel wier.

Sou Initiative wiere fréier vu Frankräich an Däitschland ausgaang, sot den Nicolas Schmit. Kéinten déi sechs Grënnungsmembere vun der deemoleger Europäescher Gemeinschaft an déi Richtung goen? “Ech weess net, ob et elo ganz konkret Pläng gëtt. Mee ech kann nëmme begréissen, datt sech hei e ‘core Europe’ erëmfënnt”. Den 9. Februar war de Lëtzebuerger Diplomatiechef zu Roum mat sengen Homologen aus Däitschland, Frankräich, Holland, der Belsch an Italien.

 

Den Nicolas Schmit am Gespréich mam Michel Delage: