Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  Moor Mother - Woody Shaw Feat. Melanie Charles

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sproochesträit oder Auslännerfeindlechkeet?

Lëtzebuerger Sprooch

Sproochesträit oder Auslännerfeindlechkeet?

D'Ultranationalisten benotzen d'Diskussioun iwwert d'Lëtzebuerger Sprooch fir hir auslännerfeindlech Tendenzen un d'Leit ze bréngen, mengt d'Danielle Igniti. Et dierft een dëse Leit den Terrain net iwwerloossen.

auto_stories

3 min

D'Lëtzebuergesch ass ville Lëtzebuerger hir Mammesprooch. Si ass och eis Ëmgangssprooch an et ass richteg, datt se soll geléiert, studéiert a gebraucht ginn. Si soll net verluer goen an evoluéiere, wéi all lieweg Sprooch. Doriwwer, mengen ech, si mer eis all Eens, ob mer elo d'Petitioun ënnerschriwwen hunn oder net.

Et ass ee begeeschtert vu Lëtzebuerger Literatur, Theater, Lidder a Sketcher. Et gebraucht ee mat Loscht a Spaass Wierder wéi Topert, Bëtschel oder Plakert. Et schmunzelt ee wann ons Stater eise Minettsdäpp vum Avion zielen, mat dem se an den Avenir geflu sinn, deen an der Zukunft läit. Et ass een erstaunt, dat se op der Musel vu Kläbbere schwätzen an Äerdbier mengen.

Source vu Freed a Sträit

Et ass also Freed, dës Sprooch ze gebrauchen an hire Räichtum z'entdecken. Et ass awer och eng Chance, kënne vun enger Sprooch an déi aner ze wiesselen. Polyglott ze sinn a sech iwwerall ze bretzen mat senge ville Sproochen.

An awer ass et zu enger Petitioun komm fir d'Lëtzebuerger Sprooch quasi obligatoresch ze maache mat hannendrop engem regelrechte Sproochesträit, dee leider e staarken auslännerfeindlechen Ënnertoun kritt huet.

Deen éierbaren Effort fir d'Lëtzebuergesch ze promouvéieren a säi Gebrauch ze stabiliséieren, ass mëssbraucht gi fir äusserst diskutabel Ideologien duerchzesetzen. Et ass op emol net méi ëm d'Sprooch gaangen, well gesäit een déi Léit, déi hei operéiere rar do wou d'Sprooch honoréiert gëtt: A Bibliothéiken, am Theater a Liesungen oder a Librairien.

Auslännerfeindlechen Ënnertoun

Si wëllen d'Land splécken a Lëtzebuerger, déi Lëtzebuergesch schwätzen, an an Auslänner, déi mussen ausgegrenzt ginn. D'Lëtzebuerger Sprooch gëtt e Mëttel zum Zweck fir ultra-nationalistesch Aktivisten, déi de Lëtzebuerger hir irrational Ängschten ausnotzen an zur ethnescher Säuberung opruffen. De Feind ass den Auslänner - ob en elo Lëtzebuergesch kann oder net, ass am Fong net méi wichteg.

Den Auslänner ass den ideale Sënnebock a Schold un all deene Problemer fir déi bis elo keng Léisunge fir leien: Aarbechtslosegkeet, Wunnengsnout, schläichend Aarmut, schlecht Schoulresultater an ëmmer manner Kapassitéit d'franséisch Sprooch ze beherrschen. Do wou d'Politik versot huet, ass elo Plaz fir Haass an Hetz.

Ech muss soen, datt et mech net wonnert. Et erënnert mech un eng Erfahrung am sechste Schouljoer. Déi dräi éischt an der Klass hunn Cesarini, Tiburzi an Igniti geheescht. D'Mamm vun dem véierte Kand sot dunn: "Wann déi dräi do wären, wou se higehéieren da wäers du dat Éischt!" Dobäi ware mir Lëtzebuerger, hei gebuer an dem Lëtzebuergeschen absolut mächteg. Dat ass scho laang hier an et huet sech näischt geännert. Just, datt mer net méi an Zäite vu Vollbeschäftegung mee an der vu Spuerpäck sinn.

Léisungsvirschléi

Et wär also un der Zäit:

1. Eng seriö an opgeschlossen Debatt iwwert eis Nationalsprooch oder Sproochen ze féieren. Eng Debatt, déi net ausschléisst, an déi een net den Integristen den Terrain iwwerléisst.

2. Fir couragéiert an opklärend Wieder iwwert déi wichteg Roll vun den Net-Lëtzebuerger hei am Land vun de responsabelen Autoritéiten ze héieren.

3. Fir sozial Gerechtegkeet a Chancëgläichheet konkret an d'Weeër ze leeden, de Leit hir Ängschten Eescht ze huelen an den Ultranationalisten de Wand aus de Seegelen.