Radioen

On air

De Moien  |  Boulevards - Run and Move

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Robert Biever erkläert sech

SREL, Bommelëeer, Luc Frieden

De Robert Biever erkläert sech

An der Emissioun Riicht Eraus ass de Procureur Général d'Etat op d'Evenementer vun dësem Joer zréck komm.

Jean-Claude Franck

auto_stories

1 min

De Procureur Général d’Etat fuerdert eng Reform vun der Police Judiciaire. “Dir kënnt der Justiz déi schéinsten Onofhängegkeet gi vun der Welt. Wa se keng qualifizéiert Enquêteuren huet, dann ass dat wéi en Dirigent ouni Museker”, esou de Robert Biever an der Emissioun Riicht Eraus hei um 100,7. Et wier e Problem, datt d‘Enquêteurë vun vum Untersuchungsriichter dirigéiert ginn, datt se awer administrativ vun der Police an domat vum Policeminister ofhängeg sinn.

Seng Aussoen am Juni iwwer d’Roll vum fréiere Minister Frieden an der Bommeleeër-Affaire an iwwer d’Dysfonctionnementer am Geheimdéngscht, bereit de Procureur Général net. Dat hie reprochéiert krut, kuerz virum Mësstrauensvote géint de Luc Frieden e Rückzieher gemaach ze hunn, hätt hien extrem béis gemaach. “Déi Leit solle bei den Ourendokter goen”, esou de Robert Biever.