Den Enrico Lunghi kritt Ënnerstëtzung vum Staat, fir juristesch géint d’RTL-Mammenhaus CLT-UFA virzegoen. Den nach-Mudam-Direkter huet eisen Informatiounen no gëschter Bescheed kritt, datt dës Ënnerstëtzung accordéiert gouf, sou wéi de Statut vum Staatsbeamte se virgesäit. De Staat wäert also seng Affekotefraisen iwwerhuelen.
Et gëtt e favorabelen Avis vum Ministère vun der Fonction publique fir eng juristesch Assistance fir den Enrico Lunghi.
De Staat schützt seng Fonctionnairë géint all Beleidegung, Menace oder Diffamatioun, grad wéi z.B. géint all Akt vu moraleschem Harcèlement a Relatioun mat senger Aarbecht, heescht et am Statut.
Den Enrico Lunghi huet jo wëlles wéinst Ruffschiedegung Schuedenersatz vum RTL-Mammenhaus ze fuerderen. Hie wäert virum Zivilgeriicht eng deementspriechend Demande deposéieren, hat säin Affekot eis d’lescht Woch gesot. Et geet ëm d’Aart a Weis, wéi den RTL-Bäitrag vum 3. Oktober montéiert war a wéi den Enrico Lunghi doran duer gestallt gouf.