Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Daniel Balthasar - Somebody's Somebody

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Experte kritiséieren d'Chamber

Staatsfinanzen

D'Experte kritiséieren d'Chamber





D'Chamber gëtt hirer Roll fir d'Iwwerwaachung vum Budget net gerecht, esou d'Konklusioun vun dräi Ekonomisten an der Table-Ronde iwwert d'Staatsfinanzen. De Statec-Direkter Serge Allegrezza, de President vum "Nationale Rot fir ëffentlech Finanzen" Romain Bausch an de fréieren Direkter vum Trésor am Finanzministère Georges Heinrich hunn d'Regierung opgefuerdert, mat enger eenheetlecher Staatskontabilitéit a mat eenheetleche Statistiken ze schaffen.

auto_stories

5 min

Photo: Chambre des députés

Kritik un der Chamber wat de Suivi vum Staatsbudget ugeet. Trotz villen Informatiounen an Analysen, déi virleien, géing d'Chamber hirer Aufgab net gerecht ginn, fir d'Entwécklung vum Staatsbudget ze kontrolléieren: dat sot de Romain Bausch, President vum "Nationale Rot fir ëffentlech Finanzen" (CNFP) a "Riicht eraus". Eng Meenung, déi och gedeelt gëtt vum fréieren Direkter vum Trésor am Finanzministère, dem Georges Heinrich, a vum Direkter vum Statec dem Serge Allegrezza.

Eng volatil Ekonomie

"Mir maachen eis Aarbecht esou gutt wéi méiglech", seet de Statec-Direkter. Zwee mol d'Joer géing d'Statistikverwaltung mat den "Note de conjoncture" makroekonomesch Analysë presentéieren, déi an d'Opstelle vum Staats-Budget erafléissen. Datt et bei de Revisioune vun deenen Zuele grouss Fluktuatioune kënne ginn, wär keen neie Phänomen.

Dat hätt mat de Charakteristike vun der Lëtzebuerger Ekonomie ze sinn, déi ganz oppe wär. D'Facteuren, déi d'Wirtschaft an déi ëffentlech Finanze beaflossen, wären net ënnert der direkter Kontroll vun den ekonomeschen an nationalen Acteuren oder vun der nationaler Regierung, erkläert de Serge Allegrezza. "Dat ass e Fakt vu politeschem a statisteschem Liewen zu Lëtzebuerg".

Méi Zesummenaarbecht a bessert Datematerial

De Staatsbudget soll no enger méi transparenter Method opgestallt ginn, seet de Romain Bausch. Fir de President vum "Nationale Rot fir ëffentlech Finanzen" missten déi verschidde staatlech Verwaltunge beim Ausschaffe vum Budget méi mat abezu ginn. D'Expertë sollen ufanks méi fräi Hand gelooss kréien an duerno eréischt soll d'Politik hir Akzenter setzen.

Déi dräi Ekonomiste si sech eens, datt et net gutt ass, datt de Staatsbudget am Hierscht opgestallt gëtt, op Basis vu statisteschem Material vum Fréijoer. Um prozedurale Kalenner kéint eppes geännert ginn, datt schonns d'Date vum Hierscht mat an de Budget afléissen.

"Comité de prévision"

Do kéint de "Comité de prévision" eng wichteg Roll spillen, soen déi dräi Experten. Am Joer 2010 war dat Organ geschaf ginn, mam Zil, datt all d'Date vun de verschiddene Verwaltungen an Acteuren iwwerenee geluecht ginn, fir esou zouverlässegt Material wéi méiglech ze hunn. De "Comité de prévision" soll weisen, wou d'Staatsfinanzen dru sinn. Dem Romain Bausch no missten dee Gremium an och den "Nationale Rot fir déi ëffentlech Finanzen" abezu ginn, beim Ausschaffe vun der politescher Ausriichtung vun de Finanzen. Et misst schonn dee Moment gemooss ginn, wat de wirtschafts- a finanzpoliteschen Impakt vun den Decisioune vun der Politik sinn. "Beim Depot vum Staatsbudget ass net gewosst, wat den Impakt vum Budget op déi makroekonomesch Previsioune sinn", seet de Romain Bausch.

Eng besser national Kontabilitéit duerch EU-Oplagen

"D'Evolutioun vum EU-Kader hat vill Afloss op d'Aart a Weis, wéi Politik gemaach gëtt", seet de fréieren Direkter vum "Trésor" am Finanzministère. Nodeems bekannt ginn ass, wéi Griicheland seng Statistike "traffiquéiert" huet, hätt d'EU-Kommissioun hir Ufuerderungen un d'Memberstaate verschäerft. Doduerch hätt sech och zu Lëtzebuerg déi intern Gouvernance verbessert, seet de Georges Heinrich. D'Kultur vun der Lëtzebuerger Budgetsdiskussioun hätt vum europäesche Kader profitéiert.

De Romain Bausch huet d'Problematik vun de ënnerschiddleche Budgetskontabilitéiten, déi zu Lëtzebuerg benotzt ginn, ervirgehuewen. A senger Ried beim Depot vum Budgetsprojet hätt de Finanzminister Pierre Gramegna quasi nëmmen d'Zuele vum europäesche Kontabilitéitssystem (SEC) benotzt. De Budget selwer awer géing ëmmer nach no der Lëtzebuerger Gesetzgebung vun der vun der "Comptabilité de l'Etat" gemaach ginn.

De "Semestre européen" (déi europäesch Koordinatioun vun de Finanzpolitike vun de Memberstaaten) an d'Lasskoppele vum pluriannuellen an dem nationale Budget, géing méi eng breet Diskussioun mat der Gesellschaft mat sech bréngen, mengt de Romain Bausch. "Et brauch een en eenheetleche Kontabilitéitsplang", fuerdert och de Statec-Direkter.

"D'Parlament übt seng Roll net aus"

D'Parlament hätt eng wichteg Roll ze spillen, mee géing dat awer net maachen. Do waren déi dräi Ekonomiste sech eens. Nom Vote vum Budget an der Chamber géingen d'Deputéiert d'Exekutioun vum Budget net méi iwwerwaachen an nopréiwen, kritiséiert de fréieren Direkter vum Trésor. "Si mir 'on track'?", doriwwer géing et keng Diskussioun ginn, esou de Georges Heinrich. Dobäi kéint grad den "Nationalen Rot fir déi ëffentlech Finanzen" (CNFP) eng Hëllef fir d'Chamber sinn.

De CNFP mécht zweemol am Joer d'Evaluatioun vun den ëffentleche Finanzen. Et géingen immens vill Informatiounen an Analysen zur Verfügung stoen, d'Chamber géing awer net dovu profitéieren, kritiséiert de Romain Bausch.

E Beispill: fir 2015 war beim Gesamtbudget en Defizit vun 135 Millioune virausgesot ginn. Et gouf awer en Iwwerschoss vun 800 Milliounen Euro: also en Ecart vun enger Milliard.

"Firwat gëtt do net driwwer geschwat?", freet de Romain Bausch.

D'Chamber misst méi Efforte maachen an de Budget anescht diskutéieren, esou d'Kritik. An der Finanzkommissioun hätt d'Diskussioun iwwert de Budget iwwert d'Joren net geännert.

Dem Serge Allegrezza no missten dChamber, de Public an d^'Medien nach méi iwwert de Fonctionnement vun de Staatsfinanzen opgekläert ginn.

D'Politik huet Spillraum

An der Chamber sollen net just Expertë setzen, seet de Romain Bausch. Mee d'Chamber misst sech d'Mëttele ginn, fir mat ze schwätzen. An anere Länner géing et Gremie ginn, déi d'Viraarbecht fir d'Deputéiert maachen. "D'Deputéiert musse besser outilléiert ginn, fir Background ze hunn, fir hir Aarbecht unzepassen", seet de President vum CNFP.

Och bannent dem europäesche Kader wär et nach ëmmer méiglech, national Politik ze maachen, esou de Georges Heinrich. Woubäi d'Politik heiansdo ganz kreativ wier an der Interpretatioun vun deem, wat Bréissel diktéiert.

De Statec-Direkter nuancéiert déi Analysen. Vill Staate géinge forcéiert ginn, fir eng pro-zyklesch Wirtschaftspolitik ze maachen. Dat heescht spueren, wann et der Ekonomie net esou gutt geet. Dat hätt en negativen Afloss op d'Konjunktur vun deene Staaten.

Och Lëtzebuerg kéint vill méi investéieren, wéi am Budget 2017 virgesinn ass, seet de Serge Allegrezza. Lëtzebuerg wär wäit ewech vun de maximale 60% vum PIB u Staatsschold, déi am europäesche Stabilitéitspakt virgesi sinn. Et géing eng grouss "Marge de Manoeuvre" ginn.