Radioen

On air

De Moien  |  Marcy - Johnny

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Iwwerleeunge fir Steierkredit ze verduebelen

Steierreform

Iwwerleeunge fir Steierkredit ze verduebelen

Méi Kafkraaft fir Stéit, déi keng Steiere bezuelen ? D'Regierung diskutéiert 100,7-Informatiounen no iwwer eng Verdueblung vum Steierkredit fir Salariéë, Pensionnairen an Indépendanten.

auto_stories

2 min

©Adam88x / Bigstock

D'Regierung denkt driwwer no, fir am Kader vun der Steierreform, de Steierkredit fir Salariéën, Independanten a Leit an der Pensioun ze verduebelen. Vum nächste Joer u kréichen déi concernéiert Leit da 50 Euro amplaz vun den aktuelle 25 Euro de Mount. De Käschtepunkt fir de Staat géif bei iwwer 100 Milliounen Euro d'Joer leien.

Als Virdeel gëtt an der blo-rout-grénger Koalitioun ugefouert, datt vun där Mesure och déi 40 Prozent vun de Stéit profitéieren, déi guer keng Steiere bezuelen. Skeptesch Stëmme fäerten, datt déi Mesure net cibléiert genuch ass. Och géife Leit mat méi héije Revenuen dovu profitéieren, obwuel déi net drop ugewise wieren.

Viru siwe Joer huet d'Regierung Juncker-Asselborn e Crédit d'Impôt vu 25 Euro de Mount, also 300 Euro d'Joer agefouert.

D’Steierreform soll Enn Abrëll virgestallt ginn an 2017 a Kraaft trieden. Fir den Ament gëtt nach intensiv verhandelt, besonnesch tëscht DP an LSAP.