Radioen

On air

Notturno  |  Tuys - Everyday Soleil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sträit iwwer CETA spëtzt sech zou

Fräihandelsaccord EU-Kanada

Sträit iwwer CETA spëtzt sech zou

D'EU-Kommissioun wëll just d'Europaparlament an d'Decisioun iwwer de Fräihandelsaccord tëscht der EU a Kanada (CETA) abannen. Déi Lëtzebuerger Regierung besteet awer drop, datt déi national Parlamenter däerfe mat entscheeden. De Premier Xavier Bettel bréngt juristesch Schrëtter géint d’Approche vun der Bréisseler Exekutiv an d’Gespréich.

auto_stories

1 min

De Xavier Bettel consideréiert jusristesch Mesuren

Déi Lëtzebuerger Regierung bleift dobäi: Déi national Parlamenter sollen an den Entscheedungsprozess iwwer de Fräihandelsaccord tëscht der EU a Kanada mat agebonne ginn. En Dënschdeg am Nomëtteg war bekannt ginn, datt d'EU-Kommissioun Wëlles hätt just d'Europaparlament mat iwwer de sougenannten CETA-Accord ofstëmmen ze loossen.

Den EU Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker huet seng Positioun e Mëttwoch nuancéiert. Hie géif sech net dergéint wieren, fir déi national Parlamenter awer an d'Decisioun iwwert deen Accord mat anzebannen, esou de Jean-Claude Juncker um EU Sommet zu Bréissel.

De Premier Xavier Bettel huet dorobber verwisen, datt hien elo nach op déi definitiv Positioun vun der EU-Kommissioun waart. Wann et dobäi bleift, datt déi national Parlamenter net mat decidéiere kënnen, géif déi Lëtzebuerger Regierung bei hire Bedenke bleiwen: "A mir halen eis do nach aner Méiglechkeeten op Reserve, fir dat juristesch iwwerpréiwen ze loossen."
D'Chamber hat viru Kuerzem eng Resolutioun iwwert CETA gestëmmt an där och festgehal gouf, datt déi national Parlamenter net dierften iwwergaang ginn.

Xavier Bettel iwwer CETAplay_arrow