Radioen

On air

Notturno  |  Audiopsy - On Dit Que l'Argent Parle Feat. DJ Kwistax

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Stroum- a Gas-Compteuren 3.0

Energie an Dateschutz

Stroum- a Gas-Compteuren 3.0

Den eegene Stroum- an Erdgasverbrauch suivéieren a geréieren, soll méi einfach ginn: Bannent deenen nächste véier Joer ginn all d'Compteuren am Land duerch e sougenannte "Smart meter" ersat. Dës "intelligent Compteuren" liesen de Verbrauch am Stot a leeden d'Donnéeën un eng zentral Plattform weider. Mee wat genee geschitt mat de gesammelten Informatiounen a wéi sécher si se virun Zougrëff vun Drëtten?

auto_stories

4 min

© simpson33 / Bigstock

D'Konsumenten zum Energiespuere bewegen, andeems een hinne méi Informatiounen iwwer den Energieverbrauch zur Verfügung stellt. Dat ass een Zil vun enger EU-Direktiv, déi elo och zu Lëtzebuerg an d'Praxis ëmgesat gëtt. En intelligente Compteur an all Doheem hätt vill Virdeeler, sou de Wirtschaftsminister Etienne Schneider. Etudë géife weisen, datt d'Energie-Consommatioun géif erofgoen, wann ee säi Verbrauch genee géif kennen an e kéint anescht organiséieren.

D'Consommateure kënnen hire Stroum- an Erdgasverbrauch wéi gewinnt vum Compteur selwer ofliesen. Duerch ee sougenannten "Ecran déporté" oder ee "Smart home"-System kréie si awer zousätzlech Méiglechkeeten, fir hir Energie-Consommatioun op Distanz ze suivéieren an ze geréieren. Zum Beispill mam Smartphone.

Virun allem zu Spëtzenzäite géif déi nei Technologie dem Client en Avantage bidden, sou den Etienne Schneider. Wann de Clienten dem Fournisseur géif Accès op seng Geräter ginn, kéint deen him e speziellen Tarif ginn. Als Beispill nennt de Minister een Tiefkühler, deen net dauernd misst lafen.

Véier Joer Ëmstellungs-Phas

D’Gestioun vun den Donnéeën iwwerhëlt Luxmetering, eng Interessegemeinschaft, déi vun de siwe Reseaus-Bedreiwer am Land gegrënnt gouf. Den Direkter vu Luxmetering Paul Hoffmann schwätzt vun 300.000 Stroum-Compteuren an 80.000 Gas-Compteuren. D'Ëmstellung wär deemno ee groussen, logisteschen Opwand. De Prozess soll en deenen nächste Méint ulafen a véier Joer daueren.

Déi intelligent Compteuren sinn awer net op d’Moosse vum Stroum- an Erdgasverbrauch limitéiert, esou de Paul Hoffmann weider. De System wär och oppe fir Waasser a Fernwärme. Doduerch kéinte Käschte gespuert ginn.

Donnéeë ginn net via Internet iwwerdroen

Wann de Verbrauch vun Energie genee gemooss gëtt, entsteet dobäi eng Onmass vun Donnéeën. Luxmetering géif d'Donnéeën ausliesen an un d'Gestionnairë vun de Reseaue schécken, erkläert de Paul Hoffmann. Déi géifen d'Informatiounen op elektroneschem Wee un d'Fournisseure weiderleeden. An d'Fournisseure wäre verflicht, de Clienten dës Donnéeën accessibel ze maachen.

Aus Sécherheetsgrënn ginn d'Donnéeë verschlësselt iwwerdroen. A fir d'Vermëttlung gëtt op de Stroum- oder Handyreseau zréckgegraff, mee zu kengem Moment op den Internet. "Et ass wichteg, datt nëmmen déi Leit Zougrëff op déi Donnéeën hunn, déi se och brauchen", seet de Jerry Weyer vun der Piratepartei. De Client selwer misst och kënnen an engem Historique erkennen, wien zu wéi engem Zäitpunkt op seng Donnéeën zougegraff huet.

De Gilles Hahmen vum Reseaus-Bedreiwer Creos hält d’Donnéeë fir sécher. Well se kee Verfallsdatum hätten, kéint ee sech trotzdem Accès drop verschafen, wann ee genuch Zäit dra géif investéieren.

Réckschlëss iwwer Liewensgestaltung

All 15 Minutten schéckt de Compteur deen aktuelle Verbrauch un d'Zentral. Et géif ee sech domadder un d'Richtlinn vun der europäescher Direktiv halen an nëmme souvill Informatioune wéi néideg sammelen, esou de Georges Wantz vun der Dateschutzkommissioun: "Obwuel technesch méi méiglech gewiescht wier, ass et onnéideg. An doduerch gëtt och net méi gemaach. Dat steet och sou am Gesetz, respektiv am Reglement."

Luxmetering sammelt just d'Informatioune vun de Compteuren, a keng perséinlech Donnéeë vun de Clienten. Mee schonn den Zäitpunkt an d'Quantitéit vum Energieverbrauch loossen vill Réckschlëss iwwer d'Liewensgestaltung vun enger Persoun zou, erkläert de Jerry Weyer vun der Piratepartei. Et kéint een erausfannen, wéini d'Leit doheem wären, wou si sech am Haus géifen ophalen a wat si géife maachen.Et kéint ee sech virstellen, datt Entreprisen oder de Staat un der Analys vun de gesammelten Donnéeën interesséiert wieren.

Esou eng Analys dierft net gemaach ginn, well d'Finalitéit vum Gesetz restriktiv definéiert wier, betount de Georges Wantz. D'Dateschutzkommissioun hat an engem Avis gefuerdert, datt déi gesammelt Donnéeën héchstens sechs Méint dierfe gespäichert ginn. D'Regierung huet awer decidéiert, eng Späicherdier vu bis zu 15 Joer z'erlaben. Dat wär Schued, seet de Georges Wantz. Dat wär awer e Maximalwäert. Luxmetering wär net gezwongen, d'Donnéeë sou laang ze halen.

Luxmetering verweist dorop, datt d’Späicherzäit vu 15 Joer zum Verbraucherschutz vum Client bäidréit.