Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Table ronde: International Steiergerechtegkeet

Steierpolitik

Table ronde: International Steiergerechtegkeet

“Den internationale Steiersystem fonctionnéiert net méi.” Doriwwer ware sech d’Invitéen vun enger Table Ronde vum Cercle de Cooperation den 2. Juni hei zu Lëtzebuerg Eens. Sujet am Débat waren ënnert anerem d’Flucht vu Kapital aus dem afrikanesche Kontinent, d’geplangten Steier-Transparenz Mesure vun der OECD (de sougenannte BEPS-Programm), d’rezent Luxleaks Revelatiounen an d’Rolle vu Lëtzebuerg a vun der lëtzebuerger Finanzplaz an der globaler Steierlandschaft.

auto_stories

2 min

D’Plattform vun ONGen am Beräich vun der Entwécklungshëllef huet zesumme mat Etika a Gréng Stëftung d'Table Ronde organiséiert ënnert dem Titel: “Illicit Financial Flows – Out of Africa into the wild”. D’Invitéen waren de Franz Fayot (Députéierten, LSAP), de Michael Otieno Oloo (Tax Justice Network – Africa), de Keith O’Donnell (Managing Partner bei der Steierberodungsfirma ATOZ), de Rainer Falk (Grënner vum Informatiounsblat Weltwirtschaft und Entwicklung) an de Mike Mathias (President vu Gréng Stëftung a Member vum Staatsrot).

D’Opnam vun der ganzer Table ronde an der Banque de Luxembourg (Englesch):

 

Den Interview vum François Aulner mam Keith O’Donnell no der Table Ronde (Franséisch):