Radioen

On air

Metal Meltdown  |  Metal Meltdown

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zeechent sech d'Enn vum "Tanktourismus" of?

Ëmweltpolitik

Zeechent sech d'Enn vum "Tanktourismus" of?

Et ass eng liicht Baisse, mee si fält op: D'lescht Joer ass am Verglach mam Joer virdrun 3,3% manner Sprit op de Lëtzebuerger Tankstelle verkaf ginn, dat betrëfft souwuel Bensin wéi och Diesel. Dëst Joer geet deen Trend no ënne weider (-5% par rapport zu 2014). Ass den "Tanktourismus" amgaang zeréckzegoen?

Christiane Kleer / md

auto_stories

4 min

© Darvidanoar / Bigstock

Dat hänkt fir d'éischt emol dovun of, wat een ënner "Tanktourismus" versteet. Fir de Camille Gira, grénge Staatssekretär am Ëmweltministère, sinn dat "souwuel Privatleit wéi och Camionneuren, déi just wéinst der Präisdifferenz op Lëtzebuerg kommen. Net nëmmen um Sprit, mee och um Kaffi, um Alkohol a virun allem um Tubak ". De Generalsekretär vum Groupement pétrolier René Winkin seet, datt "de groussen Deel vum Volume, dee mir zu Lëtzebuerg verkafen, näischt mat "Tanktourismus" ze dinn huet." D'Clientë wieren haaptsächlech Leit, déi zu Lëtzebuerg schaffen an hei géifen tanke soulaang et méi bëlleg ass.

D'Camionen um Wee vu Rotterdam a Südeuropa géife souwisou duerch Lëtzebuerg fueren an hei volltanken, sou de René Winkin. Also och keng klassesch "Tanktouristen". Wéi eng Konsumente wat kafen ass schwéier eraus ze fannen, detailléiert Statistike gëtt et keng. Sécher ass: Wann de Staat manner Accisen andreiwt, huet dat en Impakt op d'Staatsfinanzen. D'Regierung huet den däitsche Fuerscher Dieter Ewringmann beoptragt, de Phänomen z'analyséieren. D'Etude krut Verspéidung fir kënne rezent Zuele mat afléissen ze loossen.

Lount sech den Tankstopp zu Lëtzebuerg nach?

De Camille Gira huet e Widdersproch festgestallt: Et gëtt manner Sprit verkaf obwuel d'Präisser an de leschte Méint staark gefall sinn. Mat ronn 39 Dollar de Barrel huet den Uelech den Ament säin niddregste Stand zënter 2008 erreecht. Allerdéngs geet de Präis fir e Liter Diesel oder Bensin iwwerall erof. A fir "Tanktouriste" muss den Ëmwee sech lounen.

Grad dat wier den Ament net de Fall, d'Präisdifferenz wier ze kleng, seet de Pascal Vandalle, Direkter vun der franséischer "Union des Entreprises de Transport et de Logistique". De Facteur Zäit géif hei eng Roll spillen. "D'Chauffere kréien zënter zwee Joer vun hiren Employeure gesot, net méi op den Tankstelle stoen ze bleiwe wann déi iwwerlaascht sinn. Dat wat se um Spritpräis gewanne verléieren se duerch d'Waardezäit - heiansdo bleift de Won iwwert eng Stonn stoen".

Petrolskonzerner lackelen net méi mat Remisen

De René Winkin verweist sengersäits och op d'Hausse vun der TVA. Des weidere goufen d'Concessioune vun den Autobunnstankstellen (Aire de Capellen an Aire de Berchem) nei ausgeschriwwen. An zwar no engem neie Prinzip: Amplaz e pauschale Loyer ze froen huet de Staat d'Pëtrolieren opgeruff, eng Offer pro verkaaftem Liter Diesel oder Bensin ze maachen. Fir sech de Marché ze sécheren hätten d'Petrolskonzerner héich ugesat. Doduerch géifen hir Marge falen a se géifen ee Verkafsargument verléieren, nämlech d'Remisë mat deenen se bis dohin d'Camionneure konnten ulackelen.

De Réckgang vum Spritkonsum erkläert de Staatssekretär Camille Gira och duerch déi nei Akzenter, déi d'Regierung an der Mobilitéitspolitik gesat hätt. Souwuel d'Residente wéi och d'Frontaliere géifen zum Beispill méi op den ëffentlechen Transport setzen, also manner Auto fueren. D'Transportfirme géifen hirersäits méi performant Motoren a méi effizient Technologien asetzen. "D'GPS-Technik huet et erlaabt, datt d'Camione vill manner eidel fueren", sou de Camille Gira. "Leerfahrte" wieren "drastesch" reduzéiert ginn, vu 50% op 30%.

Ka sech d'Staatskeess manner "Tanktourismus" leeschten?

Déi Gréng hunn am hirem Programm fir déi lescht Chamberwahlen 2013 dofir plädéiert, d'Ofhängegkeet vum "Tanktourismus" no a no ze reduzéieren. Wann d'Etude iwwert den Tanktourismus géif weisen, datt de Staatsbudget dat ka verkraaften, wier dat wënschenswäert, gëtt de Staatssekretär Gira zou. Fir hie géif d'Rechnung opgoen: Manner verkaafte Sprit a manner Accisen engersäits, anerersäits da méi Recetten iwwert d'TVA um private Verkaf a manner CO2-Emissiounen, déi Lëtzebuerg beim Emissiounshandel misst akafen.

Um lokale Plang huet déi gréng Geschäftsfra a fréier Deputéiert Christiane Wickler eng ähnlech Analyse gemaach. Si huet decidéiert den éischte Januar eng vun hiren Tankstellen zu Uewerpallen zouzemaachen, déi am Duerfagank steet. Domat wéilt si en Zeeche fir de Klima setzen. Wann d'Plaz bis sanéiert ass soll do eng Offer entstoen, déi indirekt awer vum Pëtrol ofhänkt: en Drive-In-Supermarché.

Lauschtert de Bäitrag vum Christiane Kleer: