Radioen

On air

Notturno  |  Afrobeathoven - Klopapier Feat. Pit Dahm

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ginn d'Taxie méi bëlleg?

Taxisreform

Ginn d'Taxie méi bëlleg?

Taxie solle méi economesch, efficace an ecologesch ginn. Dofir gëtt d'Gesetz reforméiert. Den 20. Abrëll ass de Vote an der Chamber. Den 1. September soll d'Reform a Kraaft triden. An Zukunft ginn d’Lizenzen zentral verdeelt an net méi vun de Gemengen ausgestallt. Iwwerdeems gi sechs Zone geschaaft, bannent deenen d’Taxie kenne Clienten ophuelen. Awer net all Punkte vum Projet de Loi stellen d'Bedreiwer zefridden.

auto_stories

5 min

Déi grouss Ziler vun der Reform:​

  • En tranparente System vun de Lizenzen
  • Eng besser Kontroll
  • D'Zentralisatioun vu Reklamatioune vu Clienten
  • Méi en ekologesche System
  • Eng Baisse vun de Präisser

D’Präisser vun den Taxie si scho laang liberaliséiert. De Client konnt awer net ëmmer de Verglach tëscht den Tarifer maachen. Dofir gi se elo op der Fënster vum Taxi affichéiert. De Client muss och net méi deen éischten Taxi an der File huelen.

Si sechs Zonë wierklech economesch?

​D'Land gëtt duerch d'Taxis-Reform a sechs Zonen agedeelt. Bis ewell goufen et 42 Zonen. Duerch den neie System géifen eidel Trajete ewechfalen, seet de gréngen Deputéierten Henri Kox, Rapporter vum Gesetzprojet: "Wann e fréier huet missten an d'Stad fueren, konnt den Taxichauffer net onbedéngt rëm e Client mat zeréck huelen." Dat géif et de Chauffeuren erlaben, an Zukunft méi economesch ze fueren.

De President vun der Taxisfederatioun, Olivier Gallé, fënnt den neien Zonë-System awer kontraproduktiv. Chauffeure géife sech an där Zon auskennen, an där si ugemellt wären. "Wann ech e Chauffeur vun der Stad op Dikrech schécken, dee weess net grad wou all d'Stroossen zu Dikrech sinn. Dat heescht, deen ass do verluer. Wann do e Client d'Hand an d'Luucht hieft kann en net vill maachen." Den Olivier Gallé fäert, datt déi 550 Lizenzen doduerch an der Stad Lëtzebuerg wäerten zentraliséiert sinn.

Besser Kontroll a Sanktiounen

Am Gesetzprojet sinn nei Sanktioune virgesinn. Chaufferen oder Gesellschaften, déi géint d’Gesetz verstoussen, solle kënne bestrooft ginn. D'Kontroll gëtt vun der Douane a vun der Police assuréiert. Bis zu 500 Euro kéinte Beamten direkt sanktionéieren, seet den Henri Kox. Eng Entreprise oder en Taxi ouni gülteg Lizenz kéint immobiliséiert ginn.

"Et gi vill Entrepreneuren, déi net de Kollektivvertrag respektéieren," sou den Olivier Gallé. Et géif Sous-Locatioune vun Autorisatioune ginn, pensionéiert Chauffeuren, déi awer nach komplett schaffen, a souguer Chauffeuren, déi iwwerhaapt net ugemellt wären.

De Ministère - en Ouer fir de Client?

D'Taxisreform gesäit d’Méiglechkeet vir, fir Plainten anzereechen, wann d’Clientë mam Service net zefridde sinn. Reklamatioune kennen direkt un den Transportministère adresséiert ginn. Soubal d'Gesetz en Vigueur ass, géif een ufänken, Reklamatiounen entgéint ze huelen, sou den CSV-Deputéierte Marco Schank. "Fir ze gesinn ob d'Gesetz dat bréngt, wat et versprécht."

D'Zentraliséierung vun de Plaintë wär eng positiv Moossnam, mengt den Olivier Gallé. Allerdéngs huet hie Bedenken, well de Ministère keng Compétence juridique hätt. "E ka wuel eng Plainte unhuelen. E ka se och vläicht nach weider reechen. Mee ech weess net, wéi wäit dat juristesch ka verwend ginn."

De Zéro-Emission-Taxi

D’Aféiere vu Lizenze fir Autoen, déi keen Kuelendioxis ausstoussen, gesäit d'Federatioun kritesch. Dat wier net fir ee professionelle Gebrauch méiglech, seet den Olivier Gallé. Déi néideg Infrastruktur wär zwar versprach, et wéisst een awer net, wéini se géif kommen. Ausserdeem wären déi Autoen, déi dofir géifen a Fro kommen, duebel sou deier, wéi konventionell Taxien.

D’Federatioun vun den Taxigesellschaften ass net zefridden well déi groussherzoglech Reglementer feelen. Et wier schwiereg de Gesetzprojet global kënnen anzeschätzen.