Radioen

On air

Trendscheif  |  Kara Jackson - Right, Wrong or Ready

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Tierkei: EU-Bäitrëttsgespréicher suspendéieren?

Europapolitik

Tierkei: EU-Bäitrëttsgespréicher suspendéieren?

D’Europäesch Unioun misst séier eng Positioun fannen, wéi een an Zukunft mat der Tierkei well ëmgoen, fuerdert d’Anne Brasseur. D’DP-Deputéiert ass mat enger Delegatioun vum Europarot zu Ankara. D’Assemblée parlementaire vum Conseil de l’Europe wëllt préiwen, ob déi europäesch Mënscherechtskonventioun an der Tierkei agehale gëtt.

auto_stories

2 min

Anne Brasseur (Archivfoto)

Europäesche Politiker géif dacks virgehäit ginn, datt si de versichte Putsch vu Mëtt Juli dëst Joer an der Tierkei net géife veruerteelen: Dat wier net wouer, esou d’DP-Deputéiert Anne Brasseur. A Gespréicher mam tierkesche Fizepremier Numan Kurtulmuş hätt si kloer gemaach, datt d’Europäesch Unioun net domat averstane wier, wéi de Pouvoir an der Tierkei géint sougenannt Putschiste virgeet. Esou eng "Zäit vun der Verdächtegung", wéi ee si de Moment an der Tierkei geséich – dat wier den Ufank vun der Ofschafung vun der Demokratie.

EU- Bäitrëttsgespréicher

D’Europaparlament misst elo ofweien ob een d’EU-Bäitrëttsverhandlunge mat der Tierkei wéilt ofbriechen oder net, esou d’ Anne Brasseur. D'ONGen an der Tierkei géife soen, datt Negociatiounen ob kee Fall dierfte suspendéiert ginn, well ee méigleche Bäitrëtt géif hinnen Hoffnung ginn. Mee net jidderee wier där Meenung. Déi lénk prokurdesch Oppositiounspartei HDP géif sech ee staarkt Signal vun der Europäescher Unioun un déi tierkesch Regierung erwaarden. "Och d'Leit, déi net Unhänger vum Recep Erdoğan sinn, sinn entretemps gespalt."

"Keng Demokratie méi"

Eng vun de Konsequenze vum Putsch am Summer an der Tierkei ass der DP-Politikerin no, datt aktuell bis zu 40.000 Leit agespaart sinn. An de leschten zwee Joer wieren an der Tierkei 130.000 Staatsbeamten entlooss ginn. 150 Journalisten an iwwer 2.300 Riichtere wiere verhaft ginn, ouni datt et eng Uklo géif ginn. Déi Leit kéinte kee Recours maachen a sech net géint dës Entscheedunge wieren, esou d’ Anne Brasseur.

"Esouwuel d'ONGen, wéi och d'Oppositiounspartei HDP soen, dat do ass ee Schrëtt zu engem Regime, deen näischt méi mat Demokratie ze dinn huet." Et hätten esouguer Interlocuteure virun engem Biergerkrich gewarnt, falls d'Situatioun esou géif bleiwen.

Net wouer

D’Anne Brasseur mengt och, datt déi tierkesch Féierung mam Virschlag d’Doudesstrof erëm wëllen anzeféieren, mat der ëffentlecher Meenung géif spillen. Mee Ankara wéisst awer, datt eng rout Linn net dierft iwwerschratt ginn. Déi tierkesch Regierung géif ëmmer erëm soen, ie misst géint den Terrorismus virgoen a si géif de Rechtsstaat respektéieren. Dat géif aus der Siicht vum Europäesche Rot net der Wourecht entspriechen, esou d’Anne Brasseur.

Der DP-Deputéiert no bedauert den tierkesche Fizepremier Numan Kurtulmuş iwwerdeems, datt et bei de Reunifikatiounsgespréicher fir Zypern keng Eenegung gouf. Mat géigesäitege Scholdzouweisunge géif een an dësem Dossier awer net viru kommen.


Panorama Bäitragplay_arrow