Radioen

On air

Metal Meltdown  |  Metal Meltdown

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Wirtschaftsdenken ass net verkéiert an där Branche”

Tourimus

"Wirtschaftsdenken ass net verkéiert an där Branche”

Den Tourismus mécht fënnef Prozent vum Lëtzebuerger PIB aus. An do soll de Kongresstourismus an Zukunft nach méi eng staark Roll spillen, fënnt den Tom Bellion, Direkter vum Stater LCTO.

auto_stories

3 min

An der Woch sinn d'Hoteller an der Stad meeschtens asugebucht, seet den Tom Bellion

Touriste sollen ee gudden Androck vun der Stad Lëtzebuerg kréien – dat ass een Haaptzil vun der Aarbecht vum LCTO. "Si solle sech soe 'wow' an de Leit déi si kennen dat weidersoen", sou den LCTO-Direkter Tom Bellion. Fir ee Bilan vun dësem Tourismusjoer ze zéien, wier et awer nach ze fréi. D'lescht Joer wier een aussergewéinlech gutt Joer gewiescht, sou den Tom Bellion, ënnert anerem wéinst der Presidence.

Och dëst Joer géif sech awer bis elo een éischter positiven Trend fir den Tourismussecteur weisen, och wa Mee a Juni méi lues gelaf si wéi déi Jore virdrun. Et wier zwar schwéier ze erkläre wourun dat géif leien, mee d'Wieder kéint net onschëlleg sinn. "Mir si jo alleguer Touristen a wann et anzwousch reent, da si mir vläicht méi retizent, an esou ass et och mat den Touristen déi op Lëtzebuerg kommen".

Méi Hotelskapassitéiten néideg

Den Tourismus mécht fënnef Prozent vum Lëtzebuerger PIB aus. Fir den LCTO-Direkter ass “Tourismus ass e Wirtschaftszweig". "Wirtschaftsdenken ass net verkéiert an där Branche”, seet hien. Virun engem Joer huet de Lëtzebuerger Tourismus-Secteur sech mam Groupement d’Intérêt économique “Luxembourg for Tourism” eng nei Struktur ginn. Anescht wéi an der Vergaangenheet sinn och kommerziell Acteuren dra vertrueden. Dem Tom Bellion no ass dat eng gutt Saach.

Hien ass och der Meenung, datt de Kongresstourismus zu Lëtzebuerg nach Wuesstemspotential huet. Dee Secteur mécht aktuell 16 Prozent vum Tourismussecteur aus. Vum éischte bis den drëtte September 2016 beroden 200 Kongressorganisateuren zu Lëtzebuerg doriwwer wéi Lëtzebuerg als Kongressstanduert a MICE-Destinatioun (meetings, incentives, conferences, events) valoriséiert ka ginn.

Den Tom Bellion ass an deem Kontext der Meenung datt zu Lëtzebuerg méi Hotelskapassitéiten néideg sinn. "Net datt déi Kapassitéiten, déi do sinn, net gutt wieren, mee heiansdo brauch een einfach méi Kapassitéit", sou den Tom Bellion. De Moment wieren d'Hoteller an der Stad iwwer d'Woch gréisstendeels ausgebucht, et géif awer nach vill "Potenzial" gi fir d'Weekender. "Et géif sech ubidde fir de Kongresstourismus mat eran ze huelen".

Aibnb a Co.: op d'Acteuren zougoen

Internetplattformen déi Privatzëmmere vermëttelen, si bis elo zu Lëtzebuerg nach kee grousse Problem fir den Hotelssecteur, esou de LCTO-Direkter Tom Bellion. De Moment ginn et fir d'Stad Lëtzebuerg eng 300 Offeren op Airbnb. "Ech mengen net datt de Phänomen Airbnb sou grouss ass, datt e bei eis Suerge géif ausléisen", sou en Tom Bellion. Bei den Touriste géif et allerdéngs eng Nofro ginn, dofir misst een op déi Acteuren zougoen.

Den LCTO-Direkter mécht awer drop opmierksam, datt dës Locatioune vu Privat zu Privat nieft der steierlecher Diskussiounen eng Rei Froen opwerft, zum Beispill déi vun den Assurancen.