Radioen

On air

Notturno  |  Mina - Eclisse Twist

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Transparenz ass vu fundamentaler Wichtegkeet"

Europa

"Transparenz ass vu fundamentaler Wichtegkeet"

Déi nei Chef-Vetriederin vun der EU-Kommissioun zu Lëtzebuerg, Yuriko Backes, wëllt oppen an "ouni Tabu" iwwer Europa schwätzen. Och mat Europaskeptiker. Einfach wier d'Kommunikatioun iwwer d'EU-Aktualitéit de Moment awer net ëmmer.

auto_stories

4 min

D'Yuriko Backes ass zanter dem 1. September Chef-Vertriederin vun der EU zu Lëtzebuerg

"An der EU ass sécher net alles perfekt, mee mir dierfen net nëmmen dat Negatiivt gesinn", seet d'Yuriko Backes. Si ass zanter dem 1. September op hirem neie Posten, wou si d'Aufgab huet, d'Politik vun der EU-Kommissioun zu Lëtzebuerg ze kommunikéieren. Dat um Niveau vun der nationaler Politiker a vis-à-vis vun de Bierger.

Dat wier net ëmmer einfach, well d'Erausfuerderungen de Moment ganz grouss wieren – sief et duerch d'Flüchtlingskris, de Brexit oder déi terroristesch Menace. "Do ass et vläit normal datt d'Stëmmung de Moment negativ ass", esou d'Chef-Vertriederin vun der EU-Kommissioun zu Lëtzebuerg, déi awer géint déi Stëmmung wëll ukämpfen.

"Do si bestëmmt Feeler gemaach ginn"

D'Yuriko Backes ass awer och iwwerzeegt, datt déi Problemer, déi sech de Moment stellen, net an "Alleingäng" vun den nationale Regierunge kënne gebändegt ginn. "Do missten d'Institutiounen – och d'Kommissioun – weisen, datt si ee Mehrwert bréngen, fir déi aktuell Problemer konkret unzegoen." Gläichzäiteg misst ee sech bewosst sinn, datt et ebe géif daueren, wa Vetrieder vun 28 Länner géife versichen a komplexe Situatioune Léisungen ze fannen.

Den Dossier CETA hätt bewisen, datt et aktuell schwiereg wier fir iwwer Europa ze kommunizéieren. "Do si bestëmmt Feeler gemaach ginn", seet d'Yuriko Backes, mee et wiere sécher och vill Lektiounen aus där Episod gezu ginn. An dat wier och wichteg: Et wier fir Europa an och Lëtzebuerg vun Interessi, fir kënnen iwwer weider Fräihandelsaccorde kënnen ze verhandelen.

Kommissären solle méi an d'Länner goen

Fält een Dossier wéi CETA un, da kréien d'Kommissiounsrepresentatiounen iwwerall an der EU "e ganze Koup Instruktiounen" doriwwer, wéi iwwert dat spezifescht Thema soll kommunizéiert ginn. Méi wichteg fënnt d'Yuriko Backes awer, datt déi zoustänneg Kommissären an Negociateure selwer an d'Länner gi fir iwwer hier Dossier ze schwätzen – mat de Bierger, de Parlamenter, de Regierungen. D'Yuriko Backes selwer wëll dofir suergen, datt dës Kontakter an Zukunft verstäerkt entstinn.

Generell wëll si op méi Transparenz an Dialog iwwer europäesch Theme setzen. "Transparenz ass vun enger fundamentaler Wichtegkeet", seet si. An dat an déi zwou Richtungen: Op Kommissiounsniveau géif et net ëmmer ee Bewosstsinn dofir ginn wat déi spezifesch Besoine vu Lëtzebuerg wieren, a firwat Lëtzebuerg sech mat verschidde Sujete méi schwéier géif dinn.

Keen "Mir hu géint Bréissel gewonnen" zu Lëtzebuerg

Datt et zu Lëtzebuerg keng spierbar Anti-EU-Stëmmung gëtt, gesäit d'Yuriko Backes als Chance un, mee och als Normalitéit. "D'Bierger zu Lëtzebuerg gesinn an de meeschten Europapolitiken en absolute Mehrwert, dat ass wichteg", sou d'Yuriko Backes.

Hirer Meenung no ass dat doduerch z'erklären, datt Lëtzebuerg een EU-Grënnungsmember ass, an ëmmer ganz pro-europäesch Regierungen hat. "Et ass rar, datt ee Lëtzebuerger Politiker vu Bréissel kënnt a seet 'Mir hu géint Bréissel gewonnen'. Dat gesäit een awer permanent an anere Länner".

"Éierlech sinn"

Mee och ënnert de Residente vu Lëtzebuerg ginn et EU-Skeptiker. An engem Sondage vun Eurostat, deen d'lescht Joer publizéiert gouf, hu 17 Prozent vu de Befroten uginn, ee negatiivt Bild vun der EU ze hunn. Op dës Leit wëll d'Yuriko Backes an den nächste Joren zougoen. Et misst een "éierlech sinn", seet si. Och an der Diskussioun mat Euroskeptiker dierft et keen Tabu ginn. "Ech well debattéiere mat deenen, déi bereet sinn op eng konstruktiv Aart a Weis ze diskutéieren". Een oppenen Dialog wëll d'Yuriko Backes och mat den ONGen opbauen.

D'Yuriko Backes huet eelef Mataarbechter an der EU-Representatioun an der Stad. Den operationelle Budget läit liicht ënner 300.000 Euro am Joer. "D'Motivatioun wier méi grouss wéi de Budget", seet si. Allerdéngs bréicht een och kee Budget, fir déi Aufgaben, déi doraus bestinn iwwer Europa ze dialogéieren.