Libre Pensée “Trennung vu Kierch a Staat ass eng Mogelpackung”

Notre-Dame Cathedral, Luxembourg is the Roman Catholic Cathedral. Grand Duchy of Luxembourg. It was originally a Jesuit church, and its cornerstone was laid in 1613.

D’Regierung hätt gefuddelt, sou de President vun der Libre Pensée Luxembourgeoise Ed Kutten. Se hätt de Leit wollte kloer maachen, dass mat hir eng richteg Trennung tëscht Kierch a Staat méiglech wier. Dobäi hätt se gewosst, dass dat mat der CSV, ob deeër hir Stëmmen si ugewisen ass, domat ni d’accord wier. Elo wier dann eng Noutléisung fonnt ginn, an déi géif de Leit als Trennung vu Kierch a Staat verkaaft ginn.

Camoufléierte Reliounsunterrecht

Am 100,7 Interview huet de President vun der LPL Ed Kutten di intransparent Haltung vun der Regierung bei der Ausschaffung vum Wäerteunterrecht kritiséiert. Dat geséich ee bei der Zesummesetzung vun den Aarbechtsgruppen. D’LPL fillt sech iwwergaang, well si net consultéiert gi wier. Wéi hir Vertrieder an de Ministère invitéiert gi sinn, wieren di meescht  Décisiounen scho geholl gewiescht, sou den Ed Kutten. Hei géif ee virun e Fait accompli gesat ginn.

Reliounsenseignanten hunn näischt an der ëffentlecher Schoul verluer

Et géif ëmmer méi iwwert d’Zukunft vun de Reliounsenseignanten geschwat gi, wéi iwwert den Inhalt vum Wäerteunterrecht, sou de President vun der LPL. Déi Leit wieren u sech “illegal” vum Bistum an d’Schoulen ageschleist ginn. Elo sollten se als vollwäertegt Léierpersonal legaliséiert ginn. Mee déi hätten näischt an enger ëffentlecher Schoul verluer, sou den Ed Kutten. Soss wier een neutrale Wäerteunterrecht net méiglech. Wann déi Leit géifen ëmgeschoult ginn, dann dierften si nëmme Fächer halen, déi näischt mat Relioun oder Wäerter ze dinn hunn. Als Sous-traitante vum Bistum, misst och de Bistum kucken, fir déi Leit enzwousch anescht ennerzekréien, sou den Ed Kutten.

AUDIO

Den Interview vum Françoise Medernach mam Ed Kutten

 

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen