Radioen

On air

Notturno  |  John Coltrane - Naima

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Trumpland

US-Presidentschaftswahl

Trumpland

Mam Slogan "Let's Make America Great Again" ass net nëmmen den Donald Trump President ginn, mee och de Ronald Reagan am November 1980. De Schock war grouss, wéi e Leinwandheld President gouf. Ee Verglach.

auto_stories

6 min

Den Denis Scuto ass Historiker.

"We won"! Mat deem Sproch, a mam "V" als Zeeche vu Victory, ass am November 1980 den Engleschproff Kneip - vun de Schüler Zeus genannt - duerch d'Schoulklasse vum Meedercherslycée zu Esch gaangen. "We", dat waren d'Republikaner an hire Presidentschaftskandidat, Ronald Reagan.

Deen hat de 4. November 1980 den demokratesche Kandidat an amtéirenden US-Präsident, Jimmy Carter kloer geschloen: Mat 489 Wahlmänner zu 49. An de Sondagë louch hie bis Enn Oktober däitlech hannert dem Carter. Ech war deemools op Troisième, hat zwar de berüchtegten Zeus ni als Proff, mee hat awer an de Joren dono mat him ze dinn. Dëst, wa mer Trakte virum Gebai fir d'Friddensbewegung verdeelt hunn an hien eis mat Schüler aus der Jeunesse atlantique, déi hie ronderëm sech gruppéiert hat, zur Rieds gestallt huet.

E Leinwandheld

Ech war geschockt iwwert d'Victoire vun deem Mann, deen d'Welt mat enger Neutronbomm wollt beglécken. Dësen erzkonservative Kandidat war en 69 Joer ale Leinwandheld, deen de Cowboy an éischter zweetrangege Westernfilmer gespillt huet. Iwwert seng Spréch a seng Gaffen hu seng politesch Géigner ëmmer nees de Geck gemaach. Zum Beispill, während der Kampagne vun 1980, wou hie sot: "Trees cause more pollution than automobiles."

Jiddereen huet sech gefrot: "How could an actor become President?" De Ronald Reagan, dee jo schonns 1966 op dës Fro, wéi e B-Movie-Actor kéint Gouverneur vu Kalifornien ginn, geäntwert hat: "I don't know. I've never played a governor." Mee hien huet sech duerchgesat a gouf den 33. Gouverneur vu Kalifornien (1967-1975) an de 40. President vun den USA (1981-1989).

Bekannte Slogan

Säi Wahlslogan war: "Let's make America great again." Seet dat Iech eppes? De Ronald Reagan huet versprach, déi militäresch Stäerkt vun den USA erëm hierzestellen. Méi ferm géint den internationale Kommunismus virzegoen. An duerch Steiersenkungen d'Wirtschaft nees unzekuerbelen. Domat huet hie Millioune vun Amerikaner aus der "middle class" aus dem Häerz geschwat.

Sengem Kontrahent Carter seng Aussepolitik - an hei virun allem dat onglécklecht Enn vum Versuch, d'Geiselen an der amerikanescher Botschaft zu Teheran ze befreien - awer och de Mësserfolleg vu senger Wirtschafts- a Finanzpolitik, waren him zum Verhängnes ginn.

Vill Scholden

Dem Reagan seng Presidentschaft - oder besser gesot, déi vun sengem Staff, well hie war ee vun de Presidenten, déi déi meescht Decisiounen delegéiert hunn - stoung um wirtschaftleche Plang effektiv fir Steiererliichterungen. Mee och fir massiv Kierzunge vu Sozialleeschtungen a fir en exponentiellt Uwuesse vun der Staatsverschëldung vun 749 Milliarden op iwwer 2 Billiounen Dollar, haaptsächlech duerch d'Militärausgaben. Dat huet aus den USA dat gréisste Scholdnerland op der Welt gemaach.

Den aussepoliteschen Erfolleg iwwer d'Sowjetunioun gouf deier bezuelt, mam laangfristegen Niddergang vun der Wettbewerbsfäegkeet vun den USA. A mat der Stäerkung vum islamisteschen Dschihadismus am Noen a Mëttleren Osten.

D'Geschicht ass fir Iwwerraschunge gutt

Ech hätt net geduecht, datt ech e puer Joerzéngte méi spéit eng Presidentewahl an e Resultat géif erliewen, dat mech nach méi schockéieren. Dobäi hätt ech misste wëssen, datt d'Geschicht ëmmer nees fir Iwwerraschunge gutt ass - där positiver an där negativer. An ech hätt misse wëssen, wéi wéineg vun deem, wat tatsächlech geschitt, virausgesot ka ginn. Ënner anerem, well mir eis Wënsch ëmmer nees mat der Realitéit verwiesselen. An d'Realitéit ass haut, datt den Donald Trump - e politesche Kandidat, net nëmme mat rietspopulisteschen, mee och faschisteschen Iwwerzeegungen - demokratesch zum 45. President vun de Vereenegte Staaten gewielt ginn ass. Och wann d'Wahlbedeelegung mat 54,2 Prozent zënter 2000 déi nidderegst ass

Felicitatiounen un den neie President an un de "peuple américain, libre", huet d'Marine Le Pen, dat sech schonn a vläicht berechtegterweis, als nächst franséisch Presidentin gesäit, direkt getweet.

Wéi d'Faschisten

Ech hunn et op dëser Antenn scho gesot an ech widderhuelen et. Och wann hien net all Charakteristike vun engem Faschist huet, huet den Trump, wéi d'Faschisten, eppes géint d'Villfalt vun de Meenungen, mee och vun de Mënschen. Hien notzt d'Angscht virun den Anere politesch aus. Beim Hitler waren et sougenannt net-aresch, mannerwäerteg Rassevertrieder. Beim Trump sinn et illegal Immigranten a Flüchtlingen, déi hie mat Proposen, wéi dem Mauerbau tëscht den USA a Mexiko an der Ausweisung vun 11 Milliounen illegalen Immigranten, viséiert.

Wéi am Faschismus profitéiere Politiker wéi den Trump vun den individuelle Frustratiounen. Si appelléieren u sozial Schichten, déi ënnert der ekonomescher Kris leiden oder sech politesch humiliéiert fillen. An engem selektive Populismus versprécht hien hinnen, datt hien neess fir Sécherheet a Wuelstand suergt, mee och d'Gréisst vun Amerika hierstellt.

Wéi beim Faschismus huet den Trump am Wahlkampf duerch e fanateschen Nationalismus geglänzt a versprach, säi Land géint eng international Verschwörung ze verdeedegen. Beim Hitler war et dat sougenannt Weltjuddentum. Beim Trump sinn et d'Chinesen an d'Mexikaner, déi d'USA humiliéieren.

Wéi d'Faschisten iwwerdréit den Trump säi Wëllen zur Muecht an seng Vergötterung vu Waffen op d'Sexualitéit, op säi Machismus an seng Fraeveruechtung. Ech hat naiverweis geduecht a gehofft, dës lescht Eegenschaft wier him zum Verhängnes ginn. Et war wahrscheinlech de Géigendeel an e Grond méi fir vill amerikanesch Männer, den Trump ze wielen.

Rassismus, Chauvinismus, Sexismus

Déi al Rezepter aus däischteren Zäiten, vun deenen ee konnt unhuelen, op d'mannst demokratesch Staate géifen net méi drop zeréckgräifen - si sinn nees Deeler vu Wahlprogrammer. Rassismus, Chauvinismus a Sexismus sinn net nëmme weider staark verbreet, wat net iwwerrascht. Mee si sinn och nees salonfäeg, an den USA an an Europa. Dës Mëschung war nach onvirstellbar ënnert dem Republikaner Reagan, dee während senger Presidentschaft dräi Milliounen illegal Immigrante legaliséiert huet, an deen am Wahlkampf 1980 als Affekot vun de Fraerechter opgetrueden ass.

Bei déi Mëschung vu Rassismus, Chauvinismus a Sexismus huet den Trump natierlech intelligenterweis eng gutt Dosis populistesch Annoncen am soziale Beräich agebaut. D'Versprieche vu masseweis neien Aarbechtsplazen, ëffentlechen Investitiounen, enger Erhéijung vum Mindestloun, nieft Steiersenkungen ... all dat ass duergaange fir déi véier traditionell demokratesch, an zënter der Reagan-Ära vernoléissegt Industriestaate bei de grousse Séie fir sech ze gewannen: Michigan, Ohio, Pennsylvania a Wisconsin. Dat si genee déi 64 Stëmmen, déi dem Mitt Romney, deen als Kandidat vun de Superräichen eriwwerkoum, 2012 gefehlt hu fir den Obama ze klappen.

Demokratie a Gefor

Et kann ee sech natierlech tréischten, andeems ee sech seet, datt déi véier Staaten a véier Joer dee selwechten Trump nees ofwielen, wa sech e groussen Deel vu sengem Wahlprogramm als eidelt Verspriechen erausstellt. Mee de Schock setzt haut trotzdem déif. Et kann een natierlech op sozial Problemer als Erklärungsfacteure verweisen. An op d'Onpopularitéit vum Hillary Clinton. Mee et dierf ee sech näischt virmaachen: D'Wiel vun engem Rietspopulist mat faschisteschen Zich un d'Spëtzt vun der vläicht iwwerfuerderter, mee ëmmer nach gréisster Weltmuecht bedeit, datt d'Zukunft vun der Demokratie a Gefor ass.

De Refus vun enger als inakzeptabel erliefter Géigewaart - sief dat fir déi eng d'Globaliséierung an hir Folgen; fir déi aner den Niddergang vun hirer Géigend an hir eegen Akommensverloschter; fir nach aner eng duerch Migratioun oder nei Liewensforme gepräägte Gesellschaft; oder déi bestoend politesch Institutiounen - huet et engem Milliardär, dee souguer vun engem Deel vun der republikanescher Partei net ënnerstëtzt gouf, erlaabt un d'Muecht ze kommen. Mat nationalisteschen a xenophobe Léisungsvirschléi, déi mat der Demokratie an den USA net kompatibel sinn.

Historesch Kris

Mat der Wiel vum Donald Trump bestätegt sech, datt d'parlamentaresch Demokratie an d'demokratesch Gesellschaften an enger déiwer historescher Kris stiechen. D'Reflexioun doriwwer an d'Léisung vun där Kris ass eng vun de prioritäre weltwäiten Erausfuerderunge vun haut a muer.

Den Enjeu huet den Historiker Eric Hobsbawm zum Schluss vun sengem Buch iwwer d'Weltgeschicht vum 20. Joerhonnert, "Zeitalter der Extreme" ënnerstrach:

"Wenn die Menschheit eine erkennbare Zukunft haben soll, dann kann sie nicht darin bestehen, dass wir die Vergangenheit oder Gegenwart lediglich fortschreiben. Wenn wir versuchen, das dritte Jahrtausend auf dieser Grundlage aufzubauen, werden wir scheitern. Und der Preis für dieses Scheitern, die Alternative zu einer umgewandelten Gesellschaft, ist Finsternis."