Radioen

On air

Nei Musek  |  Nei Musek

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Uber zu Lëtzebuerg?

Transport

Uber zu Lëtzebuerg?

Et sinn Ännerungen un den nationale Gesetzer néideg, fir datt d'Transportplattform Uber hir Servicer laangfristeg zu Lëtzebuerg kéint ubidden. Dat seet den Direkter fir d'Europageschäft vun Uber. D'Regierung huet kloer gemaach, datt si et géif begréissen, wann Uber zu Lëtzebuerg aktiv géif ginn. Et ginn awer och skeptesch Stëmmen.

auto_stories

3 min

Den Pierre-Dimitry Gore-Coty am Januar 2016 bei enger Konferenz zu München (Foto: picture alliance / Andread Gebert)

Et wier einfach, d'Autoen ze dämoniséieren. Deen eigentleche Problem wier, wéi mir se benotzen, seet den Europadirekter vun UBER, Pierre-Dimitry Gore-Coty. Sechs vun zéng Lëtzebuerger hunn en Auto, domat steet Lëtzebuerg am internationale Vergläich op der sechster Plaz. Domat verbonnen ass eng héich Pollutioun, Stau an doduerch Käschten.

"Firwat liewe mir an enger Welt wou jiddereen een Auto huet?", freet de Pierre-Dimitry Gore-Coty. De Grond wier, datt den Ëffentlechen Transport eis net géif bis bei d'Hausdier féieren. An a ville Stied hätten d'Leit keng aner Wiel, wéi mam eegenen Auto op d'Aarbecht ze fueren.

De Premier Xavier Bettel hat rezent an engem RTL-Interview gesot, et géif een alles maachen, fir UBER op Lëtzebuerg ze kréien. Déi amerikanesch Firma misst sech allerdéngs och un déi aktuell Gesetzer halen.

Dumping op Käschte vun de Chauffeuren?

De President vun der Chambre des Salariés ass net begeeschtert vun der Iddi, datt d'Internet-Plattform och zu Lëtzebuerg kéint Freelance-Chauffere vermëttelen. Wann een eng aner Form vun Taxis-Entreprise wéilt grënnen, misst een dat op eng propper Art a Weis maachen, sou de Jean-Claude Reding. "An net iwwer Dumping zwëschen Entreprisen, wou ee probéiert Leit auszenotzen." Dat géif mat den Uber-Chauffeure gemaach ginn.

De Jean-Claude Reding begréisst, datt déi sech mëttlerweil géife wieren an op d'Strooss goen. Si géifen als Independanten duergestallt ginn, awer si wiere guer keng. "Uber solle bleiwen, wou se sinn, soulaang si sech net wéi eng normal Entreprise bewegen."

Konkurrenz fir Taxien

An deene meeschte Stied, wou Uber present wier, kéinte si d'Taxispräisser ëm 40 bis 60 Prozent ënnerbidden, esou de Pierre-Dimitry Gore-Coty. Déi US-amerikanesch Transportplattform setzt deemno den Taxissecteur ënner Drock. Uber hätt géigeniwwer normalen Taxisentreprisen den Atout, datt d'Autoe besser ausgelaascht wieren.

Zu Lëtzebuerg ass am September eng Reform vum Taxissecteur a Kraaft getrueden, déi ënner anerem fest Tariffer ofgeschaaft huet. Dat soll fir méi Kompetitivitéit an doduerch méi attraktiv Präisser suergen. Uber géing nach zousätzlech Kompetitivitéit an de Secteur bréngen.

Am Taxissecteur wier et wichteg, datt genuch Taxien do wieren, an datt si zu engem normale Präis géife fueren, sou de Jean-Claude Reding. Hien zweiwelt awer drun d'Reform déi gewënschte Baisse vun de Präisser géif mat sech bréngen: "Wéi d'Fahrschoule liberaliséiert goufen, ass och gesot ginn, d'Präisser géifen erof goen. An der Praxis si se ëm 17-18 Prozent eropgaangen."

Adaptatioune vum gesetzleche Kader

Et wier d'Aufgab vun der Regierung fir zesumme mam Privatsecteur dofir ze suergen, datt innovativ nei Produiten a Servicer entstoe kënnen, sou e Premierminister Xavier Bettel e Méindeg op enger Konferenz iwwer Zukunftstechnologien. Donieft wéilt d’Regierung de legale Kader setzen, fir weider Entreprisen aus dem Technologiesecteur op Lëtzebuerg ze zéien.

De Pierre-Dimitry Gore-Coty geet dovun aus, datt Ännerungen am Gesetz néideg wäerte ginn, fir datt Uber säi Service laangfristeg an Europa an zu Lëtzebuerg kann ubidde. "D'Regulatioune gouf esou gestalt, datt si d'Industrie protegéieren a Kompetitioun ënnerbannen. Dat wat mir bréngen ass ee grousse Changement fir eng Industrie, déi ni misst mat engem eens ginn, dee manner kascht wéi si. Ech mengen dofir gouf et sou een däitleche Refus an der Taxissecteur."

Uber hätt virun zwee Joer hier Strategie geännert, seet de Pierre-Dimitry Gore-Coty. D'US-Entreprise géing zanterhier net méi probéieren hire Service aggressiv an déi verschidden national Mäert ze drécken. Amplaz wéilt een déi verschidden europäesch Regierungen vum Service iwwerzeegen.