Radioen

On air

Tockcity  |  Madlib, Black Thought & Your Old Droog - Reekyod

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Universellen Nation Branding

Wirtschaftschronik

Universellen Nation Branding

Mat spaceresources wëll Lëtzebuerg d'Silicon Valley fir d’Exploitatioun vu Weltall-Ressource ginn. Der Regierung hir Initiative fir an d'Recherche an an den Aktionariat vun den "new space economy" Gesellschaften ze investéieren, huet schonn zwou amerikanesch Firmen aus dem Secteur an d'Land bruecht. An och wa Lëtzebuerg riskéiert, sech um gesetzleche Kader fir d’Ekonomie vun de Weltall-Ressourcen d’Fangeren ze verbrennen, fonctionnéiert dat als Nation Branding bis elo éischter gutt, mengt de Pierre Reyland an der Wirtschaftschronik.

auto_stories

6 min

An där neier Ekonomie vun der Weltall-Exploratioun an Exploitatioun, déi vum Privat-Secteur ugedriwwen a vun der Lëtzebuerger Regierung am public-private-partnership Business-Modell mat finanzéiert gëtt, muss et séier goen. Dofir hunn de Premier Xavier Bettel an de Wirtschaftsminister Etienne Schneider virun enger Woch am Schlass zu Senneng eng Strategie a konkret Zuelen op den Dësch geluecht. Fir maximal Nation Branding-Visibilitéit gouf d’Pressekonferenz global an 'en direkt' iwwerdroen.

200 Milliounen Euro goufen als initiale Budget ugekënnegt. En Deel fléisst an d’Recherche an Entwécklung bei der US-amerikanescher Deep Space Industries, mat där d’Regierung en Accord ënnerschriwwen huet. Den nächsten Accord soll e Méindeg ënnerschriwwe ginn, mat Planetary Resources, där zweeter US-amerikanescher space mining Firma, déi schonn zu Lëtzebuerg gelant ass. Eng Participatioun, als Aktionär, huet d’Regierung dobäi fest am A – ëmmerhin wéilt een och vun Dividende profitéieren, sot den Etienne Schneider. Sou wéi bei der SES, déi als Inspiratioun genannt gëtt.

Dass d’Lëtzebuerger Regierung och politesch esou enthusiastesch hannert der Welt-All-Ressourcen-Exploitatioun steet, ass fir hiren Top-Conseiller, de fréiere NASA-Direkter Simon Pete Worden, e grousse Virdeel. An den USA wier et net esou einfach, sot hien, fir d’Politiker mat an d’Raumschëff ze kréien. Ob de Xavier Bettel an den Etienne Schneider déi net onëmstridden ëmweltpolitesch an ethesch Perspektive vun der Weltall-Exploitatioun, mat hirem grénge Koalitiounspartner genee ofgeschwat hunn, sief dohinner gestallt.

Rechtsécherheet

Och d’Uni Lëtzebuerg, déi hir Wirtschafts-Kollaboratioune weider ausbaut, ass Partner vu spaceresources. Hiren interdisziplinären SnT "Centre for Security, Reliability and Trust" entwéckelt mat Deep Space Industries dat kléngt Nano-Raumschëff Prospector-X, fir d’Systemer ze testen, déi Ressourcen op Asteroide kennen erkennen.

Bei deem kriddlegsten Aspekt vu spaceresources, nämlech dem Ausschaffe vun engem legale Kader fir de Besëtz an d’Kommerzialiséierung vu Weltall-Ressourcen, spillt d’Uni Lëtzebuerg och eng kruzial Roll. D’space mining Entreprisë solle Rechtssécherheet zu Lëtzebuerg garantéiert kréien. A Concertatioun mat Juristen aus aller Welt huet d’Uni d’Gerüst fir e legale Kader ausgeschafft, deen déi international Obligatioune vu Lëtzebuerg soll respektéieren. Bis Hierscht soll d’Gesetz virleien. D’nächst Joer soll et a Kraaft trieden.

De Modell ass de Space Act, deen d’USA, am November zejoert fir sech proklaméiert hunn. D’Kommerzialiséierung vun Asteroiden- a Planéite-Ressourcë gëtt do fir US-Bierger an Entreprisen erlaabt. An d’Ambiguitéite vum internationalen Outer Space Treaty aus dem Joer 1967 ginn aus dem Wee geraumt. Deen Traité géif just d’Appropriatioun vu Planéiten an Himmelskierperen am Weltall verbidden, heescht et, mee net de Besetz vu Stécker dervun. Et wär wéi bei de Mierer, seet den Etienne Schneider. D’Fësch kéint ee fänken a verkafen, ouni d’Mier ze besëtzen.

E grousse Schrëtt fir Lëtzebuerg?

De Lëtzebuerger Space Act soll nach méi wäit goen. Well d’USA just US-Bierger an Entreprisen d’Exploitatioun vu Weltall-Ressourcen erlaben, soll zu Lëtzebuerg d’Nationalitéit kéng Roll spillen. Esou laang Entreprisen heihinner kommen, ass jidderee wëllkomm. Déi inhärent potentiell Kritik, dass d’USA a Lëtzebuerg, als nei Kolonialiste vum Solarsystem sämtlech ekologesch, ekonomesch a philosophesch Prinzipie mat Féiss trëppelen, ass bis elo an deene méi däischtere Lächer vum Internet ënnergaangen. An als Nation Branding gräift déi vum Etienne Schneider ugekënnegt Ambitioun fir an d’Top Ten vun de Weltall-Natiounen ze kommen, bis elo zimlech gutt.

Mat spaceresources kënnt dat kléngt Lëtzebuerg grouss eraus. A fir sécher ze sinn, dass näischt falsch verstane gëtt an de Geescht vu LuxLeaks net nees optaucht, gëtt an den Explikatiounen um spaceresources Internet-Site ausdrécklech präziséiert: Neen, d’Entreprisen, déi fir dës nei Nische op Lëtzebuerg kommen, kréie kee spezielle Steier-Regime accordéiert.