Radioen

On air

Notturno  |  Jarvis Cocker & Chilly Gonzales - Room 29

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Verdacht op Geldwäsch bei Transaktioune vu Lotus F1 a Fola

Blanchiment

Verdacht op Geldwäsch bei Transaktioune vu Lotus F1 a Fola

Bei Transaktioune vun der Formel 1-Equipe Lotus a vun der Escher Fola gëtt et 100,7-Informatiounen no e Verdacht op Abus de biens sociaux an op Geldwäsch. Membere vun enger Kommissioun vun der Fussball-Federatioun FLF hunn eng Denonciatioun bei der Cellule de Renseignement Financier vum Parquet gemaach. Dat huet de Justizspriecher no der 100,7-Nouvelle confirméiert. Den Dossier wier un de Parquet économique weider geleet ginn.

auto_stories

4 min

An der Commission de l'Octroi des Licences UEFA sëtze Leit, déi wéinst hirem Statut gezwonge sinn all Verdacht op Blanchiment direkt ze mellen. Ënnert anerem den CSV-Deputéierte Michel Wolter, e Comptabel an e Riichter.

Bei Iwwerpréiwunge vum Réviseur PricewaterhouseCoopers ass e suspekten Don vun der Formel 1-Equipe vun den Investisseuren Eric Lux a Gérard Lopez opgefall. Gutt informéierte Sourcen no soll Lotus F1 dem Lëtzebuerger Fussballchampion am Joer 2014 ongeféier zwou Milliounen Euro iwwerwisen hunn. Fir wéi eng Géigeleeschtung, ass net gewosst. D’Fola soll d'Suen dono un de Gérard Lopez an un d’Gesellschaft Lynx Investments Limited vum Eric Lux zu Hong Kong transferéiert hunn. Mat wéi enger Géigeleeschtung, ass och an dësem Fall onkloer.

Firwat mécht eng Formel Eent-Equipe engem Fussball-Club en Don, fir wéi eng Géigeleeschtung iwwerweist d’Fola dem Gérard Lopez an dem Eric Lux 2 Milliounen Euro a wéi eng Originen hunn déi verschidde Gelder ? Dat sinn d’Froen, deenen d’Justiz nogoe muss. Bis op Weideres gëllt d’Présomption d’innocence.

Wéi laang d’Federatioun vum Fall weess a wat si ënnerholl huet, ass eng aner Fro. Eisen Informatiounen no ass bei der FLF scho virun e puer Joer drop opmierksam gemaach ginn, datt d’Fola sech duerch héich Privatkreditter vun hirem President Gérard Lopez géif an eng grouss Ofhängegkeet beweegen. Dat ass kee juristeschen Aspekt vun der Affaire, mä en Aspekt vu Gouvernance.

De Gérard Lopez, dee mer kontaktéiert hunn, huet eis un aner Membere vum Verwaltungsrot vun der CS Fola verwisen. An enger schrëftlecher Stellungnahm zu eise Recherchë schreift d’Fola, se wier sech absolut bewosst wéi eng staark Roll hire President Lopez an der Organisatioun an am Finanzement vum Club spillt. Dofir wiere Kontrakter mat Gesellschafte gemaach ginn déi hëllefe sollen d’Recette vum Club ze diversifizéieren.

D’Fola schreift weider, se géif eng intern Enquête an der FLF verlaange fir erauszefanne wien dem radio 100,7 déi confidentiel Informatioune ginn hätt. De Club wonnert sech eegenen Aussoen no datt eng Denonciatioun beim Parquet gemaach gouf obwuel déi zoustänneg Kommissioun fir d’UEFA-Lizenzen dem Club d’Lizenz rezent ginn hätt. D’Kommissioun hätt sech drop beschränkt der Fola verschidde Verbesserungen an der Comptabilitéit ze recommandéieren.

De Club “dementéiert formell” datt en zwou Milliounen Euro un d’Häre Lopez a Lux iwwerwisen hätt. Den Dementi ass kontradiktoresch an net präzis : de Club seet och datt méiglecherweis Viremente fir de Gérard Lopez gemaach gi si fir deem seng Prêten un de Club zréckzebezuelen. An zum Transfert vun enger hallwer Millioun un d’Gesellschaft Lynx zu Hong Kong hëlt d’Fola guer net Stellung, och net op eng nei Ufro hin.

Eise Recherchen no wëssen déi Responsabel vun der Fola scho méi laang Bescheed, datt et e Verdacht op Blanchiment gëtt. An ier dat ëffentlech ginn ass, huet den Eric Lux eng Plainte gemaach, déi en anere Club aus der Nationaldivisioun betrëfft. Dat huet RTL gemellt. Den F91 Diddeleng, dee vum Promoteur Flavio Becca gesponsert gëtt, kritt vum Eric Lux Abus de biens sociaux virgeheit well den F91-Goalkeep Jonathan Joubert eng Remise op engem Appartement kritt huet, dat vun enger gemeinsamer Gesellschaft vum Eric Lux a vum Flavio Becca gebaut gouf. De Maître Paul Urbany sot eis säi Client Flavio Becca géif eng Citation directe géint den Eric Lux maache, wéinst Calomnie an Diffamatioun. An engem Communiqué schreift den Affekot vu Liggen, déi als Zil hätten der Famill Becca ze schueden.

De Flavio Becca an den Eric Lux hunn zënter Méint Sträit wéinst der Opdeelung vun hirem gemeinsamen Immobiliefong Olos Fund. Den Eric Lux behaapt, him géif d’Halschent vun dësem investitiounskräftege Fong gehéieren. De Flavio Becca behaapt, den Eric Lux hätt just nach manner wéi 10 Prozent vum Olos Fund.

Eng Pressekonferenz, bei där den Eric Lux den 19. Juni an der Mëttesstonn sollt dobäi sinn, ass no der 100,7-Nouvelle ouni Begrënnung ofgesot ginn.

Déi ganz Stellungnahm vun der CS Fola : Communiqué de presse