D’LSAP an déi Lénk fuerderen e Referendum iwwer verschidde kruzial Froe vun der Reform, och CSV-Kandidaten hunn sech fir dee Modell ausgeschwat. De Luc Heuschling weist drop hin, dass net kloer ass, wat geschitt wann eng einfach Majoritéit vun der Bevëlkerung sech beispillsweis fir d’Aféierung vum Auslännerwahlrecht ausschwätzt, mee an der Chamber net di néideg Zwee-Drëttel-Majoritéit zesumme kënnt: “Dat ass eng explosiv Fro mat där keng Partei sech ausenaner gesat huet!”
De Laurent Schmit as der Meenung, dass sech och bei engem Referendum iwwert de ganzen Text (wéi DP, déi Gréng an ADR e fuerderen) d’Fro stellt, wéi eng gesellschaftlech Debatt soll oflafen, nodeems elo Joeren hannert zouenen Dieren un der Reform geschafft ginn ass.
Anere Sujete vun der Emissioun, moderéiert vum Pia Oppel: d’Konfusioun ronderëm d’Chamberopléisung an d’Polemik ëm den deementspriechenden Avis vum Staatsrot.