Radioen

On air

Notturno  |  The Notwist - One With The Freaks

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ “Ee Paragraf an der Verfassung schützt net géint Terrorismus”

Ausnamezoustand

“Ee Paragraf an der Verfassung schützt net géint Terrorismus”

De Fuerscher Michel Erpelding an d’Juristinne Véronique Bruck a Julie Wieclawski warnen an engem oppene Bréif virum Ausnamezoustand, deen an d’Lëtzebuerger Verfassung soll ageschriwwe ginn. Eng Propos vun der Chamber läit de Moment beim Staatsrot. Déi geplangte Verfassungsännerung kéim just aus konjunkturelle Grënn a fir Aktionismus ze demonstréieren, sou de Michel Erpelding am 100,7-Interview.

Mick Entringer, md

auto_stories

6 min

Véronique Bruck a Michel Erpelding

Den Ausnamezoustand wier en Instrument vun autoritäre Staaten, seet d’Véronique Bruck. ”D’Grondrechter, d’Rechter vun der Défense, prozedural Hürde fir e Gesetz duerch ze bréngen... Dat ass net eis Fragilitéit, mee dat ass d’Stäerkt vum Rechtsstat. Et ass dat, wat d’Terroriste wëlle futti maachen”, sou Doktorandin fir europäescht Recht op der Paräiser Sorbonne.

De Michel Erpelding warnt virun der Schafung vun engem “juristesche Monstrum". Der Revisiounspropos no kréich d’Regierung d’Recht, déi legislativ Pouvoiren u sech ze rappen. Strofrechtlech Prozeduren an den “droit pénalkéinte geännert, Standgeriichter an nei Strofen agefouert, an d’Pressefräiheet opgehuewe ginn. “Ee Blankoscheck fir d’Regierung an de Grand-Duc”.

A Frankräich ass en ähnleche Projet bis op weideres vum Dësch

De franséische Senat huet rezent deementspriechend Pläng vun der Regierung gekippt. De sozialistesche Premier Manuel Valls an de Staatspresident François Hollande wollten den “état d’urgence” an d’Verfassung aschreiwen. Déi Pläng goufen den 30. Mäerz zréckgezunn. Eng Legislatioun aus Zäite vum Algerien-Krich – mat all den deemolegen Abusensollt verfassungsrechtlech verankert ginn, erkläert de Michel Erpelding. Anescht wéi a Frankräich wier et hei zu Lëtzebuerg bis elo awer keng breet a kritesch Debatt ginn.

An der Verfassung kréich den Ausnamezoustand dee selwechte Stellewäert wéi d’Grondrechter, gëtt Véronique Bruck ze bedenken. Fir d’Juristin besteet d’Gefor vun enger Spiral, vun engem permanentenétat d’urgence”. Et géif méi Drock bestoe fir dat Instrument ze benotzen.

"Déi normal penal Prozedur ass schonn extrem intrusiv"

“Datt Attentater geschéien ass eng permanent Bedrohung, domadder musse mir déi nächst Joere liewen”, profezeit de Michel Erpelding, Fuerscher am Max Planck Institut. Dat wier awer kee Grond fir ee permanenten Ausnamezoustand duerchzesetzen. Déi normal penal Prozedur an Antiterror-Gesetzer géife schonn extrem intrusiv Mesuren zouloossen, sou d’Véronique Bruck.

De Plan Vigilnat géif ganz wäit goen a Bezuch op d’Perquisitiounen an d’Detentioun. Nei Gesetzer iwwer Terrorismusbekämpfung géife geschwënn a Kraaft trieden. D’Kommunikatiounsfräiheete géifen ageschränkt ginn. “Op europäeschem Niveau ginn et nei Projete wat Zesummenaarbecht tëschent Geheimdéngschter an d’Kontroll vu privaten Donnéeën ugeet”, erkläert d’Véronique Bruck.

Hoffen op ee kriteschen Avis vum Staatsrot

Dem Michel Erpelding no sinn et Geheimdéngschter a Policen, déi funktionéieren an dem Rechtsstat déngen, déi konkret virun Terrorismus géife schützen. “Demokratie baséiert op Fräiheeten. Et kann een net einfach soen: ‘mir schützen är Fräiheeten andeems mir se ofschafen.’”

D’Véronique Bruck, de Michel Erpelding an d’Julie Wieclawsk hunn den 19. Mäerz een oppene Bréif am Lëtzebuerger Wort publizéiert. Si hoffen, datt de Staatsrot d’Pläng vu Regierung a Chamber kritesch beuerteele wäert. Des weider wënsche si sech, datt den “état d’urgence” breet ëffentlech diskutéiert gëtt.