Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Mëttespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vill Fusiounen, wéineg Zäitgeschicht?

Institut fir Zäitgeschicht

Vill Fusiounen, wéineg Zäitgeschicht?

Dat geplangten Institut fir Zäitgeschicht soll als ee vun den dräi interdisziplinären Zentrumen op der Uni Lëtzebuerg eng “prominent a bedeitend” Roll kréien, seet den zoustännege Staatssekretär Marc Hansen. Et ass awer nach onkloer, wéi ee Gewiicht déi Lëtzebuerger Zäitgeschicht an deem neien Zentrum effektiv wäert hunn. D’Uni, déi fir d’Realisatioun vum Projet zoustänneg ass, hält sech fir den Ament bedeckt.

Pia Oppel

auto_stories

5 min

Aus dem Regierungsaccord vun DP, LSAP an déi Gréng vun Dezember 2013.

Am Juli 2016 soll den neien interdisziplinären Zentrum fir Zäitgeschicht seng Dieren um Uni-Campus Belval opmaachen. D’Regierung wëll sech an d’Ëmsetzung vum Projet net amëschen, mee d’Autonomie vun der Uni respektéieren, seet de Staatssekretär fir Recherche an Héichschoul Marc Hansen. Op der Uni ass den Dossier den Ament Chef-Saach. De Recteur Rainer Klump wëll sech der Press géigeniwwer awer nach net äusseren. Dat huet wuel eppes domadder ze dinn, dass nach gréisser Verhandlungen usti mat de villen Acteuren, déi vun dësem Projet betraff sinn.

Just nach Zäithistoriker op der Uni?

Do ass virop den aktuellen “Institut d’Histoire” op der Uni, deen an den neien Zentrum kéint integréiert ginn. Zu engem Interview ass een och hei net bereed, ëmmerhinn lafen nach d'Gespréicher mam Rektorat. Ee Knackpunkt ass: Vun de bal 50 Historiker maachen der den Ament just e puer Lëtzebuerger Zäitgeschicht. Dat kéint bedeiten, dass d’Mandat vun där neier Fuerschungsinsitutioun Zentrum muss vill méi breet definéiert ginn.

Genau déi Suerg huet de fréieren LSAP-Deputéierte Ben Fayot, dee sech derfir agesat hat, dass d’Institut fir Zäitgeschicht an de Regierungsaccord opgeholl gouf. Déi ursprénglech Propose vun der LSAP war, fir e klengt Institut fir Zäitgeschicht ze grënnen, dat onofhängeg vun der Uni funktionéiert. Dass d’LSAP sech ee klengt Institut baussent der Uni gewënscht huet, dat och vun LSAP-noen Historiker hätt solle geprägt ginn, streit de Ben Fayot of. Hien fuerdert elo,  dass et dann op d'mannst bannent dem interdisziplinären Zentrum eng Entitéit mam Titel “Institut d’Histoire du Temps Présent” gëtt, déi eng gewëss Autonomie huet.

Inhaltlech hätt de Ben Fayot sech gewënscht, dass déi zäithistoresch Fuerschung sech prioritär op d’Geschicht vum a ronderëm den Zweete Weltkrich konzentréiert hätt. Fir d’Regierung ass awer kloer, dass d’Institut fir Zäitgeschicht op der Uni ee vill méi breed Mandat muss kréien. Den DP-Staatssekretär Marc Hansen nennt ënnert anerem déi europäesch Integratioun an d’Finanzplaz als méiglech Fuerschungsberäicher.

Sënnvoll Ierfschaften a genuch Budget?

Fir d’Institut fir Zäitgeschicht ze grënnen, ginn iwwerdeems véier aner Institutiounen ofgeschaf, déi an de leschte Joerzéngten op Initiativ vun den CSV-Staatsministere Jacques Santer a Jean-Claude Juncker gegrënnt goufen: de Centre d’etudes et de recherches Robert Schuman, de Centre Virtuel de la Connaissance de l’Europe (CVCE), an déi zwee Dokumentatiouns- a Recherchezentrumen iwwer d’Resistenz an iwwer d’Zwangsrekrutéierung am Zweete Weltkrich. Hir Budgeten an hiert Personal sollen deels zur Uni iwwergoen. Doriwer raus, stellt de Staat dem neien Zentrum zousätzlech finanziell Mëttel zur Verfügung, versprécht de Staatssekretär Marc Hansen am 100,7-Interview.

Opléisung vum CVCE a vum Centre Schuman

Beim Transfer op d'Uni fällt besonnesch den CVCE mat senge bal 40 Posten. Ugangs September gouf de Gesetzprojet déposéiert, iwwer d’Opléisung vum CVCE op den 1. Juli 2016. De Budget vu 3,4 Milliounen Euro grad wéi d’Personal sollen integral vun der Uni iwwerholl ginn. Och hei ass onkloer, wéivill Leit effektiv an der zäithistorescher Recherche kann agesat ginn. D’Direktesch vum CVCE, d’Marianne Backes wëll sech nach net dozou äusseren, ob si mat op d’Uni wëll wiesselen. Si hofft awer, dass d’Uni d’Proposë vum CVCE fir d’Ausriichtung vum neien Zentrum eescht hëlt. De CVCE huet virun allem um europäeschen Integratiounsprozess geschafft, an dobäi staark op digital Aarbechtsmethode gesat.

Den Direkter vum Centre d’etudes et de recherches Robert Schuman, de Charel Barthel, huet am Juni demissionéiert, aus Protest géint d’Pläng vun der Regierung, de Centre Schuman ofzeschafen. Weder hien, nach deen neien Direkter Jean-Marie Majerus wollten eis en Interview ginn. Mat enger hallwer Tâche a engem klenge Budget fält den Transfert vum Centre Schuman op d’Uni net weider an d’Gewiicht. Et lafen elo awer nach Gespréicher, ob d’Uni eng vun de wichtegen Aufgabe vum Centre Schuman iwwerhëlt: d’Editioun vun der wëssenschaftlecher Zäitschrëft dem “Journal of European Integration History”.

Neie "Service Memoire" am Staatsministère

Opgeléist ginn dann och déi zwee Dokumentatiounszentrumen iwwer den Zweete Weltkrich – an och hei wëllen déi zwee Direkteren, de Paul Dostert an de Steve Kayser keen Interview ginn. Vill Personal, dat bei d’Uni ka wiesselen, gëtt et och hei net. De Paul Dostert ass vun den Ännerunge souwisou net méi betraff: Hien geet d’nächst Joer an d’Pensioun. D'Aufgabe vun den Dokumentatiounszentrumen am Beräich vun der Erënnerungsaarbecht iwwerhëlt een neie "Service Memoire" am Staatsministère.