Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Hannah H - Livin' Free

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Voll Ënnerstëtzung vun der EU fir Frankräich

Kampf géint den IS

Voll Ënnerstëtzung vun der EU fir Frankräich

Wann een EU-Memberstaat op sengem Territoire mat Waffen agresséiert gëtt, mussen déi aner Memberen hëllefen. Frankräich kritt deemno am Kampf géint den IS Ënnerstëtzung. Wat ass d'Roll vu Lëtzebuerg?

auto_stories

3 min

E. Schneider: keng militäresch Interventioun vu Lëtzebuerg

Frankräich kritt déi voll Ënnerstëtzung vun der EU am Kampf géint de Grupp “Islamesche Staat”. Dat hunn déi 28 EU-Verdeedegungsministeren um Dënschdegmueren eestëmmeng decidéiert. Kuerz nodeems fir d’éischte Kéier an der Geschicht vun der europäescher Unioun d’Bündnis-Klausel invoquéiert gouf.

D'Klausel, steet am Artikel 42, Paragraph 7 vum Traité: "Am Fall, wou ee Memberstat op sengem Territoire Objet vun enger arméierter Aggressioun ass, sinn déi aner Memberstaten Hëllef an Assistance schëlleg. An dat mat all de Moyenen, déi hinnen zur Verfügung stinn.”

Wat heescht dat fir d'Memberstaaten?

Et géif nach keng konkret Detailer iwwert d’Besoine vu Frankräich, esou de Verdeedegungsminister Etienne Schneider. Dat misst sech a bilaterale Gespréicher erausstellen. Alleguer d'Memberstaten hätte Frankräich an der Franséischer Regierung hir Solidaritéit zougeséchert. Elo misst am Eenzelne gekuckt ginn, wéi d'Contributioune kéinten ausgesinn: "Do si mir all nach gespaant, wat Frankräich sech iwwerluecht huet."

Lëtzebuerg kéint no Indikatioune vum Etienne Schneider kaum fir militäresch Interventioune gefrot ginn. Héchstens op organisatoreschem Plang gesäit de Minister eng Méiglech Zesummenaarbecht.

An senger Interventioun huet de Verdeedegungsminister ënnerstrach, datt nieft de Militäraktiounen, d’EU och no enger politescher Léisung fir déi Regioun misst sichen.

Militäresch Asäz a Syrien

Frankräich war an der Nuecht op en Dënschdeg nees am Grouss-Asaz géint den Terrorismus a géint den Islamesche Staat. Dräi Deeg no de schlëmmsten Attentater an der Geschicht vum Hexagon, huet d’“Armée de l’air” fir déi zweet Nuecht hannerteneen, mat senger aktueller maximaler "Force de Frappe" Positioune vun den Djihadisten a Syrien bombardéiert.

Et wieren nees Trainings-Campen a Kommandozentralen zu “Rakka” viséiert gewiescht. Rakka ass d'Héichbuerg vum selwer proklaméierten "Islamesche Staat". De Porte-avions “Charles de Gaulle” ass ënnerwee vun Toulon a Richtung Rout Mier. Mam Charles de Gaulle kommen niewent deenen aktuell zéng méi wéi 30 zousätzlech Kampfjetten an Operatioun.

Russland wëll säi Militärasaz a Syrien och weider intensivéieren: De russesche Geheimdéngscht huet um Dënschdeg matgedeelt, datt de Crash vun engem russesche Passagéierfliger den 31. Oktober iwwert dem Sinai, wuel duerch eng Bomm verursaacht gouf. Sou, wéi auslännesch Servicer scho presuméiert haten. Beim Crash an Ägypte waren 224 Mënschen em d’Liewe komm.

"Mir fannen déi Responsabel vum Attentat egal wou se sinn a wäerte se bestrofen", esou de President Vladimir Putin.

Detailer am Mëttes-Panorama vum 17. November.