Radioen

On air

Notturno  |  The Düsseldorf Düsterboys - Füße

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Enn vun der "Vorratsdatespäicherung" zu Lëtzebuerg

Dateschutz

Enn vun der "Vorratsdatespäicherung" zu Lëtzebuerg

Dat systematescht Späichere vu Kommunikatiounsdonnéeën verstéisst géint d'EU-Grondrechtscharta, esou den Europäesche Geriichtshaff. Och zu Lëtzebuerg misst d'Gesetzgebung elo geännert ginn, esou de Justizminister Félix Braz.

auto_stories

3 min

Obwuel dat europäescht Geriicht scho virun zwee Joer d’EU-Direktiv zur Vorratsdatespäicherung gekippt huet, hunn eng Rei Memberstaaten dat systematescht Sammele vun Telekommunikatiounsdonnéeën iwwer eng national Gesetzgebung weider gefouert. Eng schwedesch Telekommunikatiouns-Entreprise, grad ewéi dräi britesch Bierger, hunn doropshinn dergéint geklot, datt d'Vorratsdatespäicherung an hire Länner weider gefouert gouf.

Déi europäesch Riichter hunn hinnen elo Recht ginn an hir Argumentatioun par rapport zum Uerteel iwwer d'EU-Direktiv präziséiert: All Gesetz, dat e generaliséiert an ondifferenzéiert Späichere vun Telekommunikatiounsdonnéën virgesäit wier een ze staarken Agrëff an d'Grondrechter vun de Bierger.

Just cibléiert Mesurë méiglech

Fir d'Späichere vu Kommunikatiounsdonnëen mussen dem Europäesche Geriichtshaff no kloer Limittë fixéiert ginn. Dat awer net just fir d'Kategorie vun Donnéën, fir d'Späicherdauer an den Accès zu den Donnéën, mee eben och fir déi concernéiert Persounen. Dozou heescht et am Arrêt: Fir präventiv Donnéeë kënnen ze späicheren, misst et objektiv Elementer ginn, déi et erlaben just Persounen ze viséieren, déi ee Lien mat gravë kriminellen Akten hunn.

Och zu Lëtzebuerg ginn Telekommunikatiounsdonnéeë vu jidderengem während sechs Méint präventiv gespäichert. De grénge Justizminister Félix Braz hat an der Suite vum Uerteel aus dem Joer 2014 argumentéiert, datt d'Vorratsdatespäicherung op nationalem Niveau weiderhi legal wier, sou laang een dës Donnéeë just fir eng kuerz Zäit géif späicheren, d'Justiz den Accès misst accordéieren, an deen Accès just erlaabt wier, wann et ëm d'Bekämpfe vu gravë Crimë geet.

Geplangte Reform geet net duer

De Minister hat am Januar 2015 eng Reform vum entspriechende Gesetz deposéiert, fir de Kader vun der Vorratsdatespäicherung an deem Sënn méi restriktiv ze maachen - ouni awer op de Prinzip vum systematesche Späichere vu jidderengem sengen Donnéeën ze verzichten. Dëse Gesetzprojet soll elo amendéiert ginn, fir dem neien Uerteel gerecht ze ginn, sou de Félix Braz. Et géif een d'Uerteel elo am Detail analyséieren, fir ze kucken, wéi eng Upassungen néideg sinn.

De Minister sot am 100,7-Interview hie géif begréissen, datt den neien Arrêt elo méi Kloerheet schaaft:

"Notamment op där prinzipieller Fro, ob et zoulässeg ass opgrond vun der Charta vun den 'droits fondamentaux", dass ee bestëmmten Donnéën vun all Abonnent iwwer eng bestëmmten Zäit späichere muss. Den éischten Arrêt war op dem dote Punkt leider net sou kloer, wéi een et hätt kënnen erwaarden. Den heiten Arrêt ass méi kloer, an deems e seet, datt eng 'anlasslos' Späicherung vun den Donnéën vun all den Abonnenten net konform ass zu den Texter. Wat nach geet ass opgrond vun dësem Arrêt, datt een eng geographesch an zäitlech limitéiert Vorratsdatespäicherung mécht, oder op enger limitéierter Zuel vu Leit. An dat och just mat engem Effet, deen zäitlech net kann zréck goen, mee mat engem Effekt deen opgrond vun enger Unuerdnung vun engem Riichter, deen nëmmen an d'Zukunft gedréint ass."

Félix Brazplay_arrow