Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat fir e Wäerteunterrecht fir Lëtzebuerg?

Table-Ronde

Wat fir e Wäerteunterrecht fir Lëtzebuerg?

Den Educatiounsminister Claude Meisch ass bereet zu punktuellen Ännerungen um Kaderléierplang fir de geplangtene Wäerteunterrecht. An der Emissioun Riicht Eraus gëtt et kee Konsens a keng Zoustëmmung zum Text deen elo virläit. Haaptsträitpunkt ass d’Method mat dér d’Relioune sollen thematiséiert ginn. Generell Kritik gëtt et iwwert de Mangel un Transparenz beim Ausschaffe vum neie Schoulfach.

auto_stories

3 min

v.r.n.l. Claude Meisch, Taina Bofferding, André Grosbusch, Jean-Louis Zeien, Monique Adam

De Minister envisagéiert fir dat neit Fach “Liewen a Gesellschaft” och am Preparatoire an an der Beruffsausbildung an ze féieren, wou aktuell keng Morales- an d’Reliounscoursen ugebuede ginn.

“Elo si mir an der Participatioun”

Et hat ee versprach fir mat der Zivilgesellschaft iwwert den Inhalt vum Wäerteunterrecht ze diskutéieren. Elo wär deen éischte vun zwee annoncéierte Rendez-Vousen, seet den Educatiounsminister. “Nach ni ass e Fach esou hannert zouenen Dieren ausgeschafft ginn”, fënnt par konter d’Monique Adam vum Verband vun de laizisteschen Associatiounen. D’Membere vum Aarbechtsgrupp iwwert de Wäerteunterrecht hate verbuede kritt fir no baussen ze kommunizéieren. Mam Minister war am Mäerz ofgemaach, ginn datt all dräi Méint der Ëffentlechkeet e Bilan gemaach géing ginn.

Den Educatiounsminister Claude Meisch ass eventuell bereet fir punktuell Ännerunge vir ze huelen um Kaderléierplang fir de geplangtene Wäerteunterrecht. De 12. November hat de Ministère de Referenztext fir dat neit Fach verëffentlecht. An der Table-Ronde gouf et kee Konsens a keng Zoustëmmung zu deem Text.

D’Reliounen: iwwerbewäert oder marginaliséiert?

Gestridde gëtt iwwert d’Methodologie fir dat neit Fach an d’Manéier wéi d’Reliounen thematiséiert ginn. Fir d’Monique Adam vum Verband vun de laizisteschen Associatiounen hätt een et mat engem schwaachen Text ze dinn, ouni Linn, e eenzege Sammelsurium vu Bezuchswëssenschaften an Themeberäicher. Den Humanismus, déi praktesch Philosophie an déi politesch Bildung géingen op jidder Fall am Kaderléierplang vum Fach "Liewen a Gesellschaft" ze kuerz kommen.

Dem Jean-Louis Zeie vum Bistum no, géingen d’Relioune marginaliséiert ginn, dofir kéint et kéng Zoustëmmung fir dee Text ginn. Am Text wären och Feeler dran, a “verräteresch” Aussoen, déi de Schoulreferent fir Relioun net erkläert huet.

“Gott ass néierens ze fannen”

“Dat Fach bleift éiweg kontrovers”, esou den André Grosbusch vun der Initiative “fir de Choix”. Dofir sollt ee weiderhin un de béide Fächer Moral a Relioun festhalen.

Fir d’LSAP wär weiderhi wichteg, datt d’Philosophie als Leitdisziplin iwwerholl gëtt, seet d’Taina Bofferding. Der sozialistescher Députéiert a Vize-Presidentin vun AHA (“Allianz vun Humanisten, Atheisten an Agnostiker”) no, misst d’Philosophie als Methodologie am Wäerteunterrecht agesat ginn. Et géing net ëm philosophesch Wëssensvermëttelung goen, dofir géing et jo schonn e Fach ginn.

Methodekult

“Et geet hei net ëm Methodekult” mengt dozou de Jean-Louis Zeien vum Bistum. Fir hie wär et wichteg, datt am Wäerteunterrecht net just faktescht Wësse vermëttelt gëtt, mee och wéi d’Symbolik vun de Reliounen ze interpretéieren ass. Eng Meenung déi och den Educatiounsminister Claude Meisch deelt, soss wär d'Welt vun haut net méi ze verstoen.

Dat selwecht misst dann och fir Humanismus, Laizismus an Atheismus gëllen, ënnersträicht d’Monique Adam. Déi Weltanschauunge géingen awer net emol am Kaderléierplang ernimmt ginn. Fir d'LSAP Députéiert Taina Bofferding muss de Wäerteunterrecht absolut konfessiounsneutral sinn.