Radioen

On air

Kultur um 5  |  Caribou - Odessa (Radio Edit)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wäerterunterrecht ouni Wäert?

Educatioun

Wäerterunterrecht ouni Wäert?

D'Regierungsparteie sinn dovunner iwwerzeegt, datt den neie Wäerterunterrecht dem Pluralismus an der Gesellschaft Rechnung dréit. D'Oppositioun schwätzt vun engem "cours de rien", dee kengem Aspekt gerecht géif ginn.

auto_stories

6 min

Foto: www.vieso.lu

De Wäerterunterrecht gëtt fir d'Lycées-Rentrée ageféiert. E wier keng Revolutioun, mee eng Adaptatioun un déi aktuell Situatioun zu Lëtzebuerg, seet de Lex Delles. Den DP-Deputéierte war Rapporter vum Gesetzestext, deen an der Chamber mat de Stëmme vun de Majoritéitsparteie gestëmmt ginn ass. "Mir liewen zu Lëtzebuerg an enger pluralistescher Gesellschaft." Deem géif de Cours Rechnung droen.

Et solle vill Aspekter an de Cours mat era fléissen, sou de Lex Delles. "D'Kanner solle léiere kritesch denken" Dobäi wier och déi kritesch Ausernanersetzung mat de Reliounen en Thema. "Mir hunn opgepasst, datt et net ze vill Matière ass. Vill Saache gräifen nämlech individuell aneneen."

E "cours de rien"?

Den ADR-Deputéierten Fernand Kartheiser gesäit an der Mass dee gréisste Schwaachpunkt vum neie Wäerterunterrecht. D'Gefor wier, datt et en Eenheetsbräi, e "cours de rien" kéint ginn. "De Wäerterunterrecht riskéiert net dat ze si wat e virgëtt ze sinn."

De Cours wier eigentlech do fir d'Relioun an d'Morale laïque z'ersetzen. Dës Sujete géifen am neie Wäerterunterrecht awer nëmmen iwwerflächlech beréiert a relativ kleng behandelt ginn. Dat géif evident ginn, wann ee sech de Programm an d'Stonnenzuel géif ukucken, fënnt de Fernand Kartheiser. "D'Haaptgewiicht läit um Zesummeliewen an der Gesellschaft. Dat ass awer eppes aneres wéi e Reliouns- oder Moralunterrecht, deen ethesch Froe stellt, sou den Oppositiounspolitiker.

Amplaz de Wäerteunterricht a senger momentaner Form anzeféieren, wier et besser gewiescht en z'iwwerschaffe fir e Cours dorauser ze maachen, deen e gewëssenen Integratiounswäert hätt. E Cours also, deen enger Gesellschaft, déi op Immigratioun berout, kéint Rechnung droen. "Awer net als Ersatz fir de Reliounsunterrecht", seet den ADR-Deputéierten, "mee als e Genre Instruction civique".

De Lex Delles ass mat der Argumentatioun vum Fernand Kartheiser net d’accord. Hie wiert sech géint de Reproche, datt de Wäerterunterrecht iwwerluede wier. D'Relioune géifen am Detail gekuckt ginn, seet de Lex Delles. All Joer soll eng aner Relioun duerchgeholl ginn. "Et geet drëms, de jonken d'Reliounen, mat där hirer Philosophie, hiren Usiichten, hire Spezifizitéite bäizebréngen. Fir datt si en esprit critique entwéckelen", präziséiert de Lex Delles.

"Fir de Choix"

Eng kloer Positioun a Saache Wäerterunterrecht vertrëtt déi gréissten Oppositiounspartei, d'CSV. De Schüler soll selwer dierfen tëschent engem Reliouns- an engem Moralunterrecht wielen, seet den CSV-Generalsekretär an Député-Maire vu Betebuerg Laurent Zeimet. Besonnech an der Grondschoul, wou de Wäerterunterrecht fir d’Rentrée 2017/18 soll agefouert ginn.

D'Koalitioun wéilt dëse Choix ofschafen. "Dat gesi mir grondsätzlech aneschtes. Dat gesäit och eng Majoritéit vun de Leit aneschtes." Et misst ee sech nëmmen d'Ëmfroen ukucken, seet de Laurent Zeimet. Eng breet Majoritéit vun de Leit géif hir Kanner am Reliounsunterrecht aschreiwen. Dat géif weisen, datt d'Leit dës Offer wëlle bäibehalen. "De Schrëtt am Secondaire ass fir eis net matzedroen" D'CSV fuerdert d'Méiglechkeet fir d'Elteren, de Kanner eng reliéis Erzéiung ze bidde wa se dat wëllen. "Genee dat awer fält ewech", bedauert de Laurent Zeimet.

Datt de Choix ewech fält gesäit de Lex Delles awer net als Problem. Am Cours géifen all d'Relioune gekuckt ginn. "Et geet drëms, datt d'Kanner dëst all zesummen an enger Klass maachen. Dat spigelt d'Gesellschaft erëm." D'Kanner sollen zesumme kënnen diskutéieren. Donieft kéinten d'Kanner nach ëmmer an e Reliounsunterrecht goen. Just net méi an der Schoul.

"D'Chance ass fort"

D'Zil vum neie Wäerterunterrecht soll et sinn, op d'mannst e Bild vun den anere Reliounen ze zeechnen. D'CSV schwätzt awer hei vun enger verpasster historescher Chance. "De Reliounsunterrecht hätt kéinten duerch e Reliounen-Unterrecht ersat ginn" seet de Laurent Zeimet. Hie bedauert, datt dat net geschitt ass. Déi aacht Glawensgemeinschaften hätten ugebueden, zesummen e Cours ze maachen. "Mir waren enttäuscht, datt d'Regierung direkt dogéint war", sou de Laurent Zeimet. Dobäi wier et eng Chance gewiescht fir eppes ganz Innovatives ze schafen. "Déi Chance ass fort." Eng Erzéiung aus engem Glawen eraus maachen oder nëmme vermëttele woufir verschidde Relioune stinn, wier zweeërlee.

Hypokrisie?

Bei der ganzer Diskussioun ëm de Wäerterunterrecht fält op, datt d’Oppositiounsparteien CSV an ADR selwer e Wäerterunterrecht an hire Partei- respektiv Wahlprogrammer stoen haten. Dat wier awer laang hir, seet de Fernand Kartheiser. D’ADR hätt de Reliounsunterrecht ëmmer ënnerstëtzt. "D'Linn vun der ADR ass kohärent."

Dat wier bei der CSV anescht. Si géifen elo eng aner Positioun vertriede wéi am Wahlkampf. De Wäerterunterrecht an de Reliounsunterrecht géifen d'Sënnfro anescht stellen, seet de Fernand Kartheiser. "Dat ass awer eng wichteg Etapp an der perséinlecher Entwécklung, an déi wëlle mir net mëssen."

De Laurent Zeimet vun der CSV léisst awer d’Ausso vun enger Inkohärenz net gëllen. "Mir haten am Programm stoen, datt mir eis am Secondaire e gemeinsame Wäerterunterrecht kéinte virstellen." Deen hätt awer sollen an enker Zesummenaarbecht mat den Acteuren, déi de Reliounsunterrecht ubidden, a mat de Glawensgemeinschaften ausgeschafft ginn.

"Dat ass beim aktuelle Wäerterunterrecht nëmme formell geschitt. Genee déi Acteuren, also d'Glawensgemeinschaften, an d'Acteuren aus dem Reliounsunterrecht, kritiséieren nämlech den neie Wäerterunterrecht." Dofir géif d'CSV sech d'Fro stellen, ob iwwerhaapt en Dialog gefouert gouf. Iwwerdeems wier et fir d'CSV ëmmer eng Viraussetzung gewiecht, datt de Choix tëschent Relioun a Morale am Fondamental bestoe bleift. Dat hätt och am Programm gestanen, sou de Laurent Zeimet. "Eis Virstellung vum gemeinsame Wäerterunterrecht war eng aner wéi dat, wat elo ugebuede gëtt. Et war eng Wëssensvermëttelung vun de Reliounen." De Wäerterunterrecht, deen elo agefouert gëtt, wier eppes Generelles. Et kéint kee sech virstellen, wat konkret vu September un enseignéiert gëtt.

Wat gehéiert an den ëffentleche Raum?

De Wäerterunterrecht: ee Kulturkampf am ëffentleche Raum? Genee esou gesäit den ADR Deputéierte Fernand Kartheiser d’Approche vun de Majoritéitsparteien. Si géife mengen, de Staat stéing mat der Relioun a Konkurrenz, "an engem Kampf ëm den ëffentleche Raum", sou de Fernand Kartheiser. De Staat géif elo bestëmme wat fir eng Wäerter an den ëffentleche Raum gehéieren. "Dat sinn de Parteien hir Wäerter, de Laizismus."

Bei der ADR wier dat anescht. "Den ëffentleche Raum gehéiert souwuel laizistesche Wäerter, lénken, rietse politesche Virstellungen an de Reliounen." Fir d'ADR wier den ëffentleche Raum e Kader, dee muss garantéiert ginn. "D'Spillregele vu Fräiheet musse gëllen. Fräiheet vun Demokratie, Fräiheet vun der Meenung, Fräiheet vun der Versammlung... Dat ass den ëffentleche Raum", sou de Fernand Kartheiser. An deem Raum missten all Meenunge kënnen hir Plaz fannen, esou laang se konstitutionell wieren a net zu Gewalt opruffe géifen. "Mir, als Politiker, gesinn eis net a Konkurrenz zu de Reliounen. Mir musse garantéieren, datt eng Pluralitéit vu Meenunge sech am ëffentleche Raum kënnen entfalen."