Radioen

On air

Notturno  |  Sufjan Stevens - Mystery Of Love

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Autoritär Entwécklung an Europa net auszeschléissen?

Presidentewahlen Eisträich

Autoritär Entwécklung an Europa net auszeschléissen?

Mat Suerg géife si d’Presidentewahlen an Eisträich suivéieren, sou d’Europaparlamentarier Frank Engel (CSV) a Charel Goerens (DP) am 100,7-Interview. Een Trend géif hei viru gedriwwe ginn, dee virun allem fir Europa näischt Guddes géif bedeiten. Renationaliséierung vun der Politik, permanenten Ausnamezoustand, wieren déi wichtegst Geforen.

auto_stories

4 min

D'Bréifwahl muss tëschent dem Riets-nationalen Hofer an dem Gréngen Van der Bellen entscheeden

“Wa graff d’Halschent vun der Populatioun der Meenung sinn, si kéinten e Kandidat wielen, deen aus dem FPÖ-Lager kënnt, dann heescht dat eppes”, sou de Frank Engel. Fir den CSV-Europaparlamentarier wier dat den Ausdrock vun enger “Flemm mam traditionelle Parteiesystem”, déi déi aner Parteie sollten eescht huelen.

Och de liberalen EU-Deputéierte Charel Goerens féiert de relative Succès vum Riets-nationalen Norbert Hofer op en Echec vun den traditionelle Parteien zeréck. Allerdéngs wier Eisträich an der Flüchtlingspolitik “zimlech aleng gelooss gi vu sengen europäesche Partner”. Während sech “eng Partie Leit onbeléift maachen” andeems se hir Obligatioun fir Flüchtlingen opzehuelen erfëllen, wéilten anerer “en Avantage erausschiele fir sech, fir Europa futti ze maachen”.

Konsequenze vun enger Victoire vum FPÖ-Kandidat?

Sollt de Kandidat vun der FPÖ sech duerchsetzen, da géif dat un den institutionelle Realitéiten an Europa bis op Weideres näischt änneren, sou de Frank Engel. Den éisträichesche Staatspresident “ka keng Politik beschléissen, mee e kann eng Politik verhënneren an orientéieren”. Méi wichteg wieren d’Parlamentswahlen. “Mir sinn an enger Zäit, wou et an Europa net méi wierklech eng Planungssécherheet’ gëtt”, sot den CSV-Politiker.

De Charel Goerens gëtt sengersäits ze bedenken, datt den éisträichesche Staatspresident d’Parlament kann opléisen. Well deen awer soss nëmmen eng representativ Funktioun hätt, wier eng indirekt Presidentewahl besser. “Wann d’Vollek direkt wielt suggeréiert dat am Fong eng ganz héich Legitimitéit”, sou de liberale Politiker. Dat géif dann och fir Onzefriddenheet suergen.

Entwécklung an Europa?

De Charel Goerens stellt des weideren een “héije Grad un Irrationalitéit” an enger Partie europäesche Länner fest. Déi heite Wahl géif et erlaben, “e bëssen an d’Volleksséil vun Eisträich eran ze kucken”.

De Frank Engel géif d’Méiglechkeet vun enger neier Zäit vun Autoritarismus net ausschléissen. Déi hätt mam Spannungsfeld tëschent Fräiheet a Sécherheet ze dinn, dat et ëmmer géif ginn: “am Zweiwelsfall wënnt do d’Sécherheet”. Den CSV-Politiker huet d’Beispill vu Frankräich genannt, dat zënter den Attentater am November “am permanenten Ausnamezoustand” wier. “Ech fannen dat net normal”, dat wier eng “potentiell geféierlech Entwécklung”.

Fir de Charel Goerens kréich een zwar nach am Europaparlament Majoritéiten zesumme fir “eng verstänneg Politik ze maachen”. Um Niveau vun de Staatefänkt et ganz zolidd un en Handicap ze ginn”, beispillsweis wat d’Flüchtlingspolitik betrëfft. Dem Frank Engel no “loossen mir eis ëmmer méi dreiwe vun enger vermeintlecher Volleksmeenung, déi seet: 'manner Europa’”. Zesumme mat sengem liberale Kolleg am Europaparlament plädéiert hie fir “méi Europa”.