Radioen

On air

Notturno  |  East Coast Love Affair - Date With The Rain Feat. Peter Hunningale & L. Ross

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wallounien géint CETA: Ondemokratesch?

Fräihandel

Wallounien géint CETA: Ondemokratesch?

Den Accord fir fräien Handel tëscht der EU a Kanada, kuerz CETA, läit op Äis - wéinst dem Neen aus der klenger Wallonie. Mat esou engem Blockage muss ee rechnen, wann een d'Parlamenter mat abezitt. Wien dat verhënnere well, dierf déi national a regional Parlamenter guer net ëm hir Meenung froen. Eng Chronik vum Danièle Weber.

auto_stories

4 min

Foto: picture alliance / Wiktor Dabkowski

Wéi geet et der Demokratie an Europa, wann eng eenzeg Regioun d'Decisioun vu 27 Länner blockéiere kann? Dat freet den CSV Deputéierte Laurent Mosar an engem Tweed. D’Fro misst een eigentlech anescht stellen: Wéi geet et der Demokratie an Europa, wann een ee regionaalt Parlament, wat Gebrauch vu sengem demokratesche Recht mécht, net seriö hëlt.

Huet d’Demokratie eppes domat ze dinn, wéi vill Leit neen oder jo soen. Ass e Parlament eréischt fir voll ze huelen, wann eng bestëmmten Zuel vun Awunner derhannert steet? An der Wallonie wunnen dräi an eng hallef Millioune Leit - dat sinn der deemno net genuch ...

D'Zuelenargument

Et huet eng gewëss Ironie, wann ausgerechent ee Lëtzebuerger Deputéierten dëst Argument virbréngt. Zu Lëtzebuerg wunnen nëmme sechs Mol manner Leit wéi a Wallounien - a just eppes iwwert d’Halschent vun hinnen dierf wiele goen. Et sief dohi gestallt, wéi demokratesch dat ass. Mee et gouf schonn emol Decisiounen an Europa - si haten éischter mat Steiersujeten ze dinn - bei deene Lëtzebuerg blockéiert huet: Net esou prominent, éischter am Hannergrond, et huet een dat net esou un déi grouss Klack gehaangen.

De Laurent Mosar ass net deen eenzegen, dee mam Zuelenargument kënnt an op dës Aart a Weis d’Demokratie lächerlech mécht. Tatsaach ass, datt an dësem Accord d’Meenung vun de Parlamenter gefrot ass. An Tatsaach ass, datt do a verschiddene Länner vun der EU regional Parlamenter och dozou gehéieren. Dat ass an hirer Verfassung esou festgeschriwwen. A wann een dat elo unzweiwelt, da gräift een an d’Souveränitéit vun deem Land an - eppes, wat jo soss eigentlech fir jidder national iwwerzeegte Politiker eppes Helleges ass.

Fundéiert Kritik

De wallounesche Premier Paul Magnette hat schonn am Abrëll annoncéiert, datt seng Regierung géint de Fräihandelsaccord mat Kanada wier. Et kann een dem Sozialist parteipolitesch Interête bei sengem Kampf géint de Rescht vun Europa ënnerstellen: Hien ass ee Politiker. Allerdéngs gräift dat ze kuerz. Wien him an de leschte Méint an Deeg nogelauschtert huet mierkt, datt hien den Dossier besser kennt, wéi muench agefleeschte CETA-Géigner, fir deen hien elo den Held ass.

Seng Kritik ass fundéiert. Si gouf just laang net seriö geholl, well keen esou richteg dovun iwwerzeegt war, datt dëst Parlament wierklech eppes ze soen hätt. D’Kommissioun huet op alle Fall net den Dialog gesicht. Journalisten, déi wësse wollten, wat géif geschéien, wann do elo ee wéi d’Wallonie nee géif soen, krute méintelaang nëmme gesot: CETA ass ee gudden Accord a mir ginn dovun aus, datt en ënnerschriwwe gëtt. Doduerch, datt een esou Floskelen ëmmer nees widderhëlt, kritt een awer keng Leit iwwerzeegt.

Perfekten Accord?

Kuckt een den Accord, wéi en elo virläit - mat also deene fënnef Säiten Zousatzdeklaratiounen, déi elo nach eng Kéier duerch wallounesch Demanden ergänzt géife ginn - gëtt deen net onbedéngt e Bild vun deem of, wat d’Ministeren aus de 27 EU-Länner déi dofir waren, gären duerstellen. Och de Jean Asselborn hat sech beméit, d’Bild vun engem quasi perfekten Accord ze zeechnen. Et ass erstaunlech, dat dës Zousazdeklaratiounen, déi a kruziale Punkten zimlech vague gehale sinn, esou vill Leit iwwerzeegt hunn. Zousatzdeklaratiounen, déi zum Beispill och festleeën, datt Däitschland sech nees erauszéie kann: Et geet duer, datt an Däitschland nach een Uerteel iwwert den Accord kennt, an deem en net als verfassungskonform deklaréiert gëtt, fir de Fräihandelsaccord mat Kanada ze stoppen.

Egal wéi d’Geschicht ausgeet hannerléisst CETA den Androck vun engem zesumme gebastelten Handelsaccord, deem seng Zukunft - och wann een ënnerschriwwe gëtt - alles anescht wéi sécher ass. An do ass net eleng Wallounien dru Schold.