Radioen

On air

Espresso Beats  |  Vicki Sue Robinson - Turn The Beat Around

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat bréngt de Shared space?

Urbanismus

Wat bréngt de Shared space?

Schëffleng, Diddeleng, Péiteng: Eng ganz Rei Lëtzebuerger Gemenge schaffen un engem sougenannte Shared space. Doduerch soll méi Liewensqualitéit am Zentrum geschaf ginn. Mee hält d'Konzept och wat et versprécht? Des Fro gëtt an der Gemeng Bartreng mat "Jo" beäntwert.

auto_stories

4 min

Eng Strooss ass net wierklech z'erkennen (Foto: Claude Dernoeden)

Am sougenannte Shared space am Zentrum vu Bartréng ass et schwéier, een Ënnerscheed tëscht Strooss an Trottoir ze gesinn. Blummebacken a Beem si sou iwwer d'Plaz verdeelt, datt se d'Autos-Chauffeuren irritéieren. Sou fält et méi liicht, sech un d'Vitesselimitatioun vun 20 Stonnekilometer ze halen.

Bartreng ass ee Lëtzebuerger Pionéier a Saache Shared space. Dem Code de la route no ass dat eng Zone de recontre. Virdrun haten am Zentrum virun allem d'Autoe Virfahrt, erënnert sech de Gemengesekretär Jean-Paul Kellen. Kette sollten d'Kanner dorun hënneren an d'Strooss ze lafen, an déi rout Luucht gouf vun den Automobilisten dacks net respektéiert. Gedeelt gouf net wierklech. "Et ass lo keen eigentleche Stroosseraum méi, mee d'Autoe fueren iwwert eng Plaz", sou de Jean-Paul Kellen.

An no enger Plaz gesäit et och aus. Just um Busarrêt läit Macadam, fir de Rescht goufen direkt bis an d'Entrée vum Park hell Placke geluecht, déi kaum no Strooss ausgesinn. Vis-à-vis vun der Gemeng gouf e Restaurant gebaut. Dee steet extra sou wäit an der Strooss, datt motoriséiert Gefierer musse lues maachen. Virdru war hei e Parking.

Vis-à-vis vun der Gemeng gouf e Restaurant an d'Strooss gebaut (Foto: Claude Dernoeden)

De mobille Mënsch passt sech un

"E Shared space dee gelongen ass, ass een, wou jiddereen, den Automobilist wéi de Foussgänger, sech instinktiv richteg verhält", seet de Christophe Reuter. De geléierten Ingenieur ass am Nohaltegkeetsministère zoustänneg fir d'Mobilité douce. Do läit et no, datt hie sou Projete prinzipiell positiv bewäert.

Seng Iwwerzeegung: de mobille Mënsch passt sech, deelweis noutgedrongen, deelweis och net, u säin Ëmfeld un. "Dir kritt ëmmer genee dat Mobilitéitsverhalen, fir dat Dir Infrastruktur baut." Den Auto bis elo dat eenzegt Verkéiersmëttel, mat deem ee vun der Hausdier bis iwwerall géif hikommen. Dofir wär et net verwonnerlech, datt d'Lëtzebuerger ganz vill op den Auto géifen zeréckgräifen. Vill Leit hätte keng Alternativ dozou, fir moies am Stau op d'Aarbecht ze schläichen. "Iwwerall wou mir eng Alternativ bidden, brauche mir mol keng Reklamm dofir ze maachen, d'Leit sprangen einfach drop", sou de Christophe Reuter.

Gemengt sinn zum Beispill d'Vëlospisten an der Stad. Wann déi bis do sinn, gi se och genotzt, an dat ëmmer méi. Zanter 2012 geet an der Stad de Vëlosverkéier lues awer sécher an d'Luucht. Tëscht 2014 an 2015 goufen zum Beispill 7 Prozent méi gezielt. Och zu Bartreng huet een am leschte Joer gemierkt, datt sech eppes geännert huet. Dat heescht awer net, datt elo manner Verkéier am Zentrum wier, éischter am Géigendeel.

"Et ass méi zen am Duerf"

Gefillsméisseg géife genee sou vill Autoe wéi virdrun zirkuléieren, seet de Gemengesekretär Jean-Paul Kellen. Si géife just méi lues fueren. D'Foussgänger an d'Schoulkanner wäre vill méi sécher. "Et komme vill méi Kanner mam Vëlo an d'Schoul. Mir hunn e ganze Koup Vëlosstänneren an de Schoulhäff mussen opstellen, well elo vill méi Vëloe kommen." An d'Geschäftsleit hätten net manner Ëmsaz wéi virdrun.

Ee vun de Geschäftsleit am Duerf ass de Bäcker Patrick Nothum. Hie steet haut voll hannert dem Shared space-Konzept. Hien hätt den Androck, datt seng Clienten all zefridde mam Projet wieren. Et wier einfach méi "zen" am Duerf ginn.

Zu Bartreng kann ee "zen" mam Vëlo duerch den Zentrum pedaléieren (Foto: Claude Dernoeden)

Allerdéngs war de Patrick Nothum net ëmmer sou iwwerzeegt vum Shared space. D'Angscht war grouss, datt d'Clienten duerno net méi géifen erëmkommen. Och de Chantier wier eng "sauer Zäit" gewiescht. Et wier een awer gutt preparéiert gewiescht, well d'Gemeng vill Reuniounen am Virfeld organiséiert gehat hätt.

Biergerbedeelegung bei der Planung

Ee Shared space-Projet gëtt nëmmen dräi Konditiounen ee Succès, seet de Christophe Reuter vum Nohaltegkeetsministère.

  • Fir datt et net ze deier gëtt soll d'Realisatioun am beschte mat Aarbechten um Leitungsnetz verbonne ginn, déi souwisou ufalen.
  • De Projet däerf net hallefhäerzeg gemaach ginn.
  • D'Bierger an d'Geschäftsleit musse mat agebonne ginn.

Wann de Projet vun Fachleit richteg moderéiert wier, géif meeschtens eppes Flottes dobäi erauskommen, wou d'Bierger hir eegen Iddie géifen dran erëmfannen, erkläert de Christophe Reuter. Dem Bartrenger Bäcker louchen deemools an och haut nach besonnesch d'Parkplazen um Häerz. "Mir hunn eelef Parkplazen déi aner Säit, wouvu mir formidabel profitéieren."

Shared space heescht eben net manner Autoen. Just anescht. Dat ass och d'Philosophie am Nohaltegkeetsministère. "Et seet jo keen, datt de Lëtzebuerger keen Auto méi sollt hunn", seet de Christophe Reuter. E sollt awer de Choix hunn, fir ëmmer op dat sënnvollst Verkéiersmëttel zeréckzegräifen.

De Bartrenger Gemengesekretär widdersprécht deem net. Fir hien ass kloer: esou e Shared space oder eng Zone de rencontre war néideg, fir méi Rou an d'Duerf ze kréien. Am Endeffekt misst een d'Leit eben heiansdo zu hirem Gléck zwéngen, seet hien.