Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Elmiene - Crystal Tears

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi autonom ass d’Uni Lëtzebuerg ?

Institut fir Zäitgeschicht

Wéi autonom ass d’Uni Lëtzebuerg ?

Eng Uni, déi wëllt international eescht geholl ginn, muss kënne selwer souwuel hir Strukture wéi hir Fuerschungsschwéierpunkten no internationalen Norme setzen. Wéi d'Beispill vum Institut fir Zäitgeschicht weist, ass d’Regierung mat hiren Agrëffer an déi Autonomie amgaang, der Uni Lëtzebuerg hir Renommée ganz serieux op d’Spill ze setzen, mengt den Historiker a forum-Mataarbechter Michel Pauly.

auto_stories

4 min

Michel Pauly

De Gaston Schaber, deen d’Luxembourg Income Study erfonnt an de CEPS gegrënnt huet, sot mer 2002, wéi de Projet de Loi eraus koum fir eng Uni zu Lëtzebuerg : "Dat ass jo en DDR-Modell ! An enger westeuropäescher Uni huet kee Recteur souvill Muecht a keng Regierung esouvill Aflossméiglechkeeten." Besonnesch un de leschten Deel vum Saz muss ech denken, wann ech gesinn, wéi d’Regierung der Uni wëllt ee Centre interdisciplinaire Institut d’Histoire du Temps présent opdrängen. Wann de Besoin fir esou ee Fuerschungszentrum géif bestoen, wär et normal, wann d’Regierung mat der Uni an dem concernéierten historeschen Institut geschwat hätt an da wär zesumme gekuckt ginn, wéi een di angeblech feelend Recherche hätt kënne besser promovéieren. Ëmmerhi schaffen elo scho fënnef Proffe fir Zäitgeschicht op der Uni.

Well d’Sozialistesch Partei eenzelne Memberen dat versprach hat, hat d’Regierung an hirem Programm awer d’Schafe vun esou engem Institut virgesinn, eventuell souguer nieft der Uni. No Diskussiounen an der Koalitioun huet se decidéiert, doraus e Centre interdisciplinaire op der Uni ze maachen. Gutt un der Iddi ass ouni Zweiwel, dass scho bestehend Fuerschungsinstituter, déi zum Deel mat wéineg Leit a Mëttele wéi de Centre de Recherche iwwert d’Resistenz oder iwwert d’Enrôlés de Force oder de Centre Robert Schuman iwwert d’Geschicht vun der EU, oder och en Institut mat vill Mëttele wéi de Centre virtuel sur la Connaissance de l’Europe, CVCE, sollten an d’Uni integréiert ginn, fir eng serieux masse critique duerzestellen. Dat hat d’Zäitschrëft forum schonn 2003 virun der Creatioun vun der Uni proposéiert. Dorun huet forum och am Editorial vun der Februar-Nummer erënnert, deen d’lescht Woch vum Luxemburger Wort opgegraff gouf.

Dass d’Uni vläicht eng méi logesch, méi efficace, méi bëlleg Léisung parat huet, gouf net envisagéiert

Den 20. Januar huet d’Chamber e Gesetz gestëmmt fir de CVCE an d’Uni z’integréieren. Wuel gemierkt an d'Uni. Ob en an dee geplangten Institut fir d'Geschicht vun haut kënnt oder vläicht besser an d’Fakultéit fir Geeschteswëssenschaften, wou en Zentrum fir all digital Geeschteswëssenschafte geplangt ass, gouf am Gesetz net präziséiert. Mä souwuel all Députéiert wéi den delegéierte Minister fir Fuerschung hunn an der Chamber gemaach, wéi wann dat misst an deen neien Zentrum kommen. Dass d’Uni vläicht eng méi logesch, méi efficace, méi bëlleg Léisung parat huet, gouf net envisagéiert. Si schéngen och net ze wëssen, dass vun den dräi Instituter iwwert den Zweete Weltkrich an d’europäesch Integratioun bal näischt iwwreg ass, well hir Direkteren a Mataarbechter sech aner Plaze beim Staat gesicht hu respektiv hir Archiver a Bibliothéiken anzwousch anescht ënnerbrénge wëllen.

An ech wëll mol guer net dervu schwätzen, dass a Frankräich d’Histoire du Temps présent oder an Däitschland d’Zeitgeschichte déi lescht 50 Joer betrëfft, an net méi den Zweete Weltkrich. Ech si keen Zäithistoriker, mä ech mengen als Professer fir d’Lëtzebuerger Geschicht am ganzen ze wëssen, dass déi grouss Lacunen an onser Geschichtsschreiwung am 16., 17., 18. Joerhonnert leien. Och ouni Centre interdisciplinaire ass et selbstverständlech all Fuerscher fräigestallt fir e flotten, duerchduechte Projet iwwert d’30er oder 40er Joeren ze proposéieren an dodrun dräi oder sechs oder méi Joren ze schaffen, wéi dat zum Beispill fir déi mëttelalterlech Geschicht mat groussem internationalem Erfolleg säit 1987 um Centre universitaire an dono op der Uni geschitt.

Eng Uni, déi wëllt international eescht geholl ginn, muss kënne selwer souwuel hir Strukture wéi hir Fuerschungsschwéierpunkten no internationalen Norme setzen. D’Regierung ass mat hiren Agrëffer an déi Autonomie amgaang, der Uni Lëtzebuerg hir Renommée ganz serieux op d’Spill ze setzen. 2011 hat d’European University Association an engem Rapport festgestallt, dass d’Uni Lëtzebuerg vun 28 europäesche Länner nach hannert der Tierkei dat Land wär, wou scho vum Gesetz hir d’Uni am mannsten Autonomie hätt a punkto Organisatioun. Deemools louch Lëtzebuerg fir di akademesch Autonomie nach op der 8. Plaz: Dat schéngt der haiteger Regierung eng ze vill gutt Positioun gewiescht ze sinn.