Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi ee Bebauungsplang fir d'Stad Lëtzebuerg?

Urbanismus

Wéi ee Bebauungsplang fir d'Stad Lëtzebuerg?

Ze komplizéiert an net genuch Zäit, fir ze reagéieren. Dat ass d'Kritik vun der Oppositioun um neie Bebauungsplang vun der Stad Lëtzebuerg. Am Face-à-Face vum Patrick Goldschmidt (DP) a Marc Angel (LSAP) gëtt awer däitlech, datt Majoritéit an Oppositioun sech op ville Punkten eens sinn.

auto_stories

3 min

Patrick Goldschmidt (DP) a Marc Angel (LSAP)

Ufanks der Woch gouf deen neie Bebauungsplang vun der Stad Lëtzebuerg (PAG) am Gemengerot presentéiert. Dëse Plang setzt de Kader fir déi urbanistesch Entwécklung vun der Haaptstad. Dem PAG no sollen d'Aarbechtsplazen an der Stad am Joer 2020 op 180.000 klammen. D'Zuel vun den Awunner awer nëmmen op 125.000.

D'LSAP kritiséiert, datt d'blo-gréng-Majoritéit keng Volontéit hätt, fir dës Schéier ze reduzéieren. Wann d'Wirtschaft sech sou géif entwéckelen, da misst de Logement "gepusht" ginn, sou den LSAP-Conseiller Marc Angel am Face-à-face mam DP-Schäffe Patrick Goldschmidt.

Dee liberale Politiker ass der Meenung, datt d'Nopeschgemenge mat misste consideréiert ginn, wann een d'Verhältnis vum Wunnraum zum Bureausraum kuckt. Da géif déi Schéier zwëschent Aarbechtsplazen an Awunner net ausernee goen.

Ze kuerz Reaktiounszäit?

2014 wieren d'Biergerinnen a Bierger eng éischte Kéier an d'Ausschaffe vum PAG mat abezunn ginn. Dat wär och gutt verlaf a wär kee "Frontalunterrecht" vum Schäfferot gewiescht, sou de Marc Angel. Hie kritiséiert awer, datt vun deem Input net genuch an den Dokumenter, déi elo virleien, erëmzefanne wär.

Vum 20. Juni u kënnen d'Leit aus der Stad ee Mount laang op de Bebauungsplang reagéieren. An den Ae vun der Oppositioun ass dat net laang genuch. Fir de Plang elo am Detail ze verstoen, wieren d'Awunner an d'Politik awer nach net genuch informéiert ginn, sou de Marc Angel.

"Jiddereen ass haaptsächlech drun interesséiert, wat u senger Proprietéit an a sengem Quartier geschitt," reagéiert de Patrick Goldschmidt. Et kéint ee bal net besser informéiert ginn, wéi an der Stad Lëtzebuerg. De Schäfferot géif awer elo déi néideg Moyenen zur Verfügung stellen, fir Froen a Reklamatioune vun de Biergerinnen a Bierger perséinlech ze beäntweren. Där Meenung ass och de Marc Angel.

"Fassadismus" an der Aler Avenue

Och d'LSAP wäert Reklamatiounen erareechen. Als konkret Beispill nennt de Marc Angel déi Al Avenue. Dat wär ee "fakë" Quartier sensible. De Projet géif virgesinn, datt hannert de Fassaden aacht bis néng Stäck héich kéint gebaut ginn. "Dat ass Fassadismus, an dat ass eng Vue vum Urbanismus an der Architektur, déi eis net gefält."