Radioen

On air

Resonanzen  |  Josef Myslivecek - Concerto fir Cello an Do Majeur, III. Tempo di minuetto - Wendy Warner (Cello), Camerata Chicago, Drostan Hall (Dir.)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi eng Investitiounspolitik?

Staatsbudget 2017

Wéi eng Investitiounspolitik?

D’Budgetsprevisioune weisen an der Regel héich Investitiounen un. D’Land soll den Androck vermëttelt kréien dass de Staat bereet ass a Wuesstem an an d’Zukunft z’investéiert. Meeschtens gëtt awer manner investéiert, wéi virgesinn. Sinn d'Investissementer zënter 2014 wierklech op engem historeschen Niveau, wéi de Pierre Gramegna et a senger Budgetspresentatioun fir 2017 gesot huet?

auto_stories

5 min

De Budget gouf den 12. Oktober deposéiert. Foto: CHD

Zënter 2014 géifen d'Investissementer konstant an d'Luucht goen, huet de Finanzminister bei der Presentatioun vum Budget fir 2017 betount. "2017 léie si honnert Millioune méi héich wéi 2016, wat scho selwer ee Rekordjoer war." Och 2018 an 2019 sollen d'Investissementer weider eropgoen an op engem héijen Niveau bleiwen, sot de Pierre Gramegna a senger Budgetsried.

Et géif awer net duer goen, fir eng absolut Zuel ze nennen, mengt den CSV-Deputéierte Gilles Roth. Vill méi missten déi geplangten Investissementer vum Staat par rapport zum Bruttoinlandprodukt vum Land gekuckt ginn. Dat géif d’Zuele relativéieren, esou den CSV Deputéierten.

Historesche Rekord?

Déi Rekordinvestissementer vun 2 Milliarden, 362 Milliounen déi am Budget fir 2017 virgesi wiere géife 4,3 bis 4,4 Prozent vum PIB ausmaachen, rechent de Gilles Roth. Esou gesi wieren d'Investissementer net méi héich, wéi si an de Joren 2011 an 2012 gewiescht wieren. "Well 2012 sinn och am Verglach zum Bruttoinlandprodukt 4,3 Prozent vun där fréierer Regierung investéiert ginn."

Trotzdem huet Finanzminister Pierre Gramegna a senger Ried zum Budgetsprojet fir 2017 vun historesch héijen Investissementer geschwat. De President vun der Finanz- a Budgetskommissioun Eugène Berger seet dozou, datt zënter der blo-rout-grénger Koalitioun all Joer méi Investissementer gemaach gi wieren. "An där Period an där mir d'Méiglechkeet haten, d'Akzenter ze setzen, si mir par rapport zu eiser Aktioun op engem Rekordniveau."

"Engem Eskimo, e Frigidaire"

Am Budgetsprojet géifen d'Investissementer guer net méi a Prozenter par rapport zum PIB ugewisen, kritiséiert de Gilles Roth. Den CSV Deputéierte schwätzt vun engem Manktem un Transparenz. Dat geséich een dorunner, datt d'Presentatioun vum Budget a grousse Linnen déi selwecht wier, wéi ënnert dem Luc Frieden. Beim fréiere Finanzminister wieren d'Investissementer awer ëmmer a Relatioun zum PIB opgefouert ginn. "Déi Zeil feelt beim Här Gramegna", ënnersträicht de Gilles Roth. "Et ass porte à faux mat der kopernikanescher Revolutioun, déi den Här Gramegna wëll mat sech verënnerlechen. Wann ee kuckt ass et méi, wéi wann hien engem Eskimo géif ee Frigidaire verkafen."

An hirem Avis iwwert de Budgetsprojet 2015 hat de Rechnungshaff ee Manktem un Informatioune kritiséiert. Et géif u Wourecht a Richtegkeet vun den Zuele feelen an et wier onméiglech fir eng konkret Analys duerchzeféieren, huet et geheescht. Dat géif ee besonnesch un de "gréngen Investissementer" mierken, fënnt de Gilles Roth. D'Regierung géif soen, si wéilt 2017, 617 Milliounen an d'Ëmwelt an an de Klima investéieren. Et misst een awer kucken, ob déi Investissementer produktiv wieren, mengt den CSV-Deputéierten. "Well wann ech investéiere fir Klimaziler z'erreechen op anere Plazen op der Welt, da bréngt dat net onbedéngt der Lëtzebuerger Ekonomie eppes."

Dem President vun der Budgets- a Finanzkommissioun Eugène Berger no wier dat net aussergewéinlech. D’Projete géifen elo no an no an den zoustännege Komissioune presentéiert ginn. Da géif doriwwer diskutéiert ginn.

Ginn d'Investitioune realiséiert?

Zënter Jore gëtt et een Ënnerscheed zwëschent Budgetsprevisiounen a Realitéit. An der Moyenne leien déi geplangten Investissementer ënnert de realiséierte Projeten. An hirem Rapport iwwert de Compte géneral 2015 an awer och deem vun 2013, huet d’Cours des comptes een Ecart zwëschent dem Budgetsprojet an dem wat wierklech realiséiert gouf festgestallt. Dat géif doru leien, datt deels a Saache géif investéiert ginn, déi souwisou schonn néideg waren, erkläert den David Wagener, Deputéierte vun déi Lenk. Ee Beispill wieren d'Kläranlagen, wou Lëtzebuerg schonn ee groussen Ecart hätt an dofir och scho vun den EU-Institutioune bestrooft gi wier. Dernieft géifen et dem David Wagener no Investitioune wéi den Tram ginn, déi sech iwwert eng méi laang Zäit géifen zéien a vill Sue géifen ausmaachen.

Problemer bei Ausschreiwungen oder bei Chantiere kënnen iwwerdeems Retarde provozéieren. Deemno weess een net, ob déi Zomm, déi am Budget steet, och tatsächlech realiséiert gëtt.

De Gilles Roth betount, et géif net anescht geschafft ginn, wéi ënnert der viregter Regierung. Hie behapt, déi héich Investissementer wieren och dofir do, datt de Finanzminister Enn 2017 den Defizit méi niddereg kéint halen, wéi en elo virgesi wier.

Dem Eugene Berger no wier et keng Lëtzebuergesch Spezialitéit d'Previsioune méi héich unzesetze wei et an der Realitéit méiglech wier. Et wier ee frou, wann een déi 2,3 Milliarden Euro d'nächst Joer ausginn hätt. Vläicht géif een déi Zomm net erreechen, vläicht bréicht een nach méi Suen. An anere Länner géif dat selwecht fonctionnéieren. "Et setzt ee sech ëmmer Ziler am Budget a kuckt fir d'Projete virun ze dreiwen." Et wier dem Eugène Berger no een Ausdrock vu politeschem Wëllen, datt ee kloer géif soen, wou een d'Akzenter wéilt setzen.

Budgetsobjektiv

Eng Méiglechkeet fir méi reell Zuelen am Budgetsprojet ze realiséiere wier d’Methode vum Budgetsobjektiv esou den LSAP Deputéierte Franz Fayot. Ähnlech wéi beim franséische Cadre budgétaire géif et beim Budgetsobjektiv dorëm goen, sech fir all Posten Objektiver ze setzen. "Wou een da ganz präzis probéiert, dat ze budgetiséierten an da mat Indicateure kuckt ob een op där richteger Trajectoire läit, fir d'Objektiver z'erreechen." Am Finanzministère géif un där Method geschafft ginn, esou de Franz Fayot. Mee och déi Method wier net einfach iwwerall unzewennen.