Radioen

On air

De Moien  |  Tensnake - Sunshine Feat. Panama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi eng Kierch gehéiert wiem?

Kierchefabriken

Wéi eng Kierch gehéiert wiem?

Ee Joer laang huet d’Gemeng Lëtzebuerg recherchéiert, fir erauszefannen, wie Proprietaire vun de Kierchegebaier ass, d'Gemeng oder d’Kierchefabriken. D’Analys wier elo ofgeschloss, heescht et vu Säite vun der Gemeng. Net jiddereen ass mam Resultat averstanen. Wie soll fir den Ënnerhalt vun de Kierche bezuelen?

auto_stories

5 min

Virun engem Joer war en Accord tëscht dem Staat an der kathoulescher Kierch iwwert eng nei Konventioun fonnt ginn. An deem Accord gouf ënnert anerem festgehalen, datt d’Kierchefabriken den éischte Januar 2017 sollen ofgeschaaft an an Zukunft duerch e Spezialfong ersat ginn. Virun engem Joer huet dofir d’Gemeng Lëtzebuerg zesumme mat de Kierchefabriken decidéiert, d‘Propriétéitsverhältnisser vun de Kierchegebaier kloer ze stellen. "Eng Benediktiner-Aarbecht", erkläert d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer. Et hätt ee missen d'Dokumenter an den Archiven duerchgoen. "Do geet ee mat Momenter zréck iwwert honnert Joer."

D'Gemeng ass meeschtens Proprietaire

Als Beispill nennt d'Lydie Polfer d'Kierch um Lampertsbierg. Déi wier op engem Terrain gebaut ginn, deen d'Stad Lëtzebuerg der Famill Soupert-Notting ofkaaft hätt. D'Kierch wier no de Pläng vum Nicolas Petit, dem Architekt vun der Stad Lëtzebuerg vum Achille Giorgetti gebaut ginn. "Dat sinn nach alles Nimm, déi nach haut e wichtege Rôle an der Stad Lëtzebuerg spillen", fënnt d'Lydie Polfer.

Alles an allem ginn et an der Stad Lëtzebuerg 19 Kierchefabrike mat 23 Kierchegebaier. D’Analysen hätte bewisen, datt d’Gemeng Lëtzebuerg vun alle Gebaier Proprietaire wier. Bis op zwee Stéck, d'Kapell um Glacis an d'Kapell um Kierchbierg.

Kee vollt Vertrauen

Anescht wéi d’Gemeng et behaapt, wieren d’Recherchen nach net ganz ofgeschloss, esou de Paschtouer vu Gaasperech an Hollerech, Romain Kroeger. Hollerech wier am Géigesaz zu Gaasperech eng al Par. Dofir misst nach méi recherchéiert ginn. D'Gemeng hätt eng gutt Aarbecht gemaach, seet de Romain Kroeger, "mee si ass nach net komplett." Et wier een am gaangen, selwer ze recherchéieren, fir d'Informatioune kënnen zesummenzeleeën. "Fir datt ee kann eng Decisioun huelen, déi och den Tatsaache gerecht gëtt", seet de Romain Kroeger.

Während de Recherchen an Analyse gouf ee Rapport gemaach, dee bis ewell 15 vun de 19 Kierchefabriken ënnerschriwwen hätten, erkläert d’Lydie Polfer. Zwou weider Fabrike sollen dat demnächst maachen. Gaasperech an Hollerech awer refuséieren, z'ënnerschreiwen.

De Romain Kroeger ass Paschtouer vun de béide Kierchen. Zu Gaasperech wier ee mësstrauesch gewiescht. "Net wéinst de Proprietéitsverhältnisser u sech, well déi si kloer." Mee et hätt een sech d'Fro gestallt, firwat déi Recherche gemaach gi wier a wat mat den Informatioune géing geschéien. "Déi gi jo net einfach an e Raum gestallt, mee do ass iergendeng Zilsetzung hannendrun. Mir wollten eis net virun d'Kar spane loossen."

Gemeng oder Fong?

Fir d'Gemeng Lëtzebuerg sinn d'Propriéteitsverhältnisser awer kloer. Wéi geet et elo weider? Et misst gekuckt ginn, wéi e Statut wéi eng Kierch géing kréien, seet dozou d'Lydie Polfer. Sollen d'Kierche bei der Gemeng Lëtzebuerg bleiwen, da misst d'Gemeng och fir den Ënnerhalt opkommen. Géinge si an de Fong iwwergoen, da misst de Fong dofir opkommen.

D’Lydie Polfer wier oppe fir all Proposen, déi d’Kierchefabrike géinge maachen. An engem nächste Schrëtt géing d'Stater Buergermeeschtesch mat de Kierchefabriken iwwert deenen hir Wënsch schwätzen.

D'Lydie Polfer plädéiert dofir, datt d’Kierchen an der Gemeng Lëtzebuerg fir hiren Zweck erhale bleiwen. D’Gemeng kéint och decidéieren, hir eege Kierch an de geplangte Kierchefong ze ginn. Da misst allerdéngs eng Konventioun tëschent der Kierchefabrik an der Gemeng gemaach ginn.

"Dat ass awer keng Sécherheet op laang Siicht" seet dozou de Romain Kroeger. Hie fënnt, et wéilt een d'Kierch futti maachen.

Neie Stéchdatum

D’Konventioun tëscht dem Staat an dem Bistum hat fir d’Verhandlungen de Stéchdatum vum 31. Dezember fest geluecht, fir ze decidéieren, wéi eng Kierchegebaier d’Gemenge behalen a wéi eng bei de Fong ginn. Iwwert eng Circulaire huet den Inneministère d'Gemengen elo opgeruff, dat bis den 1. Oktober ze maachen.

En onrealisteschen Datum, do si sech d’Stater Buergermeeschtesch an de Gaasperecher Paschtouer eens. "Eppes wat iwwer Joerhonnerte gewuess ass, datt kënnt Dir net an dräi Méint quëtschen", fënnt de Romain Kroeger. Och de President vum Gemengeverband Syvicol, den Emile Eicher hat viru kuerzem um radio 100,7 gesot, datt dësen Datum net realistesch wier.

Dem Lydie Polfer no hätt den Dan Kerch an Tëschenzäit awer gesot, den Datum vum 1. Oktober wier net bindend.

Gedeelte Meenungen

Bis ewell hätten d’Negociatiounen iwwert de Statut vun de Gebaier nach guer net ugefaangen, esou d'Lydie Polfer. Et wier just ëm d’Fakte gaangen. Et wier nëmme versicht ginn, alles zesummenzedroen. "Fir einfach emol ze klären: wéi sinn d'Proprietéitsverhältnisser."

De Romain Kroeger ass domat net averstanen. "Et huet fir d'éischt geheescht, de Rapport hätt näischt mat eventuelle politeschen Iwwerleeungen ze dinn", seet de Paschtouer vu Gaasperech an Hollerech. Wéi d'Diskussiounen ofgeschloss gi wieren, hätten d'Kierchefabriken de Rapport zougestallt kritt. "An do stoung schonn am Titel dran, en Vue vun der Reform vun der Legislatioun. Dat war am Virfeld net gesot ginn."

Am September sollen sech d’Kierchefabriken an d'Gemeng Lëtzebuerg treffen. Do soll dann, éier d'Gesetz gestëmmt ass, doriwwer diskutéiert ginn, wéi eng Kierchen an de Fong kommen a wéi eng bei der Gemeng Lëtzebuerg bleiwen. D'Lydie Polfer ass sech sécher, datt do déi richteg Léisung fonnt wäert ginn, fir d'Geschicht vun der Stad Lëtzebuerg z'erhalen.