Radioen

On air

Kultur um 5  |  Laura Marling - Nothing, Not Nearly

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "LSAP muss sech Gedanke maachen"

Riicht Eraus

"LSAP muss sech Gedanke maachen"

D'Sondage vun de leschten Deeg géifen eng kloer Sprooch schwätzen, seet den OGBL-President, deen sech wënscht, datt d'Relatiounen tëscht senger Gewerkschaft an der sozialistescher Partei besser wieren. Méi optimistesch ass den André Roeltgen, wat d'Zukunft vum Sozialdialog ugeet.

Christiane Kleer

auto_stories

5 min

Den André Roeltgen ass zanter Dezember 2014 President vum OGBL

D'Resultater vun de rezente Sondagë géifen hien net iwwerraschen, verwonnert wier hie just iwwer d'Ausmooss vun de schlechte Resultater fir déi aktuell Regierungskoalitioun an der rezenter Tageblatt-Sonndesfro. Déiselwecht Zeitung hat an deem Kontext geschriwwen, d'LSAP hätt en "historesche Feeler" gemaach andeems si sech vun der LSAP distanzéiert hätt. Déi Analys wier "net falsch", seet den André Roeltgen. D'LSAP misst sech "Gedanken iwwer hir sozialpolitesch Ausriichtung maachen", sou de Gewerkschaftspresident. Wat d'Relatioun mat der sozialistescher Partei wier, sou géif hien sech wënschen datt déi besser wier.

Dat heescht awer net, datt den OGBL bereit, virun de Wahlen 2013 opgeruff ze hunn, géint d'CSV ze wielen. "Mir sinn net zefridde mat der Regierungsaarbecht, mee och net mat där vun der gréisster Oppositiounspartei", seet den André Roeltgen. Et géif een och bei der CSV net mierken, datt et eng aner Politik géif gi wéi vum "Spueren a vun der Austeritéit".

"Soziale Fortschrëtt heescht Inegalitéiten ofbauen"

Iwwer déi läscht Joeren, wier et stänneg zu Sozialofbau komm. Dat ass och ee vun de Grënn firwat eng sozial gerecht Steierreform wichteg ass, seet den OGBL-President. "Soziale Fortschrëtt heescht Inegalitéiten ofbauen an domat fir Steiergerechtegkeet suergen. Dovun si mer awer de Moment wäit ewech", seet den André Roeltgen. Seng Haaptfuerderunge fir déi zukënfteg Reform: Steiererliichterunge fir d'Kafkraaft vun de Stéit mat klengem a mëttlerem Akommes erëm ze stäerken an eng méi konsequent Besteierung vun de Betriber, mee och vu Revenuë vun Dividenden, Aktien an Zënserträg.

An deem Kontext wier et och falsch, wann der Regierung "aus wahltaktesche Grënn", zum Beispill vun enger CSV, eng Kadospolitik géif virgeworf ginn a Saache Steierreform.

Kris vum Sozialdialog?

Wat d'Zukunft vum Sozialdialog ugeet, sou ass den André Roeltgen éischter optimistesch. A Gremien wéi dem Wirtschafts- a Sozialrot (CES) géif deen eigentlech gutt fonctionnéieren. Et hätt een zum Beispill am Dossier Fiskalitéit gutt zesummegeschafft. An d'Bipartitte wieren keng "Léisung fir Zukunft".

Den OGBL-President verstoppt awer net, datt et Tensioune mam Patronat gëtt. Och zanter dem Regierungswiessel géif Patronat "stänneg Attacken" maachen, wéi zum Beispill ufanks géint den Indexsystem. An och am Dossier iwwert eng Flexibiliséierung vun den Aarbechtszäite wier een sech net eens. Effektiv suergt d'Erneierung vum sougenannte PAN-Gesetz (Plan national pour le développement de l'emploi) fir Diskussiounen tëscht de Sozialpartner. D'Patronat wërft de Gewerkschaften ënner anerem vir "ze dreemen". 

Ee Sträitpunkt ass hei d'Fuerderung vum OGBL vun enger gesetzlecher sechster Congéswoch. D'Gewerkschaft gesäit dat als Kompensatioun fir de Ruff vun de Patronen no méi flexibelen Aarbechtszäiten. Hien kéint verstoen, datt d'Patronat iwwert déi sechst Congéswoch "net begeeschtert" as. Mee: "Mir hunn iwwer d'Kollektivverträg schonn op ville Plaze Moyennë vu Congéen déi méi héich si wéi déi gesetzlech fënnef Wochen. Do wou keng Kollektivverträg besti soll iwwer d'Gesetz eng sechst Congéswoch kommen, als Konterpartie zu méi variabelen Aarbechtszäiten", fuerdert den André Roeltgen. 

"Ech si gär stur"

Datt de Sozialdialog de Moment awer a Schwieregkeete stécht wier kee renge Lëtzebuerger Problem. Och um europäeschen Niveau wier dat eng Realitéit. "Duerch méi Inegalitéiten, Loundumping a Fiskaldumping ass de Kader net propice fir de Sozialdialog insgesamt" seet de President vum OGBL. An d'Sich nom Konsens kéint just fonctionnéieren, wann et déi néideg "Schnëttmengen" géife ginn tëscht de Sozialpartner. "D'Patronat seet mir wiere stur. Mee ech si gär stur wann et drëm geet, den Index an d'Sozialleeschtungen ze verteidegen", sou den André Roeltgen.

D'Duerstellung, hien wier e méi haarden Negociateur wéi säi Virgänger, de Jean-Claude Reding wollt den André Roeltgen awer sou net stoe loossen. Wat zielt wier d'Ausriichtung vun de Verhandlungen, a vun der Ausriichtung hier géif hien sech "net allze vill" vu sengem Virgänger ënnerscheeden.

Eenheetsgewerkschaft trotz Kritik um LCGB

Wat d'Relatioune mam LCGB ugeet, sou géifen et do eigentlech keng Tensioune ginn. Den Dossier Cargolux géif a dobäi net zielen, well den LCGB sech do een "Selbstgol nom anere geschoss" hätt. Doriwwer eraus hätt den LCGB bei der Cargo-Gesellschaft e "falschen Trick" probéiert bei de Sozialwahlen 2013. Deen "Trick" hätt dora bestan, datt d'Gewerkschaft zwou Lëscht opgestallt huet, eng Lëscht mat Piloten an eng aner mat Buedempersonal. "Den LCGB hat eigentlech keng Majoritéit, mee wollt sech esou eng Majoritéit verschafen", sou den André Roeltgen.

Trotzdem plaidéiert den OGBL-President weider, grad wéi säi Virgänger, fir eng Eenheetsgewerkschaft. "Eng Eenheet géif d'Cause vun de schaffende Leit besser weiderbrengen, eng zerplittert Gewerkschaftswelt schwächt déi schaffend Leit", sou dem André Roeltgen seng Positioun. Och op Patronatssäit géif et, zum Beispill iwwer d'Union des entreprises luxembourgeoises (UEL) och eng ëmmer méi staark Konzentratioun vun den Interessevertriedunge ginn. D'Gewerkschafte missten do nozéien.  

Vill Leit an de Betriber hätten och de Wonsch vun enger eenheetlecher Zesummenaarbecht. Déi kéint awer just fonctionnéiere wann een an esou enger Organisatioun kéint majoritär Decisiounen huelen. "Dat heescht net, datt d'Leit all nëmmen enger Meenung musse sinn. Dat ass och am OGBL net sou: ech sinn do net deen, deen alles ze decidéieren hätt", seet den André Roeltgen. Dem OGBL-President no féiert kee Wee laanscht d'Eenheetsgewerkschaft, "egal wéi laang et dauert".