Radioen

On air

Tockcity  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi grouss ass de Risiko vun enger Immobilie-Blos?

Immobiliemarché

Wéi grouss ass de Risiko vun enger Immobilie-Blos?

Den EU-Systemrisiko-Rot warnt Lëtzebuerg. Déi héich Immobiliepräisser an d'Verschëldung kéinten ee Risiko duerstellen. D'Situatioun wier gréisstendeels ënner Kontroll, reagéiert d'Politik.

auto_stories

3 min

Illustratioun: Bigstock / Flynt

Déi ganz héich Immobiliepräisser an d'Hausse vun der Verschëldung vun de Stéit wiere mëttelfristeg e Risiko fir de Grand-Duché. Déi Warnung koum e Méindeg vum EU-Systemrisiko-Rot. Lëtzebuerg a siwen aner EU-Staate goufe wéinst Vulnerabilitéiten am Secteur vun de Wunnimmobilien gewarnt.

D'Entwécklungen an dësem Beräich kéinte signifikativ Implikatioune fir d'Finanzstabilitéit a seriö negativ Konsequenze fir d'Real-Wirtschaft hunn, heescht et an der Analys. Lëtzebuerg wier mat enger staarker Nofro no Haiser an Appartementer konfrontéiert a gläichzäiteg mat Limitatioune bei der Offer un Immobilien.

Déi Lëtzebuerger Autoritéite géife vigilant bleiwen a si hätte scho präventiv Mesurë geholl, fir de potentielle Risiko ze reduzéieren. Dat huet de Finanzminister Pierre Gramegna dem EU-Systemrisiko-Rot an engem Bréif geäntwert.

Risiko "gréisstendeels ënner Kontroll"

Dem CSV-Deputéierte Laurent Mosar no géif de Lëtzebuerger Immobiliesecteur nëmmen e ganz limitéierte systemesche Risiko duerstellen. Dee Risiko bestéing, e wier awer gréisstendeels ënner Kontroll, sou sengersäits den LSAP-Deputéierte Franz Fayot. D'Banken zu Lëtzebuerg wiere robust. Ënner anerem dowéinst wieren d'Gefore gréisstensdeels ënner Kontroll.

Duerch déi héich Demande um Immobiliemarché, eng limitéiert Offer an doduerch héich Präisser an eng héich Verschëldung bei de Keefer, géifen et awer wuel e Risiko fir Lëtzebuerg ginn, sou de Franz Fayot. "Deen ass kombinéiert mat engem Environnement vun nidderegen Interêten, wou vill Leit een Taux variable huelen. Et besteet och ee Risque, wann d'Zënsen eng Kéier erop ginn, datt eng Partie Leit Schwieregkeete kréien, fir hire Prêt zréckzebezuelen."

Dem CSV-Deputéierte Laurent Mosar no misst méi kloer gesot ginn, datt an Zukunft manner Bierger wéi de Moment, Immobilie-Besëtzer kënne ginn. Et misst méi op aner Formen, wéi d'Locatioun oder Deelproprietéite gesat ginn.

Fixen amplaz variabelen Taux

Donieft missten d'Bierger - wa si dann een Haus oder eng Wunneng kafen - méi staark dozou bruecht ginn, fir dee fixen Taux bei hirem Prêt ze wielen. D'Regierung sollt d'Leit dozou encouragéieren, sou de Laurent Mosar. "Domat gëtt de Risque systémique fir eis Banke méi kleng. Mee haaptsächlech gëtt de Risiko vun all eenzele Bierger méi kleng. Well hie weess jo dann iwwer 10-15 Joer, wat seng gesamt Zënslaascht ass."

Bis elo wier d’Politik an dësem Beräich nach ni aktiv ginn, stellt den LSAP-Deputéierte Franz Fayot fest. Et hätt een de Banken d'Fräiheet gelooss, fir hire Geschäftsmodell ze definéieren en Fonction vun de Besoine vun hirer Clientèle.

De Franz Fayot erënnert drun, datt déi niddreg Zënsen aus de leschte Jore mat Risike verbonne wieren. D'Banke wiere gefuerdert, fir d'Leit doriwwer z'informéieren an hinnen net iwwert hir Mëttelen eraus Suen ze léien.


Lauschtert de Bäitrag vum Serge Kesseler vum 1. Dezember

Reaktiounen op Warnung Systemrisiko-Rotplay_arrow