Radioen

On air

Espresso Beats  |  Alvvays - Adult Diversion

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Wéi no enger Apokalyps"

Baton Rouge

"Wéi no enger Apokalyps"

Zu Baton Rouge am US-Staat Louisiana gëtt opgeraumt. 13 Mënsche si bei de schwéieren Iwwerschwemmunge Mëtt August ëm d'Liewe komm. Ronn 60.000 Haiser goufe beschiedegt. Wéi ginn d'Awunner mat dëser Situatioun ëm? De Philip Crowther war op der Plaz.

auto_stories

3 min

Op de Stroosse vu Baton Rouge sinn Hëllefsgidder verdeelt ginn.

D'Leveda Marcia Purnell zitt e grousse bloe Plastik-Container iwwert d'Strooss virun hirem Haus. Si krut dee vun enger Camionnette vum amerikanesche Roude Kräiz, déi an der Ëmgéigend vu Baton Rouge den Tour mécht. An de Virgäert leie Meter héich Kéip vu Miwwel, Teppecher an aner Objeten. Déi musse geschwënn fort. Et fänkt u schlecht ze richen an ze faulen. Vum Roude Kräiz krut d'Levada Marcie Purnell déi néidegst Saachen. "Mol kucken, ech krut Waasser, Drecksback, Clorox, e Spray géint d'Moustiquen, eng Mask, e Puer Händschen ...

An hirem Haus ass eng kleng Arméi vun Aarbechter am Gaange mat Schaffen. Et schéngt, wéi wa si dobäi wieren, dem Marcia hiert ganzt Doheem auserneen ze huelen. Mee si huet entscheet, dës Zerstéierung positiv ze gesinn. "Mir maachen de Wee fräi fir eppes Neits."

"Et war wéi nom Krich"

D'Leit aus dem Staat Louisiana hu scho vill duerchgemaach. Hir Reaktioun op dat déidlecht Héichwaasser schéngt systematesch. Si hunn den Hurrikan Katrina virun eelef Joer iwwerlieft. Am nërdlechen Deel vu Louisiana gouf et am Abrëll schonn en déidlecht Héichwaasser.

De Samuel Ricciuti an d'Salima Bouaranour

De Samuel Ricciuti ass Franséischproff an huet fréier zu Lëtzebuerg gewunnt. Fir hien ass et déi éischten Naturkatastroph, déi hie mat erlieft. D'Schoul an där hie geschafft huet, ass zerstéiert a bleift, wéi vill aner Schoulen, zou. "Ech hu Fotoe vun der Schoul gesinn, op deene si komplett iwwerschwemmt ass. Op enger setzt den Direkter virum Gebai an engem Boot. Et mécht mech traureg dat ze gesinn, et ass déi eelsten onofhängeg Schoul vu Baton Rouge."

D'Schoul stoung ënner Waasser

Hien a seng Fra, d'Salima Bouaranour vergläichen d'Stad no der Katastrof mat enger Stad no engem Krich. "Den éischten Dag no den Iwwerschwemmunge war et, wéi no enger Apokalyps." D'Stroosse wiere voll gewiescht mat Knascht a Miwwelen an aner Objeten aus den Haiser. An deenen Haiser wunnt dëser Deeg kee méi.

Eng Plaz fir ze schlofen

Vill vun de Leit, déi hu missen hiert Doheem verloossen, sinn am "River Center" ënnerkomm. D'Rout Kräiz an d'Nationalgarde sinn hei responsabel. 1000 Leit wunnen do de Moment ënnert engem Daach. Si kéinte Baton Rouge net einfach verloossen, erkläert d'Ruth DeStefano vum Roude Kräiz. "Dës Léit hunn hir Wuerzelen hei. E puer hunn hir Aarbechtsplazen zu Baton Rouge. D'Kanner ginn hei an d'Schoul."

Am River Center hunn d'Leit eng Plaz fir ze schlofen

Eng Partie vun hinnen hu virun eelef Joer den Hurrikan Katrina iwwerlieft. Esou zum Beispill d'Stacey Mitchell, eng Mamm vun dräi Kanner: "Villes ass ähnlech. Dat eenzegt wat anescht ass, ass datt beim Katrina d'Waasser méi héich war." Deemools hunn och Dausende Leit sech misse virum Héichwaasser retten. Dës Kéier hunn der vill méi et gepackt.